Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dës Kierche bleiwen definitiv am Duerf! Mee a wéi engem?
Neiegkeeten

Dës Kierche bleiwen definitiv am Duerf! Mee a wéi engem?

Et vergësst een et gären, mee am Fong fënnt een

Fox Session Ale: e coole Passe-Partout mat kaum Kalorien
Neiegkeeten

Fox Session Ale: e coole Passe-Partout mat kaum Kalorien

De Fox Session Ale vun der Fox Beers Luxembourg Sàrl

Den Taux vun de Gebuerten an der EU bleift relativ stabil
Neiegkeeten

Den Taux vun de Gebuerten an der EU bleift relativ stabil

1,60 Kanner kommen an Europa 2016 pro Fra op d’Welt.

Robert Mueller setzt Trump ënner Drock

Russland Affär zidd weider Kreesser

Robert Mueller setzt Trump ënner Drock

Wéi amerikanesch Medie beriichten, steet den Donald Trump mëttlerweil an der Schosslinn vum Robert Mueller. Deen huet als sonner-Procureur d’Enquête am Russland-Dossier iwwerholl. Dee soll nei Informatiounen hunn am Bezuch op de Fait, datt den Trump déi amerikanesch Justiz behënnert huet.

Alles „Blödsinn“?

Dem Trump ass wéi gewinnt den Hutt héich gaangen an huet op Twitter d’Informatiounen als „Blödsinn“ bezeechent. Him gëtt virgeworf, säi Walkampf-Team hätt enk Verbindungen zu de Russe während der Campagne gehat. Dat ganzt kéint wäitreechend Konsequenzen hunn. Sollt dem Trump nogewise ginn, datt hien d’Justiz behënnert huet, wier de Wee fir eng Destitutioun fräi.

„Si hunn eng falsch Kollusioun mat der russescher Affär fabrizéiert, si hu keng Beweiser fonnt an elo probéieren se mer mat der Geschicht vun der Justiz-Behënnerung ee Stréck ze dréinen. Sympatesch“, esou dem Trump säin Tweet.

Kuerz drop huet sech um Hillary Clinton vergraff, seng Rivalin bei der Presidentewahl. Si war kenger Poursuite ausgesat nodeems si vum FBI beschëllegt gi war, ee privaten eMail-Server benotzt ze hunn wéi si nach Ausseministesch war. „H de Krätzbock huet Telefone mam Hummer zerstéiert, e-Mails javeliséiert a säi Mann gedoen dem Justizminister ze begéinen iert et ee puer Deeg méi spéit wäissgewäsch ginn ass – an déi schwätze vu Behënnerung?“ Huet sech den amerikanesche President op Twitter goe gelooss.

Déi russesch Affär, déi seng Presidentschaft schwéier belaascht ass „déi gréissten Hexejuegd an der politescher Geschicht vun den USA“, sou den Trump weider. Dobäi huet de fréiere FBI-Direkter James Comey, deen den Trump entlooss hat, virun enger Kommissioun ausgesot, datt de President Drock op hien ausgeüübt hätt.

Direkt vum amerikanesche Geheimdéngscht beschëllegt d’Informatik-Piratagen vun der Clinton-Campagne gesteiert ze hunn, huet de russesche President Putin dat ganzt nees op seng ironesch Aart a Weis kommentéiert: „De Comey kéint politeschen Asyl a Russland kréien“, huet hien sech um Donneschdeg amuséiert.

De Kongress entschloss

Den amerikanesche Kongress schéngt allerdéngs net gewëllt den Drock op Russland ze verklengeren. De Senat huet um Donneschdeg nei Sanktiounen an ee Gesetzvirschlag ugeholl, deen dem Kongress erlaabt de President drun ze hënnere Sanktioune géint Russland opzehiewen.

Fir festzestellen op den Trump elo tatsächlech d’Justiz behënnert huet, ass laut dem Washington Post an dem New York Times, de Robert Mueller derbäi héich Responsabel vum Geheimdéngscht ze befroen. „Mat enger Erweiderung vun der Enquête kritt déi ganz Affär eng nei Tournure“ mengt de Washington Post a behaapt, datt d’Enquêteure och no potenziell Finanzdelikter bei de Mataarbechter vum Milliardär sichen.

Laut der Zeitung geíf sech dem Mueller seng Equipp am besonneschen op d’Finanzen an d’Geschäfter vu sengem Eedem an Beroder, Jared Kushneer konzentréieren. Doriwwer eraus soll de Procureur fënnef héich Beamten aberiff hunn, vun deenen der dräi bereet wiere gehéiert ze ginn. Dat wieren den Daniel Coats, deen all d’Agence geréiert; den Mike Rogers, Chef vun der NSA an deem säi fréieren Adjoint Richard Ledgett.

Skandaléis Fuite

Nach ëmmer bezunn op de Washington Post, géif sech de Mueller fir un engem „Echange“ tëscht dem Coats a senge Mataarbechter vum 22. Mäerz interesséieren. Deen hätt senge Leit uvertraut, datt de President hie gebieden huet beim Comey ze intervenéiere fir d’Enquête iwwert de Flynn falen ze loossen.

E puer Deeg méi spéit soll den Trump dann de Coats an de Rogers gebieden hunn, ëffentlech ze deklaréieren, datt et keng Beweiser fir eng Kollusioun tëscht sengem Ëmfeld an Russland gëtt. Laut dem Washington Post solle béid Männer dat awer refuséiert hunn. Ouni op de Fong vun de Beschëllegungen anzegoen, huet dem Trump säin Affekot eng „Fuite vun Informatioune säitens dem FBI betreffend de President als skandaléis, net ze entschëllegen an illegal“ ugeprangert.

De Vize-President Mike Pence huet dann och elo beschloss een Affekot anzestelle fir dem Mueller „ze hëllefen Äntwerten op d’Froen ze kréien“ sot en Donneschdeg säi Kommunikatiounsdirekter Jared Agen.

Experten no, ass et awer timlech onwahrscheinlech, datt de Justizministère d’Initiative ze ergräife fir de President unzekloen, och wann dem Mueller seng Enquête tatsächlech eng Behënnerung vun der Justiz géing noweisen. Allerdéngs géif et den Drock op de Kongress erhéije fir eng Prozedur, den „Impeachment“ unzegoen. Wobäi hei relativiséiert muss ginn, ëmmerhin hunn d’Republikaner am Kongress eng däitlech Majoritéit.

mam Anne Renaut/AFP

Foto: Archiv Foto vum Robert Mueller aus dem Joer 2013 AFP PHOTO / SAUL LOEB

Ähnlech Sujeten Donald Trump, FBI, Robert Mueller, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel