Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet
hi dating website

Editorial: Firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet

Datt eis Deputéiert en Dënschdeg um Krautmaart de Gesetzprojet zum

https://moien.lu/not-sexually-attracted-to-guy-im-dating/
hi dating website

fast meet dating app

Um Krautmaart ass déi parlamentaresch Rentrée haut effektiv. Opgemaach gëtt

CoPil Mamer-Äischdall-Gréngewald: Fir d’Natur an eis Zukunft
hi dating website

CoPil Mamer-Äischdall-Gréngewald: Fir d’Natur an eis Zukunft

Gëschter hunn am fréien Nomëtteg nees zuelräich Gemengen d’Charta zur

Editorial: E richtege Referendum eng falsch Wahl

Editorial: E richtege Referendum eng falsch Wahl

Eeler Leit déi hir Tréinen net kënnen zréckhalen, bluttverschmierte Familljepappen, Pompjeeën déi sech schützend Virun d‘Bierger stellen. Et sinn dat d‘Biller déi vum Referendum a Katalounien wäerten an der kollektiver Erënnerung bleiwen. Dem Rajoy seng Entscheedung d‘Gewalt iwwert den demokratesche Prozess ze stellen, huet d‘Gesellschaft endgülteg gespléckt.

Biller vu Polizisten déi Brutal zouschloen, Rentner déi kräische well se net wielen dierfen a Kanner déi d‘Staatsgewalt auspäifen. Dobäi hätt et kënnen e ganz friddleche Referendum ginn, och oder vläicht grad well dee vum Verfassungsgeriicht verbuede gi war. Op den Ausgang vun engem Biergervotum hätt Madrid ouni Weideres mat Ofleenung kënne reagéieren, war dee jo reng gesetzlech betruecht, fir d‘Regierung net bannent.

Esou wéi sech awer d‘Staatsgewalt op ville Plazen a Katalounien gewisen huet, steet elo net nëmmen de konservative Ministerpresident Mariano Rajoy an der Kritik, mee alleguerten, déi wou sech deem ugeschloss hunn. Déi „gutt“ Argumenter hunn hir Muecht verluer, dobäi hätt keen europäescht Land zougelooss, datt sech eng vun hire Regiounen esou mir näischt, dir näischt selwer an d‘Onofhängegkeet entléisst.

Wien och ëmmer zu Madrid entscheet huet mat Gewalt en demokratesche Prozess ze verhënneren, war schlecht beroden. Et wier mat grousser Sécherheet méi gescheit gewiescht d‘Bierger wielen ze loossen an d‘Resultater duerno ze annuléieren. Mat de Biller vun ee Sonndeg, déi all zu Laaschte vun der Zentralregierung ginn, gëtt suggeréiert, datt Spuenien nees am politesche Spektrum vum Franquismus ukomm ass. Et herrscht Policegewalt wéi zu Zäite vun der Diktatur.

Och wann d‘Ada Colau, Buergermeeschtesch vu Barcelona sécher Recht huet, datt eng Eesäiteg Onofhängegkeetserklärung net méiglech ass, esou kann eng demokratesch Entscheedung per se net Illegal sinn. D‘Folge fir e méiglechen Dialog sinn desastréis: Wéi a virun allem Wien soll sech do géinteniwwer setzen? Deen een behaapt sech op de Wielerwëllen, deen anere berifft sech op d‘Verfassung.

An de Problem ass dann elo och net méi nëmmen e spueneschen. D‘Katalane fillen sech vun Europa eleng gelooss, an hei gëtt et bosseg. Déi grouss Majoritéit vun de katalanesche Separatisten ass pro-europäesch agestallt. E Mediateur vun der EU war laang Zäit eng wierklech a virun allem akzeptabel Optioun, besonnesch fir Katalounien. Hei huet sech Madrid ëmmer mat Hänn a Féiss dergéint gestäipt. Dat ass awer elo wierklech déi läscht Optioun.

Foto: Net all d‘Wahlurne konnte saiséiert ginn. Mee op déi wou et bis an d‘Auszielung gepackt hunn no de Prinzipie vun enger demokratescher Ofstëmmung zustane komm sinn, ass och net garantéiert. Mee dat ass duerch d‘Uwennung vu Staatsgewalt zweetrangeg ginn. © Josep Lago/AFP

Ähnlech Sujeten Katalounien, Onofhängegkeet, Referendum, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel