Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Käerjenger Chrëschtmaart – Vu Freides bis Sonndes op der Claus Cito Plaz
Neiegkeeten

De Käerjenger Chrëschtmaart – Vu Freides bis Sonndes op der Claus Cito Plaz

D’Gemeng Käerjeng invitéiert häerzlech op säin traditionelle Chrëschtmaart, deen an

F91 vs Olympiakos: Eng „schwiereg“ Renconter
Neiegkeeten

F91 vs Olympiakos: Eng „schwiereg“ Renconter

Wann ee bedenkt datt e sëllechen „Experten“ den Olympiakos Piräus

dislikesurprise
Wat soll dee Kaméidi?
Neiegkeeten

Wat soll dee Kaméidi?

Et gëtt do eng Saach, déi ech nach ni sou

Restaurant QoSQo: Déi latäinamerikanesch Wierz op der Plëss

Restaurant QoSQo: Déi latäinamerikanesch Wierz op der Plëss
© Martine de Lagardère/moien.lu
Restaurant QoSQo: Déi latäinamerikanesch Wierz op der Plëss
© Martine de Lagardère/moien.lu
Restaurant QoSQo: Déi latäinamerikanesch Wierz op der Plëss
© Martine de Lagardère/moien.lu
Restaurant QoSQo: Déi latäinamerikanesch Wierz op der Plëss
© Martine de Lagardère/moien.lu
Restaurant QoSQo: Déi latäinamerikanesch Wierz op der Plëss
De Pierre Scholer, Matbegrënner vu QoSQo © Martine de Lagardère/moien.lu
Restaurant QoSQo: Déi latäinamerikanesch Wierz op der Plëss
D'Isabelle Wagner, Matbegrënnerin vu QoSQo
Restaurant QoSQo: Déi latäinamerikanesch Wierz op der Plëss
D'Artistin Alex McKell © Martine de Lagardère/moien.lu
Restaurant QoSQo: Déi latäinamerikanesch Wierz op der Plëss
© Martine de Lagardère/moien.lu
Restaurant QoSQo: Déi latäinamerikanesch Wierz op der Plëss
© Martine de Lagardère/moien.lu

Modern, faarwefrou a perfekt ofgerënnt – Esou presentéiert sech de Restaurant QoSQo op der Place d’Armes. Mat der Erëffnung vu muer kënnt Dir Iech selwer ee Bild vun der familiärer Atmosphär, den ausgewielten Tapas a latäinamerikanesche Spezialitéiten, sou wéi frësch zoubereete Cocktaile maachen. No laange Preparatioune ginn elo Är Sënner gefrot!

No der Aweiung vum éischte Restaurant QoSQo um Kierchbierg weist d’Societéit Happy Mex S.A. sech méi wéi houfreg um Succès uknäppen an ee weideren Etablissement ënnert dësem Numm opmaachen ze kënnen. D’Ekipp ëm de Fred Locatelli, de Pierre Scholer an d’Isabelle Wagner, déi sech duerch jorelaang Erfarung als agespillten Team erweisen, proposéiert eng zäitgenëssesch latäinamerikanesch Kiche mat frëschen, regionale Produiten.

QoSQo

© Martine de Lagardère/moien.lu

„Mat der Néierloossung am Stadzentrum invitéiere mir de Client op eng kulinaresch Rees. Eis Produite gi mat Suergfalt ausgewielt, fir ëmmer dat Bescht unzebidden“, erzielt d’Isabelle Wagner, Chief Operational Officer a Matbegrënnerin. Den exklusive Konzept vu QoSQo iwwerzeegt dobäi, duerch déi raffinéiert Offer un Iessen a Gedrénks, mat där een all Alter unzéie wëll. Sozial Präisser fir Chili Con Carne, Quesadilla, Burrito a Co sinn dobäi ee richtege Pluspunkt.

Domat net genuch: Och un d’Vegetarier gouf geduecht. D’Menüskaart bitt eng richteg Panoplie u fleeschfräie Platen un, déi och de Karnivor mat Sécherheet iwwerzeegen. Ee Joerhonnert un Erfarung bréngt Geschéck mat sech, an dat beweist d’Team QoSQo net nëmmen um Teller, mee och bei der Ariichtung, déi duerch eng immens Diversitéit u Faarwen, d’Kombinatioun aus klasseschen a modernen Elementer, sou wéi eemolege Wandmolereien ervir stécht.

Bleiwe mir emol bei der Konscht – net bei der Konscht vum Iessen, mee dem artistesche Wierke mat Faarf a Pinsel – da sollt een déi schottesch Kënschtlerin Alex McKell net vergiessen. No zuelräiche Stonnen a präzisen Handgrëffer presentéieren d’Mauere vum QoSQo d’Wierker aus eegener Fieder. An och mam Ingenieur, dem Fred, huet ee sech ee kompetente Mann vum Fach gesicht: An 100 Deeg konnt duerch säi Geschéck d’Gebai no de Virstellunge vun der Ekipp ëmgebaut ginn.

QoSQo

© Martine de Lagardère/moien.lu

Ee Restaurant mat Chill-Lounge

Mat sengen 100 Plazen op zwou Etagen, wéi och weideren 100 Plazen op der Terrasse, gëtt de Client an een authenteschen a gemitterlechen Etablissement agelueden. Persoune mat reduzéierter Mobilitéit kënnen sech iwwregens och fräi am Restaurant beweegen – Rampen an ee Lift stinn zur Verfügung.

Fiert ee bis op déi zweet Etage erop, da kënnt een direkt an der sougenannter Chill-Lounge eraus. Barhockeren treffen op Canapéeën a lueden esou op een gesellegen Owend ënnert Kollegen an. Verspiert ee bei sengem erfrëschende Gedrénks ee klengen Héngerchen, esou kann een de Cocktail, de Rhum oder och säi Softdrink mat Tapas begleeden.

QoSQo

D’Chil-Lounge op der zweeter Etage © Martine de Lagardère/moien.lu

Hongereg ginn?

Fir dës Rees a Latäinamerika braucht ee kee Fluchticket, just e bëssi Zäit fir ze entspanen an ze genéissen. De Restaurant QoSQo mécht seng Diere muer op der Plëss (15, Place d’Armes) op. Säin eelere Brudder ass direkt beim Kino um Kierchbierg (45, avenue J.F. Kennedy) ze fannen. Weider Informatioune ginn et ënnert qosqo.lu. Mir wënschen ee gudden Appetit!

Ähnlech Sujeten Alex McKell, Burrito, Chili Con Carne, Chill-Lounge, Cocktail, Enchilada, Fred Locatelli, Gin, Happy Mex S.A., Iessen a Gedrénks, Isabelle Wagner, Kulinarik, Latäinamerika, Mexiko, Pierre Scholer, Place d'Armes, Plëss, QoSQo, Quesadilla, Restaurant, Rhum, Tapas
Nächsten Artikel Virrechten Artikel