Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

S.A.R. de Groussherzog zu Besuch beim Service Hygiène
Neiegkeeten

S.A.R. de Groussherzog zu Besuch beim Service Hygiène

Gëschter Mëtteg huet S.A.R. de Groussherzog Henri d’Ekipp vum Service

Verletzt China Mënscherechter?
Neiegkeeten

Verletzt China Mënscherechter?

Am US-Representantenhaus ass mat nëmmen enger Géigestëmm e Gesetz zum

Contournement: De Suessemer Gemengerot huet d‘Flënt an d‘Kar gehäit
Neiegkeeten

Contournement: De Suessemer Gemengerot huet d‘Flënt an d‘Kar gehäit

Jorelaang hunn sech d‘Volleksvertrieder am Suessemer Gemengerot géint de Contournementsprojet

Mat der Reprise vun den Aktivitéite kommen och Froen op

Handwierkerkummer mat engem wichtege Webinar fir d‘Handwierksbetriber

Mat der Reprise vun den Aktivitéite kommen och Froen op

Dat déi progressiv Relance vun de Wirtschaftsaktivitéiten eng ganz Rëtsch Froe mat sech bréngt, bleift sech net aus. Wéi ass mam Aarbechtsrecht ëmzegoen, ugesiichts de Noutstandsreegelen déi bestoend Recht amendéieren oder auswäiten?

Dat a vill aner Froe ginn an engem Webinar (dat ass ee Seminaire a Visiokonferenz), dee vun der Handwierkerkummer den 20. Mee vun 10 bis 12 Auer, a Kooperatioun mam Affekot, Maître Guy Castegnaro (Founding & Managing Partner du cabinet d’avocats CASTEGNARO – Ius Laboris Luxembourg) ugebuede gëtt, behandelt.

An dësem Webinar, deen aus zwee Deeler besteet, geet et fir unzefänken drëms drop hinzeweisen, wéi ee Spillraum d‘Patronen hunn, wann et ëm Flexibiliséierung vun der Aarbecht u sech geet, mee och wéi an ob een Aarbechtsverträg opléise kann.

Am éischten Dee gëtt sech de Méiglechkeeten zur Flexibiliséierung zougewennt, fir:

  • d‘Aarbechtszäiten ze amenagéieren;
  • d‘Modalitéite vun der Aarbecht ze änneren;
  • d‘Demande fir Congé ze geréieren.

Am zweeten Deel gëtt gekläert, wéi een unhand de bestoende Reegelen awer Leit entloosse kann:

  • wann de Salarié am Krankeschäin ass;
  • wann de Salarié an der Proufzäit ass;
  • wann de Salarié Congé aus familiäre Grënn huet;
  • wann de Salarié a Kuerzaarbecht ass.

Hei soll sech dann och mat der Fro beschäftegt ginn, wat et mat der Suspensioun vun den Delaien, dat am Kader vu kollektiven Entloossungen op sech huet. Am Uschloss un d‘Erklärunge vum Jurist ass et da méiglech seng Froen ze stellen. Aus organisatoresche Grënn ass de Webinar op franséisch (ouni Iwwersetzung). D‘Aschreiwung ass gratis, a wien sech hei wëll bedeelegen, muss sech online aschreiwen. De leschten Delai fir d‘Inscriptioun ass den 19. Mee 16 Auer!

Ähnlech Sujeten Aarbechtsrecht, Deconfinement, Guy Castegnaro, Handwierkerkummer, Licenciement, Reprise, Wirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel