Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Internationalen Dag vun eelere Mënschen: Géint sozial Isolatioun
Quiz

Internationalen Dag vun eelere Mënschen: Géint sozial Isolatioun

Am Kader vum Internationalen Dag vun den eelere Mënsche well

De militärhistoresche Musée zu Dikrech ass eng flott Vakanzendestinatioun
Quiz

De militärhistoresche Musée zu Dikrech ass eng flott Vakanzendestinatioun

Et ass (vir vill Leit) d‘Zäit vun der Summervakanz, an

An eisen Häerze lieft hie weider…
Quiz

An eisen Häerze lieft hie weider…

Et gëtt vill Journalisten am Tageblatt, mee et huet nëmmen

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten? – 2

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten? – 2

Kenns du des Lëtzebuerger Riedensaarten? - 2


Kenns du des Lëtzebuerger Riedensaarten? - 2

Question 1 of 10.

Mat sengem Latäin um Enn sinn

1. ni eppes geléiert hunn
2. net méi weider wëssen
3. ni Latäin geléiert hunn
Question 2 of 10.

Mam lénksen A an déi riets Täsch kucken

1. bei engem aneren virwëtzeg sinn
2. balucken
3. no Geld sichen
Question 3 of 10.

Goe wou de Keeser zu Fouss geet

1. spadséiere goen
2. op d'Toilett goen
3. op de Balcon goen
Question 4 of 10.

Briech der d'Auer net

1. Weess du d‘Auerzäit?
2. Ëmmer mat der Rou, iwwerhuel dech net
3. Pass op deng Auer op, déi war deier
Question 5 of 10.

Mokes op den Dokes

1. d‘Hoer geschnidde kréien
2. sech d‘Päif stoppen
3. der e puer op den Hënneschte kréien
Question 6 of 10.

Lauter Nullekackerten!

1. déi Duerchfall hunn
2. déi ze vill schaffen
3. déi näischt fäerdeg bréngen
Question 7 of 10.

Nach net dréchen hanner den Ouere sinn

1. ze vill duschen
2. ze jong sinn, nach keng Erfarung hunn
3. keen Handduch hunn
Question 8 of 10.

Blo a rout ass Baueremoud

1. Eppes passt net zesummen
2. Du hues kee Goût
3. Du hues en almoudesche Goût
Question 9 of 10.

Een éiweg um Läpp hunn

1. stänneg besoff sinn
2. een ëmmer hanneru sech hunn an en net lass ginn
3. keng propper Kleeder hunn
Question 10 of 10.

Sech wéi d'Aaxt am Bësch behuelen

1. E Wollef am Schofspelz sinn
2. en Trampel sinn
3. sech total donieft behuelen

Next question 1 of 10

All 10 questions completed!


Share results:

Kenns du des Lëtzebuerger Riedensaarten? - 2

Gefält dir moien.lu?

Abonnéier dech op eisen Newsletter
Keng Angscht, mir spammen net. Dir kritt 1 Newsletter pro Dag.

No eiser éischter Ronn lescht Woch hu mer och dës Kéier erëm e puer Riedensaarten eraus gesicht, déi s de nach net kenns. Mee wie weess, villäicht schneits de awer ganz gutt am Quiz of?

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch, Quiz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel