Search

You may also like

US-President zu London erstaunlech verséinlech
Neiegkeeten

US-President zu London erstaunlech verséinlech

Mat esouvill Zousproch vum US-President konnt den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg

Brexit: d‘EU erhéicht den Drock
Neiegkeeten

Brexit: d‘EU erhéicht den Drock

En Donneschdeg hunn déi europäesch Staatscheffen den Drock op d‘Premierministesch

Fräi Tribün: Déi richteg Wahl fir eng gutt Zukunft
Neiegkeeten

Fräi Tribün: Déi richteg Wahl fir eng gutt Zukunft

D‘Matbestëmmung an de Betriber, an den ëffentlech-rechtleche Sozialversécherungen, an de

Ried zur Lag vun der Natioun: Éischt Reaktiounen

Ried zur Lag vun der Natioun: Éischt Reaktiounen

Wann den Debat an der Chamber zur Ried vun der Lag vun der Natioun och eréischt haut am Nomëtteg stattfënnt, esou hu sech dann awer Gëschter schonn emol d‘Fraktiounspresidente geneemegt, eng kuerz Stellungnam ofzeginn. Mir fänke mat der Koalitioun un a schléissen d‘Iwwersiicht mat den Oppositiounsparteien of.

D‘Majoritéit

DP – Fir de Gilles Baum huet de Premierminister eng ganz engagéiert Ried gehalen an esou kloer de beweis erbruecht, datt dat hie gewëllt ass d‘Land aus dëser Kris ze féieren. Et wéisst een elo wat op d‘Land duerkënnt, woubäi et dat Wichtegst ass, datt d‘Aarbechtsplazen erhalen an d‘Entreprise gerett ginn. Et war eng Ried mat vill Wäitsiicht, bei där et esouwuel ëm Steiergerechtegkeet wéi och Klimaschutz gaangen ass. Esouguer beim Logement hätt et kloer Linnen.

Déi Gréng – D‘Josée Lorsché huet d‘Längt vun der Ried an Zesummenhang mat de ville Krisen, deenen een sech elo ze stellen hätt, gesat. Si attestéiert dem Xavier Bettel keen Detail ausgelooss ze hunn an och d‘Léisungen ernimmt ze hunn. Déi sozial Kohäsioun, eng resilient Wirtschaft, de Schutz vun der Natur an eng besser Opstellung vum Gesondheetssystem, wieren dem Premier wichteg. Si ass iwwerzeegt, datt de Wierder elo och Dote follegen.

LSAP – De Goerges Engel vetrëtt de Standpunkt, datt de Premierminister keng zwou Stonnen an der Chamber geschwat fir „näischt ze soen“. De Xavier Bettel hätt eng gutt Iwwersiicht vun der Situatioun am Land gebueden an déi noutwenneg Mesuren ugekënnegt, fir d‘Land aus dëser Kris ze féieren. De Sozialist war erfreet iwwert de Fait, datt de Premier drop higewisen huet, datt de Lëtzebuerger Sozialmodell dee richtegen ass. Mat der Besteierung vun de Stock-Optioune géif de Staat iwwer 100 Milliounen anhuelen. Geld datt d‘LSAP nawell gäre fir de Klimaschutz opwanne wéilt.

D‘Oppositioun

ADR – De Fernand Kartheiser war siichtlech enttäuscht a werft dem Premier a senger Regierung vir sech dem Problem „Kris“ net déifgräifend unzehuelen. Hien huet dann och een zolitte Problem mam Fait, datt de Xavier Bettel déi finanziell Lag vum Staat erofgespillt huet. Datt hei d‘Zukunft vun de kommende Generatiounen um Spill steet, schéngt der Regierung net bewosst ze sinn. Och wat d‘Besteierung vun de FIS betrëfft, gouf op de Leescht geholl. Hei géif et Kloerheet feelen. Wat elo d‘Opnam vun neien Industrien an Entreprise betrëfft, wou de Premier eng Iwwerpréiwung vun der Nohaltegkeet am Virfeld fuerdert, do ass de Fernand Kartheiser zefridden. Et ass dat jo awer och eng al Fuerderung vun der ADR.

CSV – Fir d‘Martine Hansen ass d‘Siicht op d‘Ried vum Premier eng aner. A senger Ried hätt de Premierminister déi bestoend Situatioun beschriwwen an nach emol op de Koalitiounsaccord zréckgegraff, wat elo net esou prickelend gewiescht wier. Hien hätt wuel och eng Rei kloer Mesuren annoncéiert, mee vun enger „Perspektiv“ am Kontext vum Covid19 kéint een elo awer an dësem Zesummenhang net schwätzen. D‘Land bréicht awer elo Perspektiven, op wirtschaftlech, beim Klima, den ëffentleche Finanzen a ganz besonnesch dem Logement. Datt d‘Steierläscher solle gestoppt ginn, gëtt vun der CSV begréisst, mee esou ganz vertrauen dinn se dem Premier awer net.

déi lénk – De Marc Baum, dee scho a sengen Aussoen zur parlamentarescher Rentrée keng grouss Erwaardungen un dem Premier seng Ried gestallt hat, stellt fest, datt de Premier sech eng Aart Retrospektiv geleescht huet, dären eenzegen Zweck et war, sech selwer an dat bescht méiglecht Liicht ze stellen. Den eklatante Mangel un Perspektive sollt engem ze denke ginn. De Kampf géint de Chômage, déi sozial Ongläichheeten an d‘Aarmut, si keng „liberal“Prioritéit. Et géif dem Xavier Bettel méi ëm den Erhalt vun der Finanzplaz Lëtzebuerg, wéi ëm d‘Schafe vu bezuelbarem a sozialem Wunnraum.

Piraten – De Sven Clement ass dem Premierminister seng Ried pragmatesch ugaangen. Datt et nees eng Ried zur Lag vun der Natioun géif ginn, déi fräi vun aller Substanz ass, dorunner hätt hie sech elo gewinnt, firwat et kaum Erwaardungen am Virfeld ginn huet. Vill vun de genannten Zuele ware längst bekannt. Et „hätt ee festgestallt“ ouni dorausser déi richteg Léieren ze zéien. Dem Xavier Bettel wier d‘Logementskris nach ëmmer éischter egal, d‘Klimakris leider och. Zur Relance vun der Wirtschaft wier kaum eppes Konkretes gesot ginn, firwat d‘Piraten dës Deklaratioun beschtefalls als Retrospektiv unerkennen. Säi Fazit ass erschreckend éierlech: „Ech duecht ee ganzen Ament laang, datt eis hei ee ‚best of‘ vum Paulette Lenert senge Rieden zerwéiert ginn ass. D‘Leit awer erwaarde méi an dëse Krisenzäiten“.

Foto: De Sven Clement (Piraten) bedauert, datt d‘Ried vum Premierminister net op den eescht vun der Realitéit agaangen ass. Hie kann nëmme feststellen, datt de Premier seng Féierungsroll gëschter net gespillt huet, an dat wieren éischter schlecht Aussiichte fir 2021. © Chambre des Députés/Flickr

Related topics Chamber, Pathos, Pragmatismus, Ried zur Lag vun der Natioun, Staatshëllef, Steieren, Xavier Bettel
Next post Previous post