Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den OGBL hält d‘Iwwernam vun der BIL am A
Crazy International Neiegkeeten

Den OGBL hält d‘Iwwernam vun der BIL am A

Déi chinesesch „Legend Holdings corp.“ iwwerhëlt d‘BIL an den OGBL

cryinglove
EuGH uerteelt an der Flüchtlingsfro: Viktor Orbán net erfreet
Crazy International Neiegkeeten

EuGH uerteelt an der Flüchtlingsfro: Viktor Orbán net erfreet

Gëschter sinn zu Lëtzebuerg um europäesche Geriichtshaff d‘Kloe vun Ungarn

tongue
Sinn déi klassesch Parteien duerch kleng, nei Beweegungen bedroht?
Crazy International Neiegkeeten

Sinn déi klassesch Parteien duerch kleng, nei Beweegungen bedroht?

Wien sech, dem Spiegel Journalist Henrik Müller no, an Europa ëmkuckt,

tongue

Riseg Maniff zu Barcelona: D‘Katalane fuerdere Fräiheet fir déi politesch Prisonéier

Riseg Maniff zu Barcelona: D‘Katalane fuerdere Fräiheet fir déi politesch Prisonéier

Honnertdausende Katalanen hunn e Sonndeg zu Barcelona géint d‘Haft vun de néng Separatiste manifestéiert an d‘Erëffnung vum politeschen Dialog gefuerdert. D‘Police vu Barcelona hat am Nomëtteg 315.000 Participante comptabiliséiert.

Sechs Méint no den éischte Verhaftungen, hunn d‘Manifestanten déi grouss Avenue Paralel ageholl. Mam Slogan „mir wëllen datt dir nees Heem kommt“, ass e Message un déi als politesch Prisonéier bezeechent Separatiste geriicht ginn, déi an der Géigend vu Madrid inhaftéiert sinn. Si ginn alleguerte wéinst „Oprou“, „Ënnerschloe vun ëffentlechem Geld“, a „Rebellioun“ ugeklot.

„Mir sinn zu ëmmer méi, déi d‘Verrechtlechung vun der Politik denoncéieren (…) a soen, datt et eng demokratesch Léisung an dësem Konflikt muss ginn“, esou de Credo vun de katalaneschen Acteuren, déi den Opdrag haten d‘Manifest vun den Organisateure virzeliesen.

„Wëll si dem Wonsch no Onofhängegkeet net kënnen de Kapp erofschloen, versichen si et elo iwwert de juristesche Wee“ erkläert d‘Roser Urgelles, eng Enseignante vu 59 Joer. „Si mussen elo beweisen, datt Gewalt ugewannt ginn ass, fir déi Strofen auszeschwätzen, déi hinne passen. Also erfannen si dat. Mee mir wäerten och weiderhi friddlech manifestéieren“.

Den Opruff zur Maniff war vun enger Plattform vun Associatiounen a Gewerkschaften, déi am Mäerz gegrënnt ginn ass, gemaach ginn. Sënn an Zweck vun der Plattform ass et, „déi katalanesch Institutiounen“ an „déi fundamental Rechter a Fräiheeten“ ze verdeedegen.

Mat der Feststellung, datt déi katalanesch Sektioune vun den zwou grousse Gewerkschaften „Aarbechter Kommissioun“ an UGT sech un der Säit vun de separatisteschen Organisatiounen ANC an OMNIUM bedeelegen, hat zu Protest bei hire Membere gefouert, déi ni d‘Onofhängegkeet gefuerdert hunn. Dat ass dem Fait geschëlt, datt d‘Katalanen ënnerschiddlecher Opfaassung sinn.

Hei geet et net ëm d‘Onofhängegkeet

„Mee et ass keng Maniff fir d‘Onofhängegkeet“ justifiéiert sech de Generalsekretär vun der UGT-Sektioun, Camil Ros. „Et ass de Moment Brécken ze bauen. De Problem vu Katalounien kann net virun de Geriichter geléist ginn, mee duerch den Dialog an d‘Politik“.

An der zweeter Rei bei der Maniff, huet sech d‘Buergermeeschtesch vu Barcelona, Ada Colau, gewisen. Politesch lénks orientéiert, huet si ëmmer drop higewisen, datt si net fir d‘Onofhängegkeet ass. Dat stéiert si awer net drun, nieft dem President vum katalanesche Parlament ze manifestéieren, dee fir d‘Onofhängegkeet vu Katalounien militéiert.

Vill Manifestanten hunn dann och reklaméiert: „Puidgemont President“. Dee war bekanntlech an Däitschland verhaft ginn, a war viru gutt 10 Deeg nees op fräie Fouss gesat ginn, nodeems d‘Geriicht festgestallt huet, datt d‘Uklo fir Rebellioun juristesch net haltbar ass.

Dat huet déi spuenesch Magistraten net dovunner ofgehalen, en Donneschdeg hiren däitsche Kollege Piècen zoukommen ze loossen, déi d‘Existenz vu „Gewalt déi eng Rebellioun rechtfäerdegt“. Dat mat der Hoffnung, datt Däitschland awer nach de Carles Puidgemont un déi spuenesch Autoritéiten ausliwwert.

Un der Untersuchungshaft gëtt festgehalen

Déi fréier Presidente vun de separatisteschen Organisatiounen, Jordi Sanchez a Jordi Cuixart, sinn zanter dem 16. Oktober 2017 an Untersuchungshaft. Si waren nach virun der Proklamatioun vun der Republik Katalounien (27. Oktober) agespaart ginn. Si gi vu Madrid als den haarde Kär vun der Organisatioun betruecht, déi de Marsch fir d‘Onofhängegkeet ugefouert huet.

„Ech hunn un alle Manifestatiounen deel geholl an hu kee gesinn dee Gewalt ugewannt hätt, mat Ausnam vun der Police, wéi déi de Referendum néiergeschloen huet“, erzielt de Juan José Cabrero, e pensionéierte Camionschauffer vu 74 Joer.

Bei de Walen am Dezember, haten zwou Millioune Katalane (47,5% vun de Wieler) de Separatisten op en Neits d‘Majoritéit vun de Mandater am Parlament zougestane. Mee de Juan José Cabrero bleift pessimistesch: „Ech mengen net, datt ech nach déi onofhängeg Republik Katalounien erliewen. Mir hu kaum Ënnerstëtzung an der Welt, an d‘Leit verstinn net wat déi katalanesch Identitéit ka sinn“.

Mee et bleiwen de Parteien, déi sech fir d‘Onofhängegkeet ausgeschwat hunn, nach knapp fënnef Woche fir e Kandidat ze bestëmmen, deen d‘Presidence kann iwwerhuelen. Klappt dat net, gëtt et schonn am Juli nei regional Walen.

An engem Bréif, deen de fréiere Vizepresident Oriol Junqueras aus dem Prisong geschéckt huet, rifft hie seng Leit op kee Wee anzeschloen deen néierewou hiféiert. Hien huet et als eng zwéngend Noutwennegkeet presentéiert, elo direkt eng katalanesch Regierung ze bilden, fir datt d‘Regioun, déi ënner Momper vu Madrid gestallt ass, seng autonom Institutiounen zréckkritt.

mam Laurence Boutreux/AFP

Foto: 315.000 Manifestanten, esou d‘Police, hunn e Sonndeg fir d‘Fräiloossung vun den Inhaftéierte Politiker a Militanten, déi sech fir d‘Onofhängegkeet vu Katalounien ausgeschwat haten, agesat. Ausenanersetzungen tëscht Manifestanten a Polizisten huet et keng ginn. © Lluis Gene/AFP

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, Katalounien, Onofhängegkeet, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    5

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    8

  • Love

    0