Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CFL: Noutwenneg Infrastrukturaarbechten
https://moien.lu/should-pisces-man-dating-scorpio-woman/

CFL: Noutwenneg Infrastrukturaarbechten

Et huet iwwer de Summer vill Chantiere bei der Eisebunn

down to earth dating profile
https://moien.lu/should-pisces-man-dating-scorpio-woman/

Top 5 skurrilst Petitiounen zu Lëtzebuerg

Eise Petitiounssystem huet scho fir flott Diskussioune gesuergt. Och wann

Giel Gileten: Se sinn net komm! (e Kommentar)
https://moien.lu/should-pisces-man-dating-scorpio-woman/

Giel Gileten: Se sinn net komm! (e Kommentar)

„Der Däiwel nach eng“ sot mer de Jang gëschter Mueren

RGTR: Ännerungen ab dem 15. September 2019

RGTR: Ännerungen ab dem 15. September 2019

De Bus-Reseau vum RGTR wäert ab dem 15. September eng Rei wichteg Ännerungen ëmsetzen. Verschidde Linne gi ganz nei agesat, Zäiten a Strecke ginn ugepasst, fir esou d’Mobilitéit ze verbesseren.

Schonn elo kann een déi nei Zäite vum RGTR op mobiliteit.lu fannen, oder direkt op den (+352) 2465 2465 uruffen. Folgend Ännerunge kann ee verzeechnen:

  • 10 nei Bus-Linne ginn agesat. Heizou zielen:
    103 Lëtzebuerg – Nidderaanwen – Gonnereng – Jonglënster
    141 Kanech – Wuermer – Gréiwemaacher – Jonglënster
    146 Izeg – Ierpeldeng – Munneref
    181 Lëtzebuerg – Duelem – Munneref
    186 Lenneng – Réimech – Schengen – Munneref
    214 Käerjeng – Mamer – Steesel – Blaaschent – Jonglënster
    302 Fenteng – Beetebuerg – Munneref
    489 Uesweller – Iechternach – Konsdref – Jonglënster
    513 Ettelbréck – Z.I. Fridhaff Osten (Nordstadbus)
    514 Beefort – Hiefenech – Jonglënster
  • D’Linn 302 gëtt verstäerkt: Fir besser op d’Besoine vun den Notzer anzegoe gëtt déi grenziwwerschreidend Linn 302 mat weidere Faarte verstäerkt a fiert elo och Samschdes.
  • Weiderleedung vu verschidde Linnen am Garer Quartier: Am Kader vun den nächsten Etappe vun der Konstruktioun vum Tram wäerten d’Linnen 150, 160, 162 an 163 hire leschten Arrêt an der „Rue Heine“ hunn. Just a Richtung Lëtzebuerg-Stad gëtt den Arrêt „Roosevelt“ ugefuer.
  • Ännerunge bei den Arrêts-Nimm: An de Gemenge Klierf, Pëtscht a Wëntger wäert eng grouss Unzuel un Arrêten hiren Numm änneren. Um Flyer, deen an all Bréifboîte gehäit gëtt, wéi och op der Internetsäit, der App an den Ecranen am Bus ginn d’Ännerungen ugewisen.

D’Lëscht vun alle concernéierte Busser fannt Dir HEI.

Ähnlech Sujeten Ännerungen, Bus, mobiliteit.lu, RGTR, Verkéier, Verkéiersbond
Nächsten Artikel Virrechten Artikel