Search

You may also like

Fuerplang an eng frowierdeg Normalitéit
International Neiegkeeten

Fuerplang an eng frowierdeg Normalitéit

Nodeems an interministeriellen Aarbechtsgruppen den Auswee aus dem „Coronavirus-Shutdown“ virbereet

Déi lescht Sëtzung vum Regierungsrot iert et an d‘Vakanz geet
International Neiegkeeten

Déi lescht Sëtzung vum Regierungsrot iert et an d‘Vakanz geet

„Entspaant an Zefridden“, esou d‘Ambiance bei der leschter Sëtzung vum

Den Orkan „Harvey“ erreecht Festland a menacéiert den Texas
International Neiegkeeten

Den Orkan „Harvey“ erreecht Festland a menacéiert den Texas

Um Freideg huet den Orkan Harvey d’Festland op der Küste

Aacht Flüchtlinge vum Rettungsschëff Alan Kurdi evakuéiert

Aacht Flüchtlinge vum Rettungsschëff Alan Kurdi evakuéiert

Déi italienesch Küstewuecht huet den Dënschdeg aacht aus dem Mëttelmier gerette Bootsflüchtlinge vun der Alan Kurdi evakuéiert. Et sinn zwou Fraen, e Mann, véier Kanner an e fënnef Méint jonke Puppelchen, seet de Gordon Isler dee confirméiert, datt d‘Dokteren op d’Evakuéierung gedrängt haten.

Elo sinn nach 125 Flüchtlingen um däitsche Schëff, dat säit dem Weekend op en Hafe waart. Um Dag 4 vun der Rettung wär nach ëmmer onkloer, wien fir déi geflücht Persoune verantwortlech a fir d’Koordinéierung vun der Rettung zoustänneg ass, esou de Gordon Isler. Obwuel d’Schëff virun der Insel vu Lampedusa läit, hätt Italien sech fir net zoustänneg erkläert.

AlanD’Rettungsschëff Alan Kurdi hat de Weekend 133 Mënschen aus dräi Booter aus der libyscher Sich- a Rettungszone u Bord geholl. Déi italienesch Autoritéiten hunn op d’Zoustännegkeet vum däitsche Schëffspavillon fir d‘Flüchtlinge verwisen. Déi däitsch Autoritéite gesinn d’Verantwortung bei de Rettungsleetstellen op der Plaz. Kee wëll Verantwortung iwwerhuelen.

Grënn fir d‘Flucht

E Papp aus Libyen huet dem Kai, dem Sea-Eye hirem Mënscherechtsbeobachter erzielt, firwat seng Famill d’Biergerkrichsland huet misse verloossen.

“A Libyen gëtt et kee Liewe méi. D’Land huet sech verännert. A mat him d’Mënschen. Et gëtt keng Perspektive méi. Ech hunn eng Fra an dräi Kanner am Alter vu 7 Joer, 4 Joer a 5 Méint.

Vun 2005 bis 2017 hunn ech mat menger Famill an Dubai gewunnt a konnt ouni Problemer reesen. Ewéi mir zeréck a Libyen koumen, war näischt méi ewéi et war. Eist Haus gouf vum Krich zerstéiert, mir hunn näischt méi. Mäi Jong brauch eng Operatioun, déi hien a Libyen net kréie kann. Ech hunn schonn alles probéiert an all eist Geld dofir ausginn.

AlanMäi Jong vu 4 Joer kennt mech net richteg. Well mir wéinst dem Krich a stänneger Angscht liewen, kann ech net mat him spillen. Ech ka meng Kanner och net Eraus loossen, well dat ze geféierlech ass. Ech wëll nëmmen, datt et menger Famill gutt geet. Dofir hunn ech Libyen misse verloossen. Ech weess scho laang, datt vill Mënschen a mäi Land kommen, fir an Europa ze goen, ma ech hätt ni geduecht, datt ech eemol goe misst. An dat op dës Manéier. Meng Famill a Frënn sinn zum Deel nach do. Et deet wéi Libyen ze verloossen.”

De Kai seet dozou: „Wat dës Famill erlieft huet, ass erschreckend a bestierzend. Gläichzäiteg weist et däitlech, ewéi onsécher an instabil Libyen duerch de Biergerkrich ginn ass. Déi Gespréicher, déi ech bis elo mat onse Gäscht féiere konnt, weisen, datt a Libyen net nëmmen an de Folter-Lagwer katastrophal Zoustänn herrschen“.

Gutt Noriichte gett et bei Sea-Watch:

Obwuel d’Rettungsschëff am Hafe vu Palermo festgesat gouf, informéiert d’Organisatioun iwwer sozial Medien, datt hiren Opklärungsfliger erëm seng Ronnen dréit. Doduerch konnten si an der maltesescher Sich- a Rettungszone e Boot sichen an Autoritéiten informéieren. Alt erëm huet Malta seng Hëllef verweigert, schliisslech huet sech déi italienesch Küstewuecht de ~28 Mënschen ugeholl. Dat weist op en neits, datt zivil Loftopklärung am Mëttelmier onverzichtbar ass.

AlanEt bleift ofzewaarden, wéini d’Schëff erëm mat senger Missioun weiderfuere kann. Hoffe mer alt, datt et net ze laang dauert. All Sekonn zielt… a kascht Mënscheliewen.

Foto: © Sea-Eye / Alan Kurdi

Related topics Alan Kurdi, Gordon Isler, Lampedusa, MSF Sea, Sea-Eye, Sea-Watch, Séinoutrettung, United4Rescue
Next post Previous post