Coronavirus: Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen
D‘Zuele vun Neiinfektiounen a Doudesfäll klamme bestänneg, och baussent der
Et ass net déi éischte Kéier, datt een sech um
D’Rettungsschëff Alan Kurdi huet de Freidegmoien den Hafe vun Olbia op Sardinien erreecht. Mä et sollt bis de Samschdegmëtten um 13:15 Auer daueren, bis datt all gerette Passagéier d’Schëff verloossen duerft.
De Virgank, d’Mënschen ze registréieren an se engem Gesondheetscheck ze ënnerzéien huet vill méi laang gedauert ewéi normalerweis. D’Passagéier vum Rettungsschëff hunn misse stonnelaang un Deck an der Keelt, dem Wand an dem Reen waarden. 61 Mënschen hunn souguer missen eng weider Nuecht u Bord verbréngen, well déi italienesch Autoritéiten de Virgank vun de Registréierunge géint 20:30 Auer ënnerbrach hunn. De Samschdegvirmëttes goung et du virun.
“Mir kënne just spekuléieren, firwat et esou laang gedauert huet. Et gesäit awer aus, ewéi wann déi italienesch Autoritéiten einfach iwwerfuerdert gewiescht wären. Fir eis Gäscht, déi gefréiert an enger Decken ëmwéckelt am Reen gewaart hunn, war dat kee schéinen Empfang, mä si hunn et mat grousser Gedold erdroen, erzielt de Kai, de Mënscherechtsbeobachter u Bord vun der Sea-Eye.
D’Crew gouf mëttlerweil och op de Coronavirus getest. D’Resultater stinn nach aus. Déi italienesch Autoritéiten hunn ewell ugekënnegt, datt d’Crew vun der Alan Kurdi fir 14 Deeg a Quarantaine soll goen. D’Ufro vum Kapitän, den Ziilhafe Marseille unzelafen, gouf ofgeleent.
“Mir hunn wärend dëser Missioun vu kengem EU-Staat Ënnerstëtzung an onser Aarbecht kritt. Mä mir si frou, datt mir 133 Mënschen op eng sécher Plaz konnte bréngen. Mir wënschen dëse Mënschen all méiglech Guddes, seet de Gordon Isler, de Virsëtzender vu Sea-Eye zum Ofschloss vun der Missioun.
No der Flucht aus der Heemecht, engem Lager a Libyen, engem Schlauchboot an der Doudangscht, zielt nëmmen dat. Domat ass eng weider, ongerecht Séiblockad eriwwer.
Et ass eng Sauerei, datt Italien eréischt op hier Hëllefsriff reagéiert huet, nodeems d’Schëff Marseille wollt usteieren. Dat hannerléisst e politeschen, batteren Nogeschmaach – esou ewéi wann d’Autoritéite Frankräich keng Flüchtlinge géing gënnen. Et ass mat “Tauziehen” ze vergläichen an d’Verléierer si leider déi, déi am mannsten dofir kënnen.
E bësse skurril ass e Mann an Italien gewiescht. Hien huet säi Land mat engem Sëtzstreik géint geflücht Männer, Fraen a Kanner verdeedegt. Gutt, datt hien seng Aktioun mat der Kamera gefilmt huet – soss hätt keen eppes vun dëser topeger Aktioun matkritt. Bestëmmt wëll e Politiker ginn, déi kommen och ëmmer op komesch Iddien.
Et si leider erëm Mënsche gestuerwen, well si d’Mëttelmier passéiere wollten. Staatlech Autoritéiten hunn d’Hëllefsriff ignoréiert. Op Uerder vun der Rettungsleetstell Roum an der libyscher Küstewuecht gouf en Handelsschëff dozou “gezwongen” net anzegräifen. Dës Mënschen hätte kéinte gerett ginn! Mä Ignoranz ass méi einfach, Europa huet op ganzer Linn versot. Schonn erëm a leider net fir d’lescht. Wat muss nach alles passéieren?!
Foto: E Samschdeg 26. September huet d‘Alan Kurdi den Hafe vun Olbia (Sardinien) ugelaf, wou um 13.15 Auer all déi gerett Mënschen d‘Schëff verloosse konnten. De Virgank d‘Mënschen ze registréieren an engem Gesondheetscheck ze ënnerzéien huet erhieflech méi laang gedauert wéi dat allgemeng de Fall ass. © Sea-Eye