Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Kölle Alaaf!
International Meenung

https://moien.lu/faucet-hook-up-hose/

Pünktlech um 11:11 Auer um 11. November feieren an der

https://moien.lu/womens-funny-dating-profile-examples/
International Meenung

D’NRA, erkläert

NRA. Dëst sinn déi dräi Buschtawen, déi no all Schéisserei

Konschtverständnes vu polnescher Regierung hält bei der „Banann“ op
International Meenung

Konschtverständnes vu polnescher Regierung hält bei der „Banann“ op

Eng Damm ësst eng Banann, dat och nach siichtlech mat

Editorial: Revanchismus ass keng Léisung

Editorial: Revanchismus ass keng Léisung

Wann ee verstoe muss, datt déi spuenesch Regierung, no der Uwennung vum Artikel 155, sech och an Zochzwang bruecht huet, an en Termin viru Geriicht vir d’Membere vun der katalanescher Regierung déi logesch Suite ass, esou huet d’Entscheedung vun der Riichterin dem Dialog en Enn gesat.

Hei kann een dann och vu politesche Prisonéier schwätzen. An och wann d’Begrënnung „Fluchtgefor“ ugefouert ginn ass fir d’Minister an Untersuchungshaft ze huelen, esou ass de politeschen Afloss vun der Rajoy-Regierung net vun der Hand ze weisen. Revanchismus statt Onofhängegkeet vun der Justiz, dat e puer Woche virun de Neiwahlen, dat muss schief goen.

Et war dann och schonn zimlech gewot d’Leader vun der ANC an Omnium, de Jordi Sanchez an de Jordi Cuixart an de Prisong ze werfen. Domatter hatt Katalounien seng éischt politesch Prisonéier, a mat der Untersuchungshaft fir d’Volleksvertrieder déi sech der Justiz gestallt hunn, ass ee vun enger politescher Léisung vun der Kris wäit ewech.

De nächste Schratt vun der Regierung zu Madrid, muss et a logescher Konsequenz elo sinn, d’Parteie vun den inhaftéierte Politiker ze verbidden. Et ass dat déi eenzeg Méiglechkeet ze verhënneren, dat de politesche Mouvement fir d’Onofhängegkeet net op e neits an d’Parlament vu Katalounien anzitt. Se kéinte jo ëmmerhin och nees d’Majoritéit erhalen, wat ganz kloer vu Madrid verhënnert muss ginn.

Sécher ass emol, datt egal wéi déi ultra-konservativ spuenesch Regierung sech dréit a kéiert, virun de Neiwahlen a Katalounien, kréien se de Carles Puidgemont net hanner Gitter. An dee kann aus sengem belschen Exil op d’Campagne Afloss huelen. Ze Bedenken ass och, datt esouguer déi Katalanen, déi net fir eng Ofspaltung vu Spuenien sinn, deene vun der Justiz operzwonge Moossnamen net wäerten zoustëmmen.

De Begier no Onofhängegkeet vun engem groussen Deel vun der katalanescher Bevëlkerung, war an ass esou gesinn dann och ni wierklech eng reng „intern“ Ugeleeënheet vu Spuenien. Datt sech Bréissel net agemëscht huet, ka politesch betruecht richteg sinn. Hei steet een elo awer virun enger Kris déi sech iwwer Jore kann hinzéien an och Europa dierft grousse Schued zoufügen.

D’EU wier also gutt berode gewiescht sech fir eng Vermëttlung tëscht de „Parteien“ staark ze maachen. D’Katalane sinn nämlech dem europäesche Gedanken déif verbonnen, och oder besonnesch déi wou sech fir d’Onofhängegkeet asetzen. Den Zesummenhalt vun Europa baséiert um Konsens tëscht de Länner… an de Regiounen. E Punkt dee grad an dësem Fall net ausser Siicht geroden dierf.

Mir wëllen dach elo hoffentlech net vergiessen, datt all déi Leit déi do „sollen“ an de Prisong gehäit ginn, demokratesch gewielt goufen. Wann elo d’Neiwahlen a Katalounien, vun der Zentralregierung zu Madrid esou orchestréiert sollte ginn, datt déi Parteien, déi bal d’Hallschent vun de Katalanen op hirer Säit wëssen, net dierfen deelhuelen, geet de Schoss no hanne lass.

Foto: Um Plakat deen de Mann hei héichhält steet ze liesen: „Rajoy, de Mussolini, den Hitler an de Franco sinn net méi do. D’Mënsche sinn awer nach ëmmer do“. Mat de Mesuren déi vun der Regierung zu Madrid getraff goufen, sinn d’Erënnerungen un de Franquismus nees opgeflaamt. En Dialog an eng Vermëttlung sinn dréngend noutwenneg, wann dëser Kris soll entgéintgewierkt ginn. © Lluis Gene/AFP

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, Europa, Katalounien, Madrid, Mariano Rajoy, Onofhängegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel