Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du d‘Buergermeeschtere vun dëse Gemenge? – 2
International Neiegkeeten

Kenns du d‘Buergermeeschtere vun dëse Gemenge? – 2

No de Wahle vum leschte Joer huet sech vill gedoen

Vëlkermord am Jemen: D‘Roll vun de Vereenten Natiounen (erkläert)
International Neiegkeeten

Vëlkermord am Jemen: D‘Roll vun de Vereenten Natiounen (erkläert)

Wann et zoutrëfft datt kee Mënsch fräi ass vu Feeler,

Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!
International Neiegkeeten

Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!

Vergaangene Samschdeg kruten um Rock the South véier Lëtzebuerger Bands

Richard Grenell: „Handelsbezéiunge mam Iran sinn eng Mëssuechtung vun der US-Politik“

US-Botschafter erdeelt den Technokrate vu Bréissel emol eng Lektioun an Diplomatie

Richard Grenell: „Handelsbezéiunge mam Iran sinn eng Mëssuechtung vun der US-Politik“

Als europäesch Unioun wëll een onofhängeg Handelen, steet dann awer ëmmer iergendwéi ënnert dem Momper vun den USA, wann och an éischter Linn aus wirtschaftleche Grënn. An ëmmer wann een eppes ënnerhëlt, datt engem vu Washington oder Goldman Sachs net offiziell erlaabt ginn ass, kënnt et zum Dissens…

D‘EU, oder zumindest déi europäesch Partner déi beim Nuklearofkommes mam Iran hunn dierfen e Wuert matschwätzen (Däitschland, Frankräich a Groussbritannien) waren net erfreet iwwert dem Donald Trump seng Entscheedung, de Vertrag mat den „Ajatollahen“ ze zerrappen, an d‘Sanktioune géint Teheran nees opzehuele. An dësem Kontext, huet den US-President och allen Entreprisen déi mat den USA handelen oder US-Devise benotzen, verbuede mam Iran Geschäfter ze maachen.

Fir dem Milliardär d‘Stir ze bidden, an d‘Bezéiungen – wirtschaftlech wéi diplomatesch – zum Iran net ofräissen ze loossen, huet d‘EU sech eng „Zweckgesellschaft“ ginn, där hiren eenzegen Zweck et ass, mam Iran „Tauschhandel“ ze bedreiwen. Et fléisst kee Geld – a vir et emol ze betounen, et gi keng Wuere getosch déi vun de Sanktioune betraff sinn, a wirtschaftlech huet den Iran kaum wann iwwerhaapt eng Plus-value ze erwaarden – an och soss ass dat ganzt éischter e „symboleschen“ Akt.

Domm, blöd a beleidegend

Fir den US-Ambassadeur an Däitschland, Richard Grenell, ass dës Gesellschaft mam schéinen Numm „INSTEX“ eng inakzeptabel Frechheet, eng Provokatioun sonnergläichen… Wien sech esou iwwer Sanktiounen an aussepolitesche Grondsazentscheedunge vun den USA ewechsetzt, mécht sech der Mëssuechtung vun der d‘US-Politik schëlleg. Dat wier esou domm wéi geféierlech, géif de Fridden op der Welt net nëmme a Fro stellen, mee dat falscht Signal un d‘Schurkestaate senden.

Hien ass zudeem grad esou veriergert wéi verwonnert, datt d‘Europäer net verstanen hunn, datt dem Donald Trump seng „Entscheedung“ d‘Sanktioune géint déi Islamesch Republik nees opzehuelen, eenzeg zum Zweck huet, reliéise Fundamentalisten d‘Konscht vun der Verhandlung bäizebréngen. Gemengt ass natierlech, datt den Iran keng Atomwaffe bauen a säi Rakéiteprogramm net weider entwéckelen dierf. Datt sech Teheran ëmfänglech un den Accord gehalen huet, ass also irrelevant?

En ausgestreckte Mëttelfanger als Äntwert

Däitschland, Frankräich a Groussbritannien, déi hannert INSTEX stiechen, wëllen un de wichtegen Handelsbezéiungen zum Iran festhalen. Dat engersäits well den Handel, wann e fir béid Säite vu Virdeel ass, och déi diplomatesch Bezéiunge stäerkt, an anersäits, der Welt weise kann, datt et mat der EU esou eppes wéi „Vertragssécherheet“ gëtt. Et hält ee sech – am Géigesaz vun engem Donald Trump – u getätegt Ënnerschrëften, och da wann engem bewosst ass, datt et ëmmer besser ka sinn.

Mat INSTEX ka weider Handel bedriwwe ginn, woubäi dës Zweckgesellschaft eigentlech just de Volet „Finanztransaktiounen“ iwwerhëlt. Esou mussen sech Banken net a Gefor bréngen, vun den USA bestrooft ze ginn. Geld fléisst, well d‘USA do och d‘Hand driwwer halen, keent. Eigentlech ass et esou, datt déi Wueren déi den Iran exportéieren „dierf“, géint Liewensmëttel a Medikamenter „getosch“ ginn. Eng wirtschaftlech Entwécklungshëllef ass dat awer net emol Usazweis.

Verhandelt ee mat Erpresser?

Datt de Richard Grenell vu sech a der wirtschaftlecher Iwwermuecht vun den USA iwwerzeegt ass, kann een him net iwwel huelen. Hien ass e Produkt vu senger Gesellschaft, an hätt och eng Schéi Carrière beim KKK maache kënnen, wann hie sech net fir den Donald Trump entscheet hätt. Hien erkläert, datt ee bei Länner wéi dem Iran, nom Prinzip vum „Zockerbrout a Peitsch“ muss virgoen. Erpressen, ënnerwerfen an ënnerdrécken, esou wëll de Richard Grenell d‘Verhale vum Iran änneren.

„Mir setzen déi gravéierendst Sanktiounen an, a bidde gläichzäiteg Gespréicher un, fir ze kucken ob sech d‘Verhale vu bestëmmte Staaten ännert. Mat Nordkorea huet dat bis ewell ganz gutt geklappt a mat Venezuela schéngt et sech och opzegoen. Just mat Russland ware mir net esou erfollegräich wéi erhofft, mee och géintiwwer Moskau hale mir den Drock héich a bidden an engems Gespréicher un“ esou den US-Ambassadeur, dee mat dëser Ausso bestätegt, dat nëmmen si ze bestëmmen hätten…

E Kallef wéi en am Buch steet

Et kann dann och keen Zoufall sinn, datt d‘Trump-Administratioun de Richard Grenell als „Stee vum Ustouss“ zu Berlin an den Asaz geschéckt hunn. Vun Ufank un war seng Missioun (ähnlech wéi dem Steve Bannon seng) drop ausgeluecht, d‘Unioun ze splécken, Partner géintenaner opzebréngen. Wei hien am Mee säin Amt ugetrueden ass, war eng vu sengen éischten offiziellen Annoncen un däitsch Entreprise gaangen. Déi sollte wëssen datt den Iran kee Geschäftspartner ass.

GrenellDat sinn d‘USA eigentlech och net, well wa si Saache géifen hierstellen déi eppes daachen, hätt et sech schonn erëmgeschwat. Mee de Richard Grenell, huet nach aner Qualitéiten. Wann een déi aus Industrie a Wirtschaft scho bedree muss fir dat se matmaachen, dann ass et méi einfach sech politesch anzemëschen. Den US-Ambassadeur ass sech zudeem net ze schued Firmen, déi un der geplangter Pipeline „Nord Stream 2“ bedeelegt, mat schäerfste Sanktiounen ze dreeën.

mat indymedia/ber

Foto: © dpa

Ähnlech Sujeten EU, INSTEX, Iran, Nord Stream 2, Richard Grenell, Sanktiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel