Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Taxi: Mäi Präis, däi Präis an de Client ka kucke wou ee bleift
Kultur https://moien.lu/matchmaking-in-pubg-mobile/ dating sites in dc

dan mohler dating and marriage

Taxi fueren zu Lëtzebuerg ass alt esou eng Saach, besonnesch

What the Fakt – Wat ass da Péngschtméindeg?
Kultur https://moien.lu/matchmaking-in-pubg-mobile/ dating sites in dc

What the Fakt – Wat ass da Péngschtméindeg?

Och haut ass nees Feierdag, fir genau ze si Péngschtméindeg,

SnT an Honda op der Sich nom sécheren Autosschlëssel
Kultur https://moien.lu/matchmaking-in-pubg-mobile/ dating sites in dc

SnT an Honda op der Sich nom sécheren Autosschlëssel

De passive Schlëssel mécht engem d‘Liewen als Chauffeur méi einfach,

Haut hätt den amerikanesche Soulsänger Bobby Womack säi 75. Gefeiert

Haut hätt den amerikanesche Soulsänger Bobby Womack säi 75. Gefeiert

Hie gouf de 4. Mäerz 1944 zu Cleveland (Ohio) ënnert dem Numm Robert „Bobby“ Dewayne Womack gebuer. Als Sänger a Songwriter an de Museksriichtunge Soul a Rythm & Blues konnt sech de Bobby Womack eng Renommée opbauen.

E beweegte Liewen

Zesumme mat sengem Brudder Cecil – deen haaptsächlech mat senger Fra als Womack & Womack bekannt gouf, ass hie scho fréi vu sengem Papp, deen och Museker war, gefërdert ginn. Zesummen haten d‘Bridder eng Band, an dir kënnt iech et denken, si hu sech „The Womack Brothers“ genannt.

Et ass allerdéngs dem Sam Cooke – deen als ee vun de Pappe vum Soul bezeechent gëtt – geschëlt, datt de Bobby a säi Brudder an de professionelle Circuit erakomm sinn. Hien hat de Bridder Ufanks de 60er Joren e Plackevertrag ugebueden, dee si ugeholl hunn. Et war awer net alles „glänzend“…

Fir unzefänken huet „SAR Records“ der Band e neien Numm verpasst: „The Valentinos“. Et war däitlech kommerziell ausgeriicht, an awer haten si 1964 den éischten Erfolleg mat der Reprise vun „It‘s all over now“ (Rolling Stones). Mat dësem Hit koumen déi éischt Tantiemen op de Kont.

Nom Dout vum Sam Cooke am selwechte Joer, huet den 21 järege Bobby Womack, dem Sam seng Witfra bestuet, an domatter e gehéierege Skandal ausgeléist. Nodeems d‘Bestietnes an d‘Box gaange war, well de Bobby eng Affäre mat senger Stéifduechter hat, gouf dat ganzt bedreelech.

D‘Barbara huet absolut net appreciéiert, datt sech de Bobby mat hirer Duechter Linda „vergnügt“ huet, an op de Bobby geschoss. Datt wär dann eigentlech alles, wann net dem Bobby säi Brudder Cecil, d‘Linda eppes méi spéit bestuet hätt. Si hunn als Koppel hir eege Carrière bestridden.

Emol ass keemol…

Enn Dezember 1975 huet sech de Bobby op e neits bestuet, dat mam Regina Banks. Eng nei „Fra“ an en neie Liewensofschnëtt huet ugefaangen. 1976 kritt de Bobby Womack e Plackevertrag bei „Columbia Records“ a fënnef Joer méi spéit wiesselt de Museker iwwer bei de Label Beverly Glen.

Kee gudde Choix wéi sech sollt erausstellen. Déi hunn et mam bezuele vun Tantiemen net ganz esou Seriéis geholl wéi dat sollt sinn. 1985 aus dësem Grond op e neits e Wiessel, dës Kéier zu MCA. Hei war de Bobby Womack dann endlech „gutt opgehuewen“, an d‘Sonn war nees do.

Interessant am Liewenslaf: 1986 huet de Bobby Womack mat um Rolling Stones Album „Dirty Work“ matgeschafft. Hie séngt hei ënnert anerem mam Mike Jagger d‘Lidd „Harlem Shuffle“. 1997 huet sech de Bobby Womack nees der „chrëschtlech inspiréierter Musek“ zougewennt.

Wéi de Bobby Womack 2012 gewuer ginn ass datt hien Daarmkriibs huet, ass et lues awer sécher de Biergof gaangen. 2013 gouf du beim Museker d‘Alzheimer-Krankheet diagnostizéiert. Hien ass de 27. Juni 2014 am Alter vu 70 Joer zu Tarzana, Los Angeles (Kalifornien) verstuerwen.

Dat kënschtlerescht Schaffen

De Bobby Womack huet sech duerch seng elegant awer zeréckhalend Rhythmuslinn ausgezeechent an seng „stramm“ Stëmm erkennt een ëmmer nees erëm. Ab 1965 huet de Bobby säi Brout an éischter Linn als Studiomuseker a Produzent fir aner Bands verdéngt. Eréischt 1968 geet et lass…

Mat Lidder wéi „What is this“ oder It‘s gonna rain“ huet de Bobby Womack seng éischt „Hits“ erausbruecht. 1970 dann den éischte richtegen Debutalbum „Communication“ Am selwechte Joer schreift hien d‘Lidd „Breezin“, mat deem de George Benson sollt berühmt ginn.

Et ass gerullt, an d‘70er hunn dem Bobby gutt gedoen. „Lookin‘ for a love“, oder „Stop on by“ mee och „Daylight“, gehéieren ënnert villen aneren zu beschte wat de Genre sengerzäit ze bidden hat. 1981 huet de Museker dann der Welt säin erfollegräichsten Album „Poet“ virgestallt.

An eigentlech war et dat dann och schonn. 1993 koum nach e „best of“ Album eraus. Nom Album „Resurrection“ aus dem Joer 1994, wou hie vu groussaartege Gäscht, esou de Rod Steward, Keith Richards mee och de Stevie Wonder, begleet an ënnerstëtzt ginn ass, war d‘Loft ganz eraus.

Hien huet eigentlech haaptsächlech als Produzent geschafft, a seng Duechter GinaRe hat an engem Interview ugedeit, datt de Bobby Womack un eegene Kreatiounen den Interessi verluer hätt. 2010 huet den Damon Albarn (Gorillaz) hie gefrot fir beim Album „Plastic Beach“ matzeschaffen.

Dat huet Motivatioun ginn, an de Bobby huet zesumme mat de Gorillaz a Mos Def, den Titel Stylo als éischt Single Auskopplung opgeholl. Op „Cloud of Unknowing“ ass de Museker nach emol ze héieren. Si hate vill Spaass, an dem Bobby seng „Schaffenspaus“ en Enn.

Fir sech ze revanchéieren, huet den Damon Albarn mam Richard Russell mam Bobby Womack den Album „The bravest Man in the universe“ produzéiert, deen 2012 erauskomm, a war en totalen Erfolleg, konnt sech an den Top 36 vu Rolling Stone placéieren a gewënnt de Q-Award…

Foto: © beverly glen

Ähnlech Sujeten Bobby Womack, Musék, Rhythm and blues, Sam Cooke, Soul
Nächsten Artikel Virrechten Artikel