Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Während dëser Zäit…
Neiegkeeten Sport

Während dëser Zäit…

Während de Finanzminister Pierre Gramegna vum 17. op den 20.

Den oppene Bréif un d‘Ambassade vun den USA a Russland
Neiegkeeten Sport

Den oppene Bréif un d‘Ambassade vun den USA a Russland

Nodeems et zu Lëtzebuerg no enger (laanger) Paus nees zu

What the Fakt – De Super-GAU vun Tschernobyl
Neiegkeeten Sport

What the Fakt – De Super-GAU vun Tschernobyl

Dëse Virfall gëllt als schlëmmsten Accident an der friddlecher Notzung

Méi Respekt fir d’Cyclisten – Flashmob um 24. Juni!

Méi Respekt fir d’Cyclisten – Flashmob um 24. Juni!

Wien an der Stad op de Vëlo als Verkéiersmëttel zeréck gräift, gëtt souwuel duerch déi desastréis Zoustänn vun de Vëlos-Weeër, sou wéi duerch den respektlosen Ëmgang tëscht Cyclist, Foussgänger an aner Persounen am Verkéier virun eng Erausfuerderung gestallt. Aus dësem Grond gëtt um 24. Juni, sou wéi un den zwee folgenden Deeg ee Flashmob zum Opruff fir méi Respekt gestart.

Duerch dës Aktioun soll de Verkéier um Mueren op eng friddlech Aart a Weis gestéiert ginn. Ab 7:30 Auer gëtt jeeweils fir ongeféiert 1 Stonn den Tour iwwert d’Route d’Arlon bis erof bei d’Rue des Romains gemaach an nees zeréck. Vun dësem Flashmob op zwee Rieder erwaarden sech d’Organisateuren, datt d’Qualitéit vun de Vëlos-Weeër verbessert ginn an a méi op d’Vëlo-Fuerer am Verkéier opgepasst gëtt. Heivir mussen déi zoustänneg Persoune vun der Gemeng adequat reagéieren.

Et erhofft ee sech, datt op mannst 20 motivéiert Cycliste pro Dag mat dobäi sinn. Natierlech ka gären all interesséiert Persoun nokommen. Den Treffpunkt ass bei der Gemeng zu Stroossen, moies um 7:30 Auer. Hei gëtt dann de genaue Wee, dee gefuer gëtt, méi genau erkläert. Sollt een ënnerhalb vum genannten Zäitraum keng Ännerungen erziele kënnen, wäerten d’Organisateure weiderhin zu den Haaptverkéierszäite mat Schellen, opfällegen T-Shirten a gemeinsamem Optriede versichen, fir Stéierungen ze suergen.

Weider Informatioune fannt Dir HEI.

Flashmob

Hannergrond

No diversen Diskussioune mat der Stroossener Gemeng, bei deenen Ufanks refuséiert ginn ass ee Vëlos-Wee a béid Richtungen opzemaachen, koum elo d’Äntwert, datt ee sech mam Ministère zesumme setzt, fir d’Sécherheet fir d’Cyclisten ze garantéieren. Soubal d’Autorisatioun kënnt, wäert een de Vëlos-Wee an der Rue des Romains opmaachen.

Nous sommes effectivement en train de demander les autorisations nécessaires auprès du ministère pour ouvrir la rue des romains dans les deux sens pour le vélo en écartant le bus de cette tranchée. Cette ligne de bus sera déviée sur la route d’Arlon.

Dès qu’on a cette permission (et oui il faut aussi une permission du ministère pour autoriser le vélo dans les deux sens) on va ouvrir la rue des Romains pour le vélo.

Je vous donne complètement raison qu’il est beaucoup dangereux d’empreinter la route d’Arlon que de rouler en sens inverse dans la rue des Romains. “

Trotz dëser positiver Äntwert wäert de Flashmob weiderhi stattfannen. Schliisslech geet et och generell ëm déi desastréisen Zoustänn vun de Weeër an der Stad Lëtzebuerg, ëm Autoen, Foussgänger a Chantieren déi de Wee blockéieren, sou wéi och domm Kommentaren a Beleidegungen am Alldag, wëll de Cyclist de Foussgänger „stéiert“.

De Vëlo gëllt als ekologeschst Verkéiersmëttel, woubäi de Cyclist vu Stau a Park-Problemer verschount gëtt an niewebäi och nach eppes fir d’Gesondheet mëscht.

Ähnlech Sujeten Cyclist, Flashmob, Route d'Arlon, Rue des Romains, Stad Lëtzebuerg, Stroossen, Vëlosweeër
Nächsten Artikel Virrechten Artikel