Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Douanesgewerkschaft: Nach ëmmer kee legale Kader fir den Aussendéngscht an d’Aarbechtszäiten
Neiegkeeten

Douanesgewerkschaft: Nach ëmmer kee legale Kader fir den Aussendéngscht an d’Aarbechtszäiten

An enger Reunioun 2019 a Presenz vu Vertrieder vun der

Schonn Enn dës Jores mam Tram bis bei d’Gare – De François Bausch ass optimistesch
Neiegkeeten

Schonn Enn dës Jores mam Tram bis bei d’Gare – De François Bausch ass optimistesch

Gëschter huet de François Bausch, Vize-Premier a Minister fir Mobilitéit

Fräiheet a Sécherheet: Hu mir no 4 Méint Pandemie de Respekt verluer?
Neiegkeeten

Fräiheet a Sécherheet: Hu mir no 4 Méint Pandemie de Respekt verluer?

Bei der ëffentlecher Chambersitzung vun haut huet de Premier- a

Retour an d’Schoul, nëmmen ënnert enger Konditioun!

D’Gesondheet vu jidderengem, Schüler a Léierpersonal, muss garantéiert ginn!

Retour an d’Schoul, nëmmen ënnert enger Konditioun!

Zënter dem 16. Mäerz sinn d’Schoulen zou an d’Schüler goufen “iwwer Distanz” doheem vun hiren Enseignante begleet an ënnerriicht. Zoue Schoulen, also keng dagdeeglech, massiv Rassemblementer vu Leit, sollte jo niewent all den anere Mesuren, déi géint d’Pandemie geholl goufen, derzou bäidroen, d’Ausbreedung vum Coronavirus anzedämmen.

An enger Videokonferenz mat de Gewerkschaftsvertrieder vun APESS, FÉDUSE/EnseignementCGFP, SEW/OGBL an SNE/CGFP huet den Educatiounsminister, Claude Meisch, gëschter, de 15. Abrëll, annoncéiert wéi de Retour an d’Schoulen ausgesinn, a wéini jiddereen erëm an d’Schoul goe soll.

Déi weider Entwécklung vun der Pandemie wäert ons Opschloss doriwwer ginn, op dëse Plang kann eent zu eent ëmgesat ginn. D’Gewerkschafte si sech bewosst, dass d’Regierung, zesumme mat hire Beroder, intern Zeenarien huet missen duerchdenken. E Plang huet missen hier, fir esou eng Exit-Strategie, an domadder verbonnen, eng Oplockerung vun de Beschränkungen ze definéieren.

Mir zielen drop, dass d’Regierung sech op de Rot vun hiren Experte baséiert huet an deemno och déi richteg Decisiounen hëlt, besonnesch och wat de schrëttweise “Retour en classe”, notamment ënnert dem sanitären Aspekt, ubelaangt.

Mir wëllen dorobber hiweisen, dass d’Gesondheet vun der Bevëlkerung och beim geplangte schrëttweisen Deconfinement viru wirtschaftlechen Iwwerleeunge stoe muss. Nëmmen dat, wat vun de Gesondheetsexperten als ze veräntwerten ugesi gëtt, däerf och gemaach ginn.

Déi Jonk, och wa se manner a Gefor sinn, sinn net immun géint dëse Virus a bleiwe potenziell Vektore vun der Iwwerdroung. Et ginn och Schüler, déi zur Risikogrupp gehéieren, respektiv, déi Lëtzebuerg, den 16. Abrëll 2020 esou eng Persoun an hirer Famill oder hirem noen Ëmfeld hunn an duerfir op kee Fall dierfen dem Risiko vun enger Infektioun ausgesat ginn. All Altersgruppe sinn ënnert dem Léierpersonal vertrueden, an et ginn der och, déi eng fragil Gesondheet hunn oder zu der Grupp vun de vulnerabele Persounen zielen. D’Gewerkschafte begréissen d’Decisioun, dass déi Leit net mussen am direkte Kontakt mat de Schüler schaffen.

Schoul

Et bleiwen allerdéngs nach vill Froen op, wéi d’Exit-Strategie konkret am Enseignement ëmgesat soll ginn.

Wéi kënne mir sécherstellen, dass all d’Schüler an all d’Enseignante geschützt sinn? Kënne mir garantéieren, dass de “social distancing” ëmmer an iwwerall, grad ewéi d’Hygiènesmesuren an den eenzelne Gebaier, agehale ginn? Dat alles ëmzesetzen, schéngt eis besonnesch bei klenge Kanner am ganze Cycle 1 vun der Grondschoul net esou einfach ze sinn.

Aus sanitären Iwwerleeunge sollten d’Kanner aus dem Cycle 1 net a Gruppen an der Schoul versammelt ginn, duerfir misste fir déi Elteren d’Konditioune verlängert gi fir hir Kanner doheem ze betreien.

Et stelle sech och nach vill Froen, wéi Schoulhalen an alternéierende Schülergruppe konkret soll oflafen. Well den Enseignement secondaire virum Enseignement fondamental opgoe soll, wäerten eng ganz Rei Enseignanten am Secondaire, déi selwer Kanner hunn, Congé pour raisons familiales mussen ufroen a kënnen dowéinst net an d’Schoul goen. Hei stellt sech d’Fro, wéi séchergestallt soll ginn, dass trotz dësen onvermeidlechen Ausfäll de Schoulbetrib wäert kënnen um Lafe gehale ginn.

Och fir déi Enseignanten, déi selwer vulnerabel sinn, wäert mussen Ersatz fonnt ginn. Organisatoresch sinn och am Fondamental nach vill Detailer ze klären, zum Beispill beim verännerten Horaire an dem Zesummespill vu Schoul a Maison relais.

An de Méint no dëser Kris muss och eng psychologesch Opaarbechtung bei alle Betraffenen an der Schoul garantéiert ginn. Mir zielen drop, datt de Minister, wéi bis elo, och am schrëttweisen Deconfinement d’Ëmsetzung vun de Mesurë mat de Gewerkschaften ofstëmmt, zum Virdeel vum ganze Schoulsystem.

Fir d’Gewerkschaften ass awer kloer, dass d’Gesondheet vun der ganzer Bevëlkerung, also och all de Schüler an all den Enseignanten, absolut Prioritéit muss hunn. Do däerfen et keng Kompromësser ginn!

Ee gemeinsame Communiqué vun APESS, FÉDUSE/ Enseignement-CGFP, SEW/OGBL an SNE/CGFP

Ähnlech Sujeten APESS, CGFP, Coronavirus, Educatioun, Enseignant, Exit-Covid19, FÉDUSE, Gesondheet, Hygiène, Schoul, SEW-OGBL, SNE-CGFP, sozial Distanz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel