Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„A gekifft gëtt awer“… den Debat zur Legaliséierung vum Cannabis
International Neiegkeeten Sport

„A gekifft gëtt awer“… den Debat zur Legaliséierung vum Cannabis

No enger Petitioun zur Legaliséierung vum Cannabis, war den Zousproch

Klimawandel: Firwat a wéi bei 1.5°C bleiwen?
International Neiegkeeten Sport

Klimawandel: Firwat a wéi bei 1.5°C bleiwen?

Bei 1,5°C oder 2°C ass d‘Welt net méi déi selwecht,

Editorial: Wien sech u Kanner vergräift…
International Neiegkeeten Sport

Editorial: Wien sech u Kanner vergräift…

Den Uschlag op ee Concert zu Manchester, dee vum islamesche

50. Reunioun vum CAHAMA

De Minister Dan Kersch muss sech op déi grouss Visiokonferenz vun der WADA virbereeden

50. Reunioun vum CAHAMA

Um Dënschdeg huet eise Sportminister Dan Kersch (LSAP) un der virtueller Konferenz vum ad hoc Comité fir d‘Weltantidoppingagentur (CAHAMA) deel geholl. D‘Treffen ass wéinst der Covid19-Pandemie net physesch ofgehale ginn.

De Minister Dan Kersch war 2019 als den europäesche Vertrieder am Exekutivcomité vun der WADA designéiert ginn, an hat sech sengerzäit engagéiert eng enk Verbindung zu den Delegéierte vum CAHAMA oprecht ze erhalen. De CAHAM ass notamment och domadder beoptraagt ginn, d‘Mandat vun europäesche Vertrieder virun de Sëtzunge vun der WADA virzebereeden. Déi nächst Reunioun vun der WADA ass fir de 14. a 15. September festgeluecht ginn. Och dëst Treffe fënnt iwwer Visiokonferenz statt.

Bei der Online-Konferenz vu gëschter, huet de Minister Dan Kersch sech zum leschte Stand vun de wichtegsten internationalen Dossieren am Kontext vum Kampf géint den Dopping geäussert. Bei dëser Geleeënheet huet de Sportminister sech zum Rapport vun der ONDCP (Office of National Drug Control Policy – The White House) aus den USA an d’Afrostelle vum Finanzement bezunn op d‘Gouvernance vun der WADA positionéiert.

Dat drängt sech am Kontext mam Gesetzprojet „Rodchenkov Act“ (¹) – zu deenen d‘WADA an den IOC schonn am Mäerz 2020 Stellung geholl haten – op. Zudeem besteet de Risk, datt den Donald Trump dofir kéint Suerg droen, esou wéi hien dat scho mat aneren Institutiounen an Organisatioune gemaach huet, déi US-Bedeelegung um Budget vun der WADA ze suspendéieren. D‘USA droe ronn 7% vum Haushalt. Den Ament schéngt den Haushalt bis 2021 geséchert.

Elo deelt de Minister Dan Kersch d‘Meenung, datt d‘Gouvernance vun der WADA nach weider ka verbessert an d‘Reforme méi séier ëmgesat ginn. Hie weist awer däitlech drop hin, datt déi rezent Reformen, déi ëmgesat goufen, net dierfen ausgeblend ginn. De Sportminister huet en Appell un d‘WADA geriicht, fir datt dës hir Reflexioun zu weideren Aspuerungen, déi wärend der Covid19 konnte gemaach ginn, an Zukunft weider bäibehale ginn.

Randnotiz:

De Professer Ulrich Haas, ee vun de Coauteure vum Welt-Antidoppingkodex hat am Juli am renomméierte Blog „insidethegames“ gewarnt, datt de Rodchenkov-Act méi Schued uriichte kéint, wéi deem Ganzen eppes Positives zouzedroen. Mat dësem amerikanesche Gesetz si Strofe vu bis zu enger Millioun US-Dollar oder enger Prisongsstrof vu bis zu 10 Joer virgesinn. D‘Gesetz soll bei alle Sport-Kompetitiounen ugewannt ginn, un deenen US-Athleten deel huelen.

Foto: © MSP/SIP

(¹) De Rodchenkov-Act ass benannt nom Grigory Rodchenkov, de fréieren Direkter vum Moskauer Laboratoire, deen als Whistleblower a Russland, wärend den olympesche Wanterspiller 2014 zu Sotchi, opfälleg gi war.

Ähnlech Sujeten AMA, Antidoppingkontrollen, CAHAMA, Dan Kersch, Dopping, Sportminister, WADA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel