Search

You may also like

Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
International Neiegkeeten

Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer

An den Hale vun der LuxExpo um Kierchbierg war iwwert

D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen
International Neiegkeeten

D‘Butschebuerger Buergfest begeeschtert d‘Massen

Fir d‘Dauer vun engem Weekend ass de Quartier „Boudersberg“ –

15 Start-up Entreprise selektionéiert
International Neiegkeeten

15 Start-up Entreprise selektionéiert

Ënnert dem Motto: „Start-ups vs Covid19“ hat de Franz Fayot

D‘USA hunn sech net op de Vereenten Natiounen duerchgesat kritt

Washington wollt eng Resolutioun zur sexueller Belästegung „verwässeren“

D‘USA hunn sech net op de Vereenten Natiounen duerchgesat kritt

E Méindeg ass et den USA net gelongen eng UN-Resolutioun ze verwässeren, bei där et ëm de Kampf kéint déi sexuell Belästegung an d‘Gewalt géintiwwer Frae gaangen ass. D‘USA goufen dobäi vu China, Indien, Russland, dem Vatikan an enger Rei moslemesche Länner, ënnerstëtzt.

D‘Trump-Administratioun wollt notamment hunn, datt e ganz Paragraph vun dëser Resolutioun – déi net verbindlech ass – sollt gestrach ginn. An dësem Paragraph ass et ëm den Accès zu Servicer vun der „reproduktiver Gesondheet“, engem sécheren Avortement, an dem Recht fir d‘Fraen op eng eegen Entscheedung am Bezuch op hir Sexualitéit, gaangen.

„Mir erkennen den Avortement net als Method fir Familljeplanung un, grad esou wéi mir den Avortement net an eise Servicer vun der reproduktiver Gesondheet zouloossen“, huet d‘US-Diplomatin Courtney Nemroff, uschléissend erkläert.

Frankräich an Holland haten d‘Verhandlungen zum Resolutiounsprojet gefouert. Deen huet fir déi éischte Kéier, dem Mouvement #MeeToo géinteniwwer stoend, och de Kampf géint déi sexuell Belästegung, mentionnéiert. D‘Resolutioun huet och hëtzeg Diskussioune mat sech bruecht.

E Schlag an d‘Gesiicht

Zwee Amendementer haten d‘USA virgeluecht. Alle béid si se vun enger Kommissioun vun der Generalversammlung verworf ginn. An Israel, d‘Land dat sech fir gewéinlech ëmmer den USA uschléisst, huet och dergéint gestëmmt, an huet d‘Positioun vun den Europäer ugeholl.

Lët‘z Say No

„Dës Amendementer, täusche mir eis net, si feindséileg“, iergert sech de franséischen Ambassadeur, François Delattre, deen ënnersträicht, datt d‘Termini déi am Resolutiounsprojet genotzt goufen, aus ratifizéierten Texter stamen. Esou wéi d‘Deklaratioun vu Peking, iwwer d‘Recht vun de Fraen. Se sollten deemno keen Diskussiounspunkt duerstellen.

Trotz dem Widderstand vun den USA, déi schonn emol wësse gelooss hunn, datt si den Text net wäerte matstëmmen, ass d‘Resolutioun vun der Kommissioun ugeholl ginn. En ähnlecht Manöver vun den USA, betreffend den Accès zu Servicer vun der reproduktiver Gesondheet fir Meedercher, war déi lescht Woch, am Kader vun enger Resolutioun zum erzwongene Bestietnes, gescheitert.

De franséischen UN-Ambassadeur huet sech mat Kritik géintiwwer den USA net zréckgehalen. Déi géifen sech op Positiounen aloossen, wéi se nëmme vu Regierungen ageholl ginn, déi „e gewësse Réckstand am Bezuch op d‘Rechter vun de Fraen hunn“. „Mir brauchen d‘USA am Kampf géint sexuell Belästegung, a Koherenz mat de Wäerter déi d‘USA ëmmer mat eis gedroen hunn“.

D‘USA si bedauernswäert

Laut UN-Diplomaten, entsprangen dës „Ustrengungen“ vun den USA dem Diktat vun den ultrakonservative Partisane vum Vizepresident Mike Pence, deen en erkläerte Géigner vum Avortement ass, an och keng Geleeënheet ausléisst datt oppen auszedrécken.

Zudeem muss drun er erënnert ginn, datt d‘Trump-Administratioun d‘lescht Joer opgehalen huet, e Beitrag an de „Fong vun de Vereenten Natioune fir d‘Bevëlkerung“ ze leeschten. Dëse Fong erlaabt et verschiddene Länner, vu Familljeplanung-Servicer gebrauch ze maachen.

Den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, huet e Méindeg de Lancement vun der „Orange Week“ annoncéiert. Eng Campagne zur Sensibiliséierung géint déi weltwäit Pandemie, déi d‘Gewalt géintiwwer Frae bedeit. Eng Campagne un där sech och Lëtzebuerg bedeelegt.

„Mir kënnen ni wierklech behaapten, datt mir an enger gerechter Welt liewen, esou laang wéi d‘Hallschent vun der Bevëlkerung, bestoend aus Meedercher a Fraen, net am Schutz virun Angscht, Gewalt an alldeeglecher Onsécherheet liewe kann“, esou den Antonio Guterres.

mat AFP

Related topics Fraen, Gewalt, Meedercher, Resolutioun, sexuell Belästegung, Sexuell Gewalt, USA, Vereenten Natiounen
Next post Previous post