Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Motorsport: Eng gutt Saison fir de Pilot vu Lechner Racing
best one year dating gifts

Motorsport: Eng gutt Saison fir de Pilot vu Lechner Racing

Mat enger 3. a 6. Plaz um leschte Rennweekend um

dating app for democrats
best one year dating gifts

https://moien.lu/31-dating-25-year-old/

Si war d‘Fra vun engem US-President an d‘Mamm vun engem

Buergermeeschter viru Geriicht wéinst Referendum
best one year dating gifts

Buergermeeschter viru Geriicht wéinst Referendum

Gutt 40 Buergermeeschter aus Katalounien sinn opgefuerdert sech viru Geriicht

„Return to Palestine“: een emotionaalt Theaterstéck iwwert ee schwéiert Liewen am Osten

Vum a mam „Theater vun der Fräiheet“ aus dem Dschenin

„Return to Palestine“: een emotionaalt Theaterstéck iwwert ee schwéiert Liewen am Osten

Et ass komesch an tragesch zu gläich: D’Theaterstéck „Return to Palestine“, vum Micaela Miranda, erzielt d’Geschicht vum Jad, ee Palestinenser, den an den USA gebuer ginn ass an nees zeréck bei seng Famill geet. Dobäi mierkt hien, datt Palestina ganz anescht ass, wéi hien et aus den Noriichte kennt.

D’Representatioun vun dësem Deel vun der Geschicht beschränkt sech op eng ganz kleng Partie vun der Bühn, wat déi begrenzte Fläch, op der d’Bierger wunne musse, symboliséiere soll. D’Stéck baséiert op enger wouerer Geschicht iwwert den Alldag a Palestina, Zeenen déi wärend enger Rees vum „Freedom Theatre“ opgegraff goufen.

Den CPJPO kennt den „Theater vun der Fräiheet“ zimlech gutt: Bei der éischter Intifada an engem Flüchtlingscamp zu Dschenin huet d’Anna Mer Khamis, eng israelesch Jüddin, dat Ganzt gegrënnt. Si huet sech deemools missen entscheeden ob si a Palestina bleiwe well. Hire Jong, de bekannten israelesche Komedien Juliano Mer Khamis, huet 2006 endlech erëm d’Dieren vum Theater opgemaach.

Fënnef Joer drop ass hien vun engem Kulturgéigner ëmbruecht ginn. De Juliano ass oft op Lëtzebuerg komm fir säin Film „D’Kanner vun Arna“ ze presentéieren.

Den CPJPO ënnerstëtzt säit 2011 d’Camp vun Dschenin mat engem psychosoziale Projet fir d’Kanner déi an enger Konfliktsituatioun liewen. Dat Ganzt gëtt begleet vum Ausseministère.

D’Theaterstéck ass den 19. November 2018 um 20:00 Auer am Jongelycée, Place Auguste Laurent an der Stad Lëtzebuerg. Den Entrée ass gratis, de Spektakel ass op Englesch mat engem uschléissenden Echange mat den Artisten.

Ähnlech Sujeten Jongelycée, Palestina, Palestinenser, Return to Palestina, Theater, Theater vun der Fräiheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel