Search

You may also like

Wann d‘Pensioun hannen a vir net duer geet
Neiegkeeten

Wann d‘Pensioun hannen a vir net duer geet

Nodeems de fréiere Wirtschaftsminister Etienne Schneider de 4. Februar säi

Sommet vu Wladiwostok: Garantie fir Nordkorea!
Neiegkeeten

Sommet vu Wladiwostok: Garantie fir Nordkorea!

Et war dat éischt Treffen tëscht dem russesche President, Vladimir

Et solle méi Zich tëscht Wittlich a Lëtzebuerg zirkuléieren. Dobäi kënnt jidderee fir säin eegenen Trafic op!
Neiegkeeten

Et solle méi Zich tëscht Wittlich a Lëtzebuerg zirkuléieren. Dobäi kënnt jidderee fir säin eegenen Trafic op!

Eng Kéier d’Stonn soll den Zuch tëscht Lëtzebuerg a Wittlich

Ried zur Lag vun der Natioun: De klimatesche Prolog

Ried zur Lag vun der Natioun: De klimatesche Prolog

Iert et zur Ouverture vun der parlamentarescher Sessioun am Cercle komm ass, an esou also och nach iert de Premierminister seng Ried zur Lag vun der Natioun konnt halen, hunn sech eis Volleksvertrieder de Militante vu Mouvement „United 4 Climate Justice“ misse stellen, déi am Respekt vun de Covid19-Mesure virum Cercle zum Empfang Spaléier stoungen.

All déi verschidden Organisatiounen, Syndikater a Gewerkschaften, déi sech ënnert „United 4 Climate Justice“ zesummegedoen hunn, wollten d‘Rentrée vun der Chamber notzen, fir all den hei vertruedene Parteien nach emol an Erënnerung ze ruffen, datt et eng Klimakris gëtt. Si erwaarden a verlaangen och net manner vun der Chamber an der Regierung endlech Verantwortung ze weisen.

Si sech wuel bewosst, datt et vill Krisen – sanitär, wirtschaftlech, finanztechnesch a sozial – gëtt, déi een decidéiert muss ugoen. Trotzdeem, esou de Mouvement, ass et de Klimawandel deen eist Iwwerliewen am stäerkste bedreet. En zeréck zu engem Gesellschaftsmodell dee op ongehemmte Wuesstem setzt, wier net méi ze toleréieren. De Paräisser Accord misst voll a ganz ëmgesat ginn.

Ried© Fréderic Meys / United4ClimateJustice

Et geet hei emol fundamental dorëms, alles ze ënnerhuelen, datt d‘Äerderwiermung ënner 1,5°C gehale gëtt. D‘Regierung misst elo déi Mesuren huelen, déi dem Planéit net laangfristeg schueden, mee ganz am Géigendeel derzou bäidroen, dat dësen sech nees erhuele kann. D‘Zerstéierung vun den Ekosystemer géif zu weidere Krise féieren. Krise vun deenen ee sech net méi erhuele kann.

Net d‘EU an och net déi meeschte Länner, déi matverantwortlech fir de Klimawandel sinn, géifen sech dem Avis vun der Wëssenschaft unhuelen. Et wier awer imminent wichteg elo direkt, all déi Mesuren ze ergräifen, déi zu enger däitlech Spierbarer Reduktioun vun den CO²-Emissioune kënne bäidroen. Zu Lëtzebuerg géif een zudeem entgéint de gesaten Objektiver agéieren, wat falsch ass.

Esou hunn d‘Aktiviste festgestallt, datt et zanter 2017 nees an déi entgéintgesate Richtung géif goen an den Ausstouss vun Zäregaser nei Dimensiounen erreecht huet. Esou géif den ekologesche Foussofdrock fir all eenzelen Awunner vum Land, bei 16,31 Tonne CO² leien. Dat wier katastrophal an hätt eigentlech guer net dierften erméiglecht ginn. D‘Schold dofir wier de politeschen Egoismus.

Ried© Fréderic Meys / United4ClimateJustice

Déi Jonk – zu Lëtzebuerg an uechtert déi ganz Welt – hunn duerchaus Recht beonrouegt ze sinn, ugesiichts de Prioritéiten déi d‘Politik verfollegt an a Richtung „ongewëss Zukunft“ ënnerwee ass. Si revendiquéieren esou also och mat Recht eng nohalteg klimatesch a sozial Gerechtegkeet. Si – am Géigesaz zur Politik – vertrauen der Wëssenschaft a fuerderen datt endlech gehandelt gëtt.

Et ass wuel richteg, datt och de Premier a senger Ried zur Lag vun der Natioun, d‘Fro vum Klima „ugeschnidden“ huet, deen awer schéngt sech bis op ee puer Ausnamen, no Bréissel ze riichten, wat dem Mouvement net wäit genuch geet.„ United 4 Climate Justice“ fuerdert net manner vun der Regierung, wéi mam gudde Beispill virzegoen an entspriechend Klimaschutzmesuren ze ergräifen.

D‘Regierung muss elo effikass a sozial equilibréiert Mesuren huelen. Déi energetesch Transitioun an Effizienz musse séier virugedriwwe ginn. Et muss sech vun de fossillen Energie getrennt ginn, an d‘Leit mussen sech nees méi mat regionalen a saisonale Liewensmëttel ernieren. D‘Bierger misste verstäerkt sensibiliséiert ginn, fir sech all zesummen den Erausfuerderungen ze stellen.

Foto: © Fréderic Meys / United4ClimateJustice

Related topics Cercle, Demonstratioun, Klimakris, Klimawandel, Ried zur Lag vun der Natioun, United4ClimateJustice
Next post Previous post