sedimentary sequence dating
Den 23. Juni 2016 ass schonn elo een Dag, den
Gëschter hat et eng nei Ronn zur Rettung vum iraneschen Atomofkommes ginn. De Meeting huet net zu engem Duerchbroch verhollef an Teheran wäert viraussiichtlech – obwuel et beim Treffen eng Rei Fortschrëtter soll ginn hunn – säi Wee weidergoen an zumindest partiell aus dësem Accord austrieden. Esou zumindest den iranesche Vizeausseminister Abbas Araghchi no der Sëtzung.
Hie geet net dovunner aus, datt déi beim Treffen um Sëtz vun der IAEA erziilte Fortschrëtter vun der Regierung zu Teheran als zefriddestellend gesi ginn. Den Iran bezweiwelt, datt déi vum Trio, Däitschland, Frankräich a Groussbritannien opgestallte Plattform „Instex“, déi den Handel mat de islamescher Republik fërderen a grondsätzlech vereinfache sollt, déi gesaten Ziler anhale kann.
De Problem fir d‘Ëmsetze vum Projet „Instex“: d‘US-Sanktiounen déi d‘Entreprise bedreeën, déi mam Iran Geschäftsbezéiungen ënnerhalen. D‘USA wëllen dem Regime d‘Finanzen entzéien, mat deem dësen Terrororganisatiounen ënnerstëtzt. Den Iran sengersäits muss sech weider op der Verkaf vu Pëtrol stäipen, well déi versprachen Investitiounen aus Europa net zustane komm sinn.
Elo huet den Abbas Araghchi d‘dier awer net hannert sech zougeschloen. Et soll – méiglechst kuerzfristeg – zu engem neie Meeting mat de verbliwwene Vertragspartner kommen. Trotzdeem muss domatter gerechent ginn, datt den Iran géint zwee Artikelen aus dem Vertrag verstousse wäert. Bis dohinner huet sech den Iran ëmmer strikt un d‘Atomofkommes gehalen…
mat indymedia/vie
Foto: Den Direkter vun der internationaler Amtomagence, Yukiya Amano bei der Entrevue mam iranesche Vizeausseminister Abbas Araghchi zu Wien. © IAEA