Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Blumme fir eng Ikon
International Neiegkeeten

Blumme fir eng Ikon

Op den Dag genee virun 20 Joer, den 31. August

Hues du en Iwwerbléck driwwer, wie mat wiem fusionéiert huet?
International Neiegkeeten

Hues du en Iwwerbléck driwwer, wie mat wiem fusionéiert huet?

No an no fält d’Zuel vun de Gemengen am Land.

Den Erdogan erkläert mat senger Invasioun dem Assad de Krich
International Neiegkeeten

Den Erdogan erkläert mat senger Invasioun dem Assad de Krich

Nodeems d‘Kurdemiliz YPG Damaskus ëm Ënnerstëtzung géint den tierkeschen Agresseur

Reunioun „Circular Economy 2.0“ zu Espoo

Reunioun „Circular Economy 2.0“ zu Espoo

Op Invitatioun vum finlänneschen Homolog Kimmo Tilikainen huet d’Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, den 11. an 12. Februar bei der Reunioun „Circular Ecyonomy 2.0“ zu Espoo (Finnland) deelgeholl.

Zesumme mat anere Ministeren a Staatssekretären aus 9 europäesche Länner si folgend Themen diskutéiert ginn:

  • Wéi kann eng Kreeslafwirtschaft de Klimawandel ofschwächen?
  • Methoden, wéi Stied a Regiounen d’Zirkularwirtschaft virun dreiwe kënnen
  • Entwécklung vu kreeslafwirtschaftlesche Léisungen an der fir d’Textilindustrie

Ziel vum Treffe war den Echange an d’Ausaarbechtung vun Iddien, sou wéi gemeinsamen Initiativen ze fannen, déi eng enorm Wichtegkeet fir déi zukünfteg Politik vun der Kreeslafwirtschaft an der Europäescher Unioun, mee och op nationalem Niveau opweisen.

De Wandel, hin zu enger Zirkularwirtschaft ass méi, wéi eng technesch Erausfuerderung. D’Weeër an d’Strategië sinn ee Schlësselelement fir d’Transitioun op nationalem a regionalem Niveau unzedreiwen. Donieft ass d’Vernetzung vun de Klimaziler an d’Effektivitéit vun der Notzung vu Ressourcen als Beräich festgesat ginn, un dem een zesumme schaffe muss.

Bei hirer Rees hunn d’Invitéeën och déi europäesch Agence fir chemesch Produiten (ECHA) besicht, fir hei d’Aufgab vum Verwaltungssystem vun de chemesche Produiten zu Gonschte vun der Zirkularwirtschaft ze diskutéieren. An Zukunft ass et besonnesch wichteg, datt d’Donnéeën zu chemescher Zesummesetzung vun eise Produite verbessert ginn. Och d’Méiglechkeet fir dëse Substanzen an hirem weidere Verlaf an Offall nozegoen erweist sech als essentiell bei der Fërderung vun der Kreeslafwirtschaft.

Den Zentrum fir Bioproduite vun der Universitéit Aalto huet bei dëser Geleeënheet eng Porte Ouverte fir d’Invitéeën organiséiert, sou datt si sech mat den Aktivitéiten zur Recherche, virun allem um Niveau vun der Zirkularwirtschaft bei Batterien an Textilien, ausenaner setze konnten.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Gunvor Ericson, schwedesche Staatssekretär fir d’Ëmwelt; Björn Hansen, Direkter vun ECHA; Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung; Kimmo Tilikainen, finlännesche Minister fir Ëmwelt, Energie a Logement © MECDD

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Circular Economy 2.0, ECHA, Espoo, Kreeslafwirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel