Lëtzebuerg huet eng positiv Kompetitivitéitsbilanz
Um Méindeg huet de Kompetitivitéit-Observatoire (ODC) d‘Resultater vum Bilan verëffentlecht.
Um Méindeg huet de Kompetitivitéit-Observatoire (ODC) d‘Resultater vum Bilan verëffentlecht.
Ah wann dat de „Generalissimo Francisco Franco“ mat eegenen Aen
Nom Erfolleg vun der digitaler Eemaischen gëtt elo och d’Oktav
Eleng dës Woch sinn (laut der IOM) op mannst 20 Mënsche beim Versuch iwwer d’Mëttelmier ze flüchten, erdronk. Schlëmm dorunner ass, datt Rettungsschëff Sea-Watch 4 nach ëmmer ënner fuedeschäinege Begrënnungen am Hafe vu Palermo festgesat ass. D’Kriminaliséierung vun der ziviller Séinoutrettung muss endlech een Enn hunn! Dofir huet Sea-Watch virum Verwaltungsgeriicht Widdersproch ageluecht.
Virun iwwert engem Mount haten italienesch Autoritéiten d’Sea-Watch 4 ouni uerdentlech Begrënnung festgesat. Als Erklärung fir dës Festsetzung hunn déi italienesch Autoritéite gesot, datt d’Schëff ze vill Rettungswesten u Bord hätt, ausserdeem wär d’Ofwaassersystem net fir esou vill Passagéier ausgeluecht. Zu dëse Feststellunge koumen si no 11 Stonne sichen.
Wat ausser Uecht gelooss ginn ass, ass datt d’Séinoutrettung als akut Nouthëllef fir all Schëffer verflicht ass. Dës politesch motivéiert Inspektiounen déngen net der Schëffssécherheet, se hunn eleng den Zweck, Rettungsmissiounen am Mëttelmier systematesch ze verhënneren:
Mat der Sea-Watch 4 gouf elo schonn dat fënneft zivilt Rettungsschëff duerch eng Hafekontroll un neien Asätz gehënnert.
“Ënnert dem Virwand vun der Sécherheet gouf mat dëse Begrënnungen d’Rettung vu Mënsche virsätzlech verhënnert. Mir däerfen eis net drun winnen, datt Rettungsschëffer onrechtméisseg blockéiert ginn an Europa se zur Ofschreckung erdrénke léisst. Wien fir Mënscheliewe kämpft, muss dës ëm jidder Präis maachen. Dofir hunn mir géint dës Festsetzung Widdersproch ageluecht. Mir sinn net nëmme moralesch am Recht, eis Schëffer si sécher a bereet ze retten”, seet de Joachim Bayer, Virstand vu Sea-Watch.
Trotz der Blockade vun der Sea-Watch 3 a 4, souwéi eiser Moonbird, konnte mir mat eisem zweeten zivillen A, den Opklärungsfliger Seabird, an de leschte Woche ganz vill Opkläerungsmissioune fléien an esou dokumentéieren, zu wat Europa bereet ass, fir seng Grenzen zou ze halen. Elo ginn un der Seabird noutwenneg Ëmbauaarbechte virgeholl, aktuell ass kee Fliger an och keen zivilt Boot ënnerwee, fir déi déidlech Grenz am A ze behalen.
D’Zäit drängt, well all Dag un deem eis Schëffer a Fligeren a blockéiert sinn, bedeit, datt Mënscheliewen a Gefor sinn a Mënscherechtsverletzungen ondokumentéiert bleiwen. Dofir wäerte mir all méiglechst maachen, fir esou séier ewéi méiglech an den nächsten Asaz ze starten. Keng Form Repressioun kann eis dovunner iwwerzeegen, Mënschen a Séinout eleng ze loossen!”