Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ass et zu Lëtzebuerg zu enger plëtzlecher Verschlechterung vun de Wunnkonditioune komm?
Neiegkeeten

Ass et zu Lëtzebuerg zu enger plëtzlecher Verschlechterung vun de Wunnkonditioune komm?

Reegelméisseg verëffentlecht Eurostat Statistiken doriwwer, a wéi engem Zoustand sech

What the Fakt – Esou geet musikalesch Revolutioun!
Neiegkeeten

What the Fakt – Esou geet musikalesch Revolutioun!

Theobald Böhm – een Numm, deen de Wéinegste bekannt wäert

Editorial: D’Gefor vu Riets
Neiegkeeten

Editorial: D’Gefor vu Riets

Ronderëm d’Walen a Frankräich ass vill iwwert d’Gefor vu Riets

Rise for Climate Lëtzebuerg: Keng „Wonschlëscht“ dofir Revendicatiounen

D‘Regierung muss Verantwortung iwwerhuelen, elo!

Rise for Climate Lëtzebuerg: Keng „Wonschlëscht“ dofir Revendicatiounen

Den 20. Dezember huet de Kollektiv „Rise for Climate Lëtzebuerg“ der Regierung, oder villméi dem Premierminister Xavier Bettel (DP), der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng) an dem Energieminister Claude Turmes (déi gréng) e Bréif an eng Rei Revendicatiounen zoukomme gelooss. E Schreiwes dat mir iech net virenthale wëllen:

„Op dësem Joresenn hu mir de Pleséier iech, nee keng Wonschlëscht, net emol eng Lëscht mat Resolutioune, mee eng Rei Revendicatiounen zoukommen ze loossen. Revendicatiounen déi bei der Bierger-Agora zum Klima (13. Oktober) mat 500 Participanten ugeholl goufen.

Dëse spontane Rassemblement huet als Numm „Rise for Climate Lëtzebuerg“. Hien zielt vill Gesëschter uechter Europa. Tatsächlech mobiliséieren sech säit September d‘Bierger um ale Kontinent, an exigéieren elo direkt, esou laang wéi nach Zäit ass, eng Sozial- a Klima-Justiz.

Den 8. Dezember, fir de Klimaalarm auszeléisen an d‘Exigenzen ze bestätegen, ware mir zu eiser 2.000 déi sech um Marsch fir de Klima zu Lëtzebuerg bedeelegt hunn. Dat grad ewéi eis Bridder a Schwësteren zu Lissabon, Porto, Edinburgh, Kopenhagen, Stockholm, Genève, Paräis an eng weider honnert aner Stied…

Mir hunn et ze laang schleefe gelooss. Lëtzebuerg, duerch seng privilegiéiert Positioun am Häerze vum europäesche Finanzsystem, huet eng besonnesch Verantwortung. D‘Land dat esou e grousse Wäert op säin „Image“ leet, huet eng däitlech Virreiderroll géinteniwwer sengen direkten Noperen an, an Europa ze spillen.

Fir sech dovunner ze iwwerzeegen, brauch een sech nëmmen déi international Echoen unzekucken, déi et op d‘Annonce vun der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport ginn huet. Eng Moossnam déi esouwuel als Sozial- wéi Klima-Justiz ze bewäerten ass.

Mir sinn eis bewosst, datt de Koalitiounsaccord vun der Gambia II-Regierung an déi richteg Richtung weist, mee zur jëtzeger Stonn gi gutt Absichten net méi duer, et brauch Resultater an Doten. Mir stinn iech zur Verfügung fir iech eis Fuerderungen ze erklären.

Mir stinn un ärer Säit wann dir iech Amstand weist d‘Erausfuerderungen unzegoen, oder esou laang op de Stroossen, bis et zu entspriechende Moossname kënnt“.

Dat ass eng kloer Sprooch, an et sollt een erwaarde kënnen, datt sech zumindest déi gréng Ministere fir dëse Mouvement interesséieren. Op et allerdéngs kuerzfristeg méiglech ass eng EU-Steier vu 5% op d‘Beneficer ze erhiewe fir déi ekologesch Transitioun ze finanzéieren, dat steet an de Stären. D‘Käschte vun der ekologescher Transitioun sollen och net méi als Staatsdefizit gesi ginn.

Esou e puer vun de Revendicatioune, déi alleguerte Sënn maachen. Vill dovunner ze consideréiere bedeit awer och, datt Industrie a Wirtschaft sech bedeelegen. Déi ass leider méi um Profit wéi um Klima interesséiert an denkt bekanntlech nëmme vu Quartal zu Quartal. Fir d‘Kapital kënnt et net a Fro de Mënsch virun de Profit ze stellen. Ouni strikt Reegelen änneren déi sech och net.

Ähnlech Sujeten Äerderwiermung, Carole Dieschbourg, Claude Turmes, ekologesch Transitioun, Klimawandel, Revendicatiounen, Rise for Climate, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel