Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

26 Mënsche stierwe bei enger Schéisserei am Texas
https://moien.lu/most-used-dating-apps-in-canada/

26 Mënsche stierwe bei enger Schéisserei am Texas

An enger Kierch am Texas huet e Mann, matten am

https://moien.lu/full-hookup-camping-in-ohio/
https://moien.lu/most-used-dating-apps-in-canada/

Dëse Mann war esou zefridde mam Iessen a Service, datt en 2.000 Dollar Drénkgeld ginn huet!

De Client muss wierklech immens zefridde mam Service gewiescht sinn,

surprise
Editorial: Koalitiounsgespréicher si kee Wonschconcert
https://moien.lu/most-used-dating-apps-in-canada/

Editorial: Koalitiounsgespréicher si kee Wonschconcert

Um Mëtternuecht war et zu Berlin endlech esouwäit: d‘Sondéierungsgespréicher sinn

Dat riskant Geschäft mat de Weltraumressourcen

Wann et domm leeft, muss de als Minister de Kapp duer halen

Dat riskant Geschäft mat de Weltraumressourcen

En Dënschdeg huet de Vizepremier a Wirtschaftsminister, Etienne Schneider (LSAP), op déi him gestallte Froen, am Kader vun engem „onglécklechen“ Investissement vun 12 Milliounen Euro, geäntwert. Dat Geld war als Participatioun un der US-Entreprise „Planetary Ressources“ geduecht.

Hei hat de Staat iwwert d‘SNCI, am Kontext vun der affichéierter Ambitioun sech als Acteur am Secteur vun der Weltraumerfuerschung, déi an d‘Täsch gegraff. D‘Regierung hat sech esouguer extra e Gesetz ginn, wat vill Entreprise scho motivéiert huet Lëtzebuerg als Standuert ze notzen, an eng ganz Rëtsch u neien Acteure sollt ulackelen. Dat et bei esou eppes „Neiem“ och emol zu engem Réckschlag kënnt, gehéiert och derzou.

De Staat hat, iwwert den Intermediaire vun de SNCI, d‘Sàrl Saam gegrënnt, déi d‘Geld an d‘Kapital vun „Planetary Ressources“ eragebottert huet. Wéi d‘Lompen ugefaangen hu mat sténken, huet d‘SNCI d‘Handbrems gezunn, a seng Participatioun zu engem symbolesche Präis ofgetrueden.

Gutt gesinn, propper Äntwert

Wann et elo och an der Natur vu „riskante Geschäfter“ läit, datt d‘Geld sech verflüchtegt, esou läit et gläichfalls an der Natur vun der Oppositioun, datt der Regierung, oder wéi an dësem Fall, dem Etienne Schneider, op Fanger geklappt gëtt. D‘Oppositioun huet hir Froe gestallt a krut geäntwert.

Den Etienne Schneider huet d‘Faiten, esou wéi se an de parlamentaresche Froen opgefouert goufen, net bestridden. Dofir huet de Wirtschaftsminister zum Risk, deen esou en Investissement mat sech bréngt, eng däitlech Erklärung ofgeliwwert. Wien, esou de Minister, Profit aus enger Aktivitéit zitt, muss och de Risiko vun eben dëser Aktivitéit matdroen. Dat misst och der Oppositioun aliichten.

Lëtzebuerg hätt sech elo gutt am Beräich vun der „New Space Economy“ installéiert, an d‘Risike wiere bekannt gewiescht, wéi ee sech virgeholl hat, Geld an eng Start-up ze stiechen. E Réckschlag wéi an dësem Fall, kann awer d‘Potential vun der wirtschaftlecher Entwécklung net a Fro stellen.

International Renommée onbeschiedegt

De Minister huet zudeem ze bedenke ginn, dat emol ofgesi vun dësem „Verloscht“, d‘Land sech als „Pionéier“ an Europa etabléiert huet, an eng 20 Entreprisen aus dem Secteur hire Standuert op Lëtzebuerg verluecht hunn. Dovunner géif och de héijen Technologie-Secteur profitéieren.

Wat d‘Kritik a Richtung vun der SNCI betrëfft, esou misst een sech hei emol de Bilan méi genee ukucken. Dës Institutioun huet scho vill Geld a renomméiert Entreprise gestach: Cargolux, SES, ENCEVO oder Paul Würth, si gutt Beispiller wéi et ka goen. Hei goufen iwwert déi lescht fënnef Joer, Dividenden an héicht vun eppes iwwer 164 Milliounen Euro „erausgezunn“.

Op dat fir d‘Oppositioun elo ausräichend verständlech war? Do wäert ee mussen op d‘Reaktioune vun deene waarden, déi eng Fro un den Etienne Schneider geriicht haten. Gutt et ass kee Spaass wann engem 12 Milliounen ënnert der Hand verluer ginn, mee esou richteg Wéi huet et net gedoen.

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, Planetary Ressources, Risikokapital, SNCI, Spacemining, Weltraumressourcen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel