Search

You may also like

Rapport zur Sëtzung vum Regierungsrot bleift „schlicht“
International Neiegkeeten

Rapport zur Sëtzung vum Regierungsrot bleift „schlicht“

Am Communiqué zum Resumé vun der Sëtzung vum Regierungsrot vun

dislike
Malta weist Schëff mat iwwer 600 Migranten zréck
International Neiegkeeten

Malta weist Schëff mat iwwer 600 Migranten zréck

Malta huet um Sonndeg säi Refus confirméiert e Schëff, vun

Douanesgewerkschaft: Ongerechtegkeeten féieren zur Onzefriddenheet!
International Neiegkeeten

Douanesgewerkschaft: Ongerechtegkeeten féieren zur Onzefriddenheet!

Am Mee an Dezember 2018 hunn 2 Entrevuë mat der

Polen: Riichter fir den ieweschte Geriichtshaff, trotz bedenke vu Bréissel

Polen: Riichter fir den ieweschte Geriichtshaff, trotz bedenke vu Bréissel

Déi nei polnesch juristesch Autoritéiten, déi hir Existenz nëmmen enger kontroverséierter Reform schëllegen, déi vun der ultrakonservativer Majoritéit duerch- an ëmgesat ginn ass, hunn e Mëttwoch entscheet, d‘Nominéierung vu neie Riichter fir den ieweschte Geriichtshaff ze beschleunegen.

Bréissel gesäit dës „Praxis“ net mat engem gudden A, an hei geet et a Richtung Zerräissprouf. Déi lescht Woch hat Bréissel eng nei Etapp an der Prozedur géint Polen gemeeschtert. Zu Bréissel ass een iwwerzeegt, datt Warschau net zefriddestellen op d‘Suerge vun der Kommissioun geäntwert huet, déi d‘Onofhängegkeet vun der Justiz bedreet gesäit.

Den ieweschte Geriichtshaff a Polen hat sengersäits Ufank August matgedeelt, datt d‘Mesure, all déi Riichter iwwer 65 Joer an d‘Pensioun ze schécken, esou wei dat laut Gesetz säit Juli muss sinn, suspendéiert huet. An dësem Kontext sinn dem europäesche Geriichtshaff (EUGH) 5 prejudiziell Froe gestallt ginn. Vun enger Äntwert ass eis bis ewell nach näischt bekannt.

Angscht virun alen Huesen?

Ouni dovunner Notiz ze huelen, huet de neien Nationalrot vun der Magistratur (KRS), deen den Optrag huet, déi nei Kandidaten am Kontext vum neie Gesetz „auszewielen“ entscheet, d‘Prozedur zur Ernennung vun neie Riichter fir den ieweschte Geriichtshaff ze beschleunegen. Déi vum KRS ausgewielte Kandidaten, ginn dann duerch d‘Ënnerschrëft vum President Andrzej Duda bestätegt.

„Mir ginn esou gutt Gas wéi et ebe geet“, deklaréiert géintiwwer de Medien de Lescek Mazur, Chef vum Nationalrot vun der Magistratur. Dat verhënnert net, datt d‘Entloossung an d‘Pensioun aus Altersgrënn fir d‘Magistrate vum ieweschte Geriichtshaff, dee wuel e vun den Haaptpunkten an der Justizreform ass, zu engem zolitte Sträit tëscht Bréissel a Warschau gefouert huet.

D‘Verännerung vum Pensiounsalter, déi Ufank Juli per Gesetz a Kraaft getrueden ass, betrëfft 27 Magistraten, wourënner och d‘Presidentin vum ieweschte Geriichtshaff, Malgorzata Gersdorf. Déi Damm weigert sech hire Stull ze raumen, a berifft sech op d‘Verfassung, an där d‘Mandat vum Magistrat op 6 Joer festgeluecht ginn ass. Si misst also nach bis 2020 am Amt bleiwen.

Ofschid vum Rechtsstaat

D‘Suspensioun vun de lafende Prozedure sollt eigentlech déi ganz Situatioun fir e puer Méint blockéieren. Zumindest esou laang, bis eng Decisioun vum europäesche Geriichtshaff virgeleeën hätt.

Et sinn nämlech d‘Dispositioune vum Gesetz zum ieweschte Geriichtshaff, déi zu Bréissel d‘EU-Kommissioun gezwongen hunn, eng Prozedur wéinst Verstouss géint d‘Onofhängegkeet vun der Justiz, anzeleeden. Eng Prozedur déi an enger éischter Phas zu finanzielle Sanktiounen, an, sollt sech näischt änneren, och zum Entzuch vum Matbestëmmungsrecht kéint féieren.

Déi polnesch Regierung steet dann och am Mëttelpunkt vun enger europäescher Prozedur, fir den Ensembel vu Reformen déi, esou Bréissel, systematesch de Rechtsstaat bedreeën, well se der Regierung d‘Kontroll vun der Justiz zougestinn. Laut de Konservative vun der PiS-Partei, soll d‘Reform d‘Geriichter stäerken, an d‘Iwwerbleibsel vum kommunistesche Regimm eliminéiren.

mat AFP

Foto: Vill Pole sinn net mat der Reform, déi d‘PiS-Partei duerchgesat huet, averstanen. Och Bréissel gesäit den Ensembel vun de Reformen net mat engem gudden A. D‘EU-Kommissioun huet aus dësem Grond eng eemoleg Prozedur géint Warschau ageleet. © Wojtek Radwanski/AFP

Related topics EU-Kommissioun, Justizreform, Polen, Protest
Next post Previous post