Search

You may also like

D’Protester vun de Jonken weisen hir éischt Wierkung
Neiegkeeten

D’Protester vun de Jonken weisen hir éischt Wierkung

Eisen Energieminister Claude Turmes huet gëschter zu Bréissel um Energierot

Déi Franséisch Eisebunner hunn sech fir de Klassekampf entscheet
Neiegkeeten

Déi Franséisch Eisebunner hunn sech fir de Klassekampf entscheet

Bei der SNCF sténken d‘Lompen net, se brennen. Déi franséisch

D‘Aen net virun der Realitéit verschléissen
Neiegkeeten

D‘Aen net virun der Realitéit verschléissen

Sea-Watch an “Border Violence Monitoring Network” hunn der Mënscherechtskommissioun vun

Ried zur Lag vun der Natioun: Vill Pathos – wéineg politeschen Inhalt

Wéi muss et sech als Premierminister ufillen, wann een eng Ried an der Chamber zur Lag vun der Natioun hält, an net emol déi op der Plaz uwiesend engem d‘Gefill ginn nozelauschteren? Dës Fro wäert engem wuel eréischt an der Biografie vum Xavier Bettel beäntwert kréien…

Ried zur Lag vun der Natioun: Vill Pathos – wéineg politeschen Inhalt

Mat der Ried ass dann awer d‘Chamber-Sessioun 2002/21 elo offiziell erëffent. Et war dem Xavier Bettel seng siwent Ried zur Lag vun der Natioun, an si huet sech – wéi déi virecht och, duerch vill Pathos an eppes Pragmatismus ausgezeechent. Natierlech huet d‘Covid19-Pandemie inhaltlech dominéiert. De Premier huet hei en Akzent op déi grouss Leeschtunge vun der Regierung gesat.

Esou ass de Premierminister der Meenung, datt een d‘Faite muss mat Objektivitéit ugoen. Et dierft een näischt dramatiséieren, mee d‘Gefor och net banaliséieren. De Virus wier eng wesentlech gréisser Gefor wéi déi saisonal bedéngt „Wantergripp“. Dat wier ee wëssenschaftlech beluechte Fait an och wann de Coronavirus fir déi meeschte Leit kee gréissere Risk géif duerstellen, esou ass dëse fir eng Minoritéit eng déidlech Gefor.

De Xavier Bettel begréisst, datt sech eise Gesondheetssystem gutt geschloen huet an et och dank der Vernonft vun de Leit zu enger Iwwerbelaaschtung komm ass. Hien huet drop higewisen, datt dank der Regierungspolitik d‘Wirtschaft un lafe konnt gehale ginn, vill Entreprise gerett oder zumindest finanziell stabiliséiert goufen. D‘Kuerzaarbecht soll dann och iwwer den 31. Dezember eraus hei am Land weidergefouert ginn.

Et hätt een dat Schlëmmst verhënnert kritt, déi gefaarte Chômage-Explosioun ass ausbliwwen, wat awer net soll heeschen, datt d‘Leit net extreemst besuergt wieren. Hien hat jo an de leschte Wochen den Tour vun enger Rei klenger a mëttelstänneg Entreprise gemaach a festgestallt, datt sech d‘Leit suergen ëm hir Zukunft maachen a si wéineg Perspektiven hätten. D‘Regierung misst elo dëse Mënschen Äntwerte liwweren.

Bréissel hält d‘Féiss roueg

De Premier huet a senger Ried bestätegt, datt d‘EU-Kommissioun der Regierung hiren Accord ginn huet, staatlech Hëllefe fir déi am stäerkste betraffe Secteuren anzesetzen. Hei besonnesch fir den Horesca-Secteur, den Evenementiel an den Tourismus. De Fonds fir d‘Relance an d‘Solidaritéit gëtt bis an dat nächst Joer weidergefouert. Eng nei Direkthëllef, soll den Entreprisen hëllefen en Deel vun de Käschten ze erdroen, wann d‘Perte beim Ëmsaz mindestens 30% ausmécht.

Weider heescht et, datt d‘Regierung eng weider Moossnam ergräife wëll, fir Mënschen déi bereet sinn eng Entreprise ze grënnen, an esou nei Aarbechtsplaze schafen, eng entspriechend Starthëllef erhale kënnen. De Xavier Bettel huet betount, datt d‘Regierung den nach ëmmer gültege Koalitiounsaccord wäert anhalen, an et net zu neie Steiere komme soll, déi net an dësem Accord festgehale goufen. Allerdéngs heescht dat och, datt d‘Steierreform net wäert am Budget vun 2021 berécksiichtegt ginn.

Interessant an der Ried, d‘Feststellung, datt de spezialiséierten Investitiounsfong (FIS) dann elo on emol awer net esou dat gielt vum Ee soll sinn. Dëse Fonds an nach eng Partie weider Fonge solle steierlech reforméiert, an ab dem 1. Januar 2021 mat 20% Steiere beluecht ginn. Dat wäert villen, besonnesch de Gewerkschaften a méi „lénks“ agestallte Parteie wuel net wäit genuch goen, ass awer zumindest en Ufank.

De Societéiten, déi Famillje-Patrimoine geréieren (SPF) soll ënnersot ginn indirekt Immobilien iwwert den Intermediaire vun anere Societéiten ze erwerben. De spezielle Regime vun de Stock-Optiounen a de sougenannte „warrants“, déi mëttels enger Circulaire 2002 (Luc Frieden – CSV) agefouert goufen, ginn den 1. Januar 2021 ofgeschaaft. Am Kontext vum Budget 2021, soll et dann eng Prime fir Salariéeë ginn, inklusiv Steiervirdeeler, wann déi sech um Kapital vun hirem Employeur bedeelegen.

Net vergiessen datt ee Scholde muss zréckbezuelen

Wann de Xavier Bettel gëschter a senger Ried konnt drop hiweisen, datt d‘Perspektive vun den ëffentleche Finanzen net méi ganz esou gräisslech ausgesinn, wéi dat nach am Etat de Kris de Fall war, esou géif ee mat engem Minus vu 4,4 Milliarden Euro, nach ëmmer een an der Geschicht eemolegen Defizit opweisen. Woubäi dat an alle Länner vun der Unioun de Fall ass, ass mir eis nach eenegermoosse gutt aus der Affär zéien.

Bis zum Joresenn wäert déi ëffentlech Schold bei 16 Milliarden Euro leien, wat 27,4% vum BIP ausmécht. Dat kléngt net gutt – ass et och net – mee et bleift bannent der Unioun nach ëmmer dee beschten Taux deen e Land Opweises huet.

D‘Regierung hält un der energetescher Transitioun fest, firwat et dann och eng Karbontax wäert ginn. Déi hei recoltéiert Sue sollten an ekologesch Projete fléissen. Konkret geet et ëm +5 Cent Accisen op Pëtrolsprodukter (Bensin an Diesel). Als „Géigeleeschtung“ erhale Salariéen, Selbststänneger a Pensionären ee Steierkredit an Héicht vu 96 Euro. D‘Allocatioun vir dat deiert Liewe soll ëm 10% gehéicht ginn.

Beim Logement huet de Premierminister nees dat blot vum Himmel verkënnt. De Budget vum Logementsministère soll ëm 11% ugehuewe ginn, an et wieren 150 Millioune fir de Bau vu Logementer an d‘Anhale vun den Objektiver, esou wéi am Logementspakt 2.0 genannt, virgesinn. Bei feelenden 20.000 Sozialwunnengen (mindestens) ka sech jiddereen ausrechne wat dat brénge wäert. Mee gutt et si schwiereg Zäiten an fir den Ament heescht et emol no vir kucken.

Foto: © Chambre des Députés/Flickr

Related topics Chamber, Pathos, Pragmatismus, Ried zur Lag vun der Natioun, Staatshëllef, Steieren, Xavier Bettel
Next post Previous post