Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Allianz tëscht dem Turban an Hummer a Séchel
Neiegkeeten

Eng Allianz tëscht dem Turban an Hummer a Séchel

Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Irak, huet

Giel Gileten Akt VI: Wéineg Aktivisten trotz ville Versammlungen
Neiegkeeten

Giel Gileten Akt VI: Wéineg Aktivisten trotz ville Versammlungen

E Samschdeg gouf de Akt VI vun der Mobiliséierung vun

surprise
Editorial: Koalitiounsgespréicher si kee Wonschconcert
Neiegkeeten

Editorial: Koalitiounsgespréicher si kee Wonschconcert

Um Mëtternuecht war et zu Berlin endlech esouwäit: d‘Sondéierungsgespréicher sinn

Opdrénglech friddleche Protest am Cactus

Opdrénglech friddleche Protest am Cactus
De Protest am „schéine Stär“ ass vun de Cliente „remarkéiert“ ginn. © Martine de Lagardère

Fir d‘Cliente vum Cactus zu Käerjeng, um Houwald mee och am „schéine Stär“ huet et gëschter eppes „Animatioun“ ginn. D‘Gewerkschafte LCGB an OGBL haten op dëse Standuerter zu punktuelle Protestpiqueten opgeruff, well den Direkter Laurent Schonckert seng Ekipp ugewisen huet, de Salariée vum Grupp kee Kollektivvertrag ze ginn.

Am Fluchblat, datt vun de friddlechen Demonstrante verdeelt gouf heescht et: „Et deet eis leed, datt mir iech musse stéieren. Wa mir hei virum Cactus stinn, dann ass dat, well den Zinniklos dëst Joer d‘Personal vum Cactus vergiess huet“. Dobäi huet de Mann mam Schlitt an de Rendéier iwwersinn, datt ouni dëst „Personal“ säi Sak wéi och de Schlitt ellen eidel wieren… Mee wourëms geet et?

„Mir verlaangen net vill: just ee méi séiert virukommen an eise Carrièren, fir datt d‘Léin net vun der Entwécklung vum Mindestloun opgefriess ginn. Mir wëllen dezent Léin, déi eis ee wierdegt Liewen erméiglechen. Mir wëllen eise Kanner och Chrëschtkaddoen ënnert de Bam leeën, ouni dofir all Cent mussen ee puermol ëmzedréinen“, heescht et am Message un d‘Adress vun de Clienten…

Als gudde Familljepapp…

De Grupp Cactus, deen nach ëmmer vu sech behaapt e Familljebetrib ze sinn, ass zanter 2001 an nodeems de Paul Leesch an déi verdéngte Pensioun gaangen ass, ënner neier Leedung weider gewuess. Et sinn nei „Geschäftsformater“ entstanen an et gouf de Projet „Cactus Charity“ initiéiert. Datt d‘Personal derzou bäigedroen huet, datt dat méiglech war, gëtt vun der Direktioun negligéiert.

Och de Fakt, datt et ouni d‘Salariéeë vum Grupp 2018 net zu engem Rekordprofit komm wier, gëtt vun der Direktioun – zumindest léisst hire beholl keen anere Schluss zou – bestridden. Esou ass ee Camionschauffer beim Cactus kee qualifizéierten Aarbechter an d‘Fuerderung, all zwee Joer 29 € an der Pai bäigesat ze kréien, schonn un der Grenz zum Affront. Wéi soll een do verhandelen?

„Ma guer net“ seet de Krappert a verweist op d‘Entrevue beim Mediateur. Dräi ganzer Stonnen ass sech bekuckt ginn, ouni datt d‘Vertrieder vum Grupp sech beweegt hätten. Gutt den David Angel, Zentralsekretär fir den Eenzelhandel, huet gemengt et hätt een „Dialogbereetschaft“ gespiert. Woubäi, d‘Vertrieder vun der Direktioun beim Mediateur och e gudden Androck maache wollten.

…huet een och Verantwortung

Dat war – zu Zäite wou de Cactus nach der Definitioun vun engem Familljebetrib entsprach huet – emol besser. Haut heescht an der Direktioun: „Wann dat esou weider geet, hätten se och nach gären hir Iwwerstonne bezuelt“. Datt déi Dammen an Hären aus eben dëser Direktioun, a sécherlech och dem Direktiounscomité, dee vum Max Leesch geleet gëtt, net verhandele wëllen ass e Konzept.

An datt sech de Max Leesch aus der Verantwortung zitt an et dem Direkter Laurent Schonckert iwwerléisst, sech de Fuerderunge vu Gewerkschaften a Salariat entgéintzestellen, kraazt och eppes um Glanz vun dëser jo awer erfollegräicher Geschäftspolitik, déi vum éierewierdege Joseph Leesch mat enger Epicerie am Garer Quartier lancéiert gouf. Seng Bouwen hunn dorobber opgebaut.

Enn de 60er Joren haten sech d‘Nofolger Paul an Alfred Leesch vun de Supermarchés an den USA inspiréiert. Eng gutt Iddi déi sech als duerchaus profitabel bewisen huet. Sengerzäit sinn awer d‘Mataarbechter nach als „Familljememberen“ ugesinn, an entspriechend respektéiert ginn. Et war een houfreg e Stéck vum Cactus ze sinn. Loyalitéit géintiwwer der Firma a Respekt fir de Client…

Zäiten änneren sech

Mam Wuesstem an der verännerter Wirtschaftssituatioun, jo et huet sech eng zolidd Konkurrenz am Land etabléiert, ass aus de Familljememberen eng „Ressource“ ginn, där ee sech bedénge ka wéi et engem passt. Et gëtt net matenaner geschwat mee ugeuerdent. D‘Mataarbechter sollen esou bëlleg wéi méiglech an esou effizient wéi erwënscht schaffen, ouni natierlech Fuerderungen opzestellen.

Cactus, datt ass haut eng Entreprise déi sech op den Niveau vun der auslännescher Konkurrenz beginn huet, woubäi d‘Mataarbechter d‘Konsequenzen ze schlécken hunn. Et gëtt bis spéit owes Geschafft an och Sonndes huet een op. Mee de Cactus ass nach ëmmer esou deier wéi eng Epicerie an datt de Client bleift, huet manner mam Präis wéi mat der Service-Qualitéit sinn.

Wann de Client elo um Protestpiquet de Slogan héiert „De Cactus dat si mir!“. Sech bewosst gëtt, datt et jo tatsächlech d‘Personal ass, datt sécherstellt datt een ëmmer gutt zerwéiert gëtt, da sollt hien sech solidaresch weisen.

Do gëtt et vill Weeër: vun enger Email oder engem Bréif un de Chef, Gemeckers an de sozialen Netzwierker bis hunn zum eegene Protest fir d‘Cactus-Personal. Wiem de Cactus um Häerze läit, deem sollt och d‘Personal – dat wat een am Geschäft gesäit, wéi och déi wou hannert dem Rideau Dag an Dag aus schaffen – um Häerz leien. Well „Cactus“ dat sinn d‘Personal an d‘Clienten.

Foto: De Protest am „schéine Stär“ ass vun de Cliente „remarkéiert“ ginn. © Martine de Lagardère

Ähnlech Sujeten Cactus, Kollektivvertrag, LCGB, OGBL, Protestpiquet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel