Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Beim parlamentaresche Bilan vun der ADR kënnt d‘Regierung net gutt ewech
online dating first message questions

Beim parlamentaresche Bilan vun der ADR kënnt d‘Regierung net gutt ewech

Wéi de Freideg d‘ADR hire parlamentaresche Bilan virgeluecht huet, ass

signs that he is dating another girl
online dating first message questions

best first message to send a girl on a dating site

Ronn 300 Schof hu sech, a Begleedung vun engem professionellen

What the Fakt – Virun 61 Joer rullt den éischten Trabi vum Band
online dating first message questions

What the Fakt – Virun 61 Joer rullt den éischten Trabi vum Band

Am November 1957 koum den Éischten, am Abrëll 1991 de

Denken ass eng Dugend, iwwerleeë verlaangt schonn eppes Talent

De Roberto Traversini huet sech eppes erlaabt wat een esou guer net vun enge Gréngen erwaart hätt

Denken ass eng Dugend, iwwerleeë verlaangt schonn eppes Talent

Am Süde vum Land sinn d‘Leit villes gewinnt an un den Opportunismus vu vill Gemengepappen a -mammen huet ee sech mëttlerweil gewinnt. Zudeem gëtt et weltwäit Beispiller déi eis weisen, datt och déi manner sozial – fir net ze soen „éierlech – Politiker absolut beléift sinn.

Dës nei politesch Eegenduerstellung fënnt sech elo och ewell a Kreesser erëm vun deenen ee wollt ugeholl hunn, dat sinn „déi Gutt!“. Immens bedauerlech hei: An der Gemeng Déifferdeng huet et eng politesch Kris, déi allem Uschäin no vum Député-Maire perséinlech ausgeléist ginn ass. De Roberto Traversini muss ech tatsächlech zolitten a schwéier dementéierbare Virwërf entgéintstellen.

Vun déi Lénk, der LSAP an der DP (woubäi déi lescht genannten um Krautmaart technesch gesinn esou eppes wéi seng „Partner“ wieren) kritt de Mann dee senger Gemeng zwee schéin Tierm histellt elo op den Zant gefillt. Hie soll an engem Haus dat hie geierft huet, ouni Baugeneemegung eng Rei Ëmbauaarbechten duerchgefouert hunn an esouguer e Gaardenhaischen opriichte gelooss hunn.

Gutt, dat ass u sech eigentlech am Land de Normalfall, woubäi et natierlech besser wier wann een als Buergermeeschter géintiwwer sengen administréierte Bierger mam gudde Beispill géif virgoen. Och als Deputéierte wier e virbildlecht Handelen ugesot, mee do geet ee séier emol dovunner aus datt et eng „Aktualitéit“ gëtt, déi esou kleng „Niewesächlechkeeten“ labber an de Schiet stellt.

Wann se dech all am A hunn

Et ass och absolut erlaabt gleewen ze wëllen, datt LSAP an DP (déi lénk maache bei esou eppes net mat) sech iwwert den Ëm- an Ubau éischter net geiergert hätten, wann dës Aarbechten elo net och nach vum CIGL-Déifferdeng duerchgefouert gi wieren. Dëse Betrib (Centre d‘Initiative et de Gestion Locale) ass eigentlech e „soziale Projet“ dee Leit hëllefe soll nees eng Aarbecht ze fannen.

Am eegene Wuertlaut heescht et: „De Verwaltungsrot an d‘Mataarbechter setzen sech dofir an, d‘Liewensqualitéit vun de Bierger ze verbesseren a sozial Verbindungen nees hierzestellen. Duerch d‘Bereetstellung a Schafe vun Aarbechtsplaze gi leit déi op der Sich no eng Schaff sinn gefërdert an ënnerstëtzt“. De President vun dëser Beschäftegungsmoossnam ass? Richteg de Roberto Traversini.

Traversini

screenshot 12. September

Beim CIGL wëll sech dozou keen äusseren an och de Jongen déi d‘Aarbecht gemaach hunn schéngt ee verständlech gemaach zu hunn, datt et ëmmer besser ass sech net mat der Press ze ënnerhalen. Zumindest wann ee sech iwwert eng weider „Verwendung“ géif freeën. A wat méi leit „näischt ze soen hunn“ wat de Verdacht erhäert, datt och hei keen Damp ouni Feier gemaach gouf…

Gutt Opgepasst

Déi vum Rot Gary Diderich (déi lénk) opgeworfe Virwërf sinn awer entspriechend krass. Esou seet den engagéierte Politiker: „Zanter enger gewësser Zäit ass d‘Haus vun deem Rieds geet, renovéiert ginn an dat ouni Autorisatioun. D‘Dieren an d‘Fënsteren si renovéiert ginn an och am haus selwer si Renovatiounsaarbechte gemaach ginn“. An et sollt net bei dëser pickéierter Remark bleiwen.

Esou steet de politesche Geschäftsmodell vun „déi gréng“ um Erhalt vun der Natur an dem Schutz vun eiser Ëmwelt. Fir de Gemengeconseiller e weider Nol deen et anzeklappe gëllt. An de Gary Diderich verweist a senger ëffentlecher Kritik op e weidere Punkt, deen engem sollt ze denke ginn:

„Schlëmmer nach“, esou de Lokalpolitiker „dat klengt Gaardenhaischen hannert dem Haus ass en enger grénger Zon an och nach an engem als ‚Natura 2000‘ ausgewisene Gebitt an der Naturreserv Prënzebierg geleeën. Et ass vergréissert ginn a befënnt sech am Ëmbau, esou datt een do vun engem Chalet schwätze muss. Dat alles och ouni datt et eng Autorisatioun dofir géif ginn“. Ma Nondikass!

Retroaktiv?

Bezitt ee sech elo op d‘Aussoe vun de genannte Parteien (déi lénk, LSAP an DP) dann huet fir béid Projete keng Autorisatioun ginn. Et wier awer den 9. Juli nodréiglech eng Demande agereecht ginn. Déi war un d‘Administratioun vun de Bëscher an Natur (ANF) adresséiert a bezitt sech op dat ominéist Gaardenhaischen, datt zu dësem Zäitpunkt scho wäit fortgeschratt war. An wat soen se?

D‘ANF seet dozou (och) guer näischt, dofir verweisen d‘Parteien op d‘Ënnerschrëft vum Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch a Parteifrëndin vum Député-Maire. Si hätt esou den 19. August nodréiglech dës Aarbechten autoriséiert. Stellt sech natierlech d‘Fro, op dës Autorisatioun konform zu geltendem Recht ass. Fir déi lénk, d‘Sozialisten an déi Liberal kann dat awer net de Fall sinn.

An dozou mengt de Gary Diderich: „Am Juni ass den neie PAG (Generellen Amenagementsplang) vum Déifferdenger Gemengerot ugeholl ginn, dat awer net ouni datt eng Rei Debatte ginn hätt, dat notamment well et drëms gaangen ass d‘Haus vum Buergermeeschter ze reklasséieren, dat an enger landwirtschaftlech genotzter Zon geleeën ass“. An dat géif net fir ugegrenzt Terraine gëllen.

Kee Vott?

De Conseiller vun déi lénk ënnersträicht dann och nach, dat dozou eng Fro un de Schäfferot gestallt ginn ass, de Punkt awer „verluecht“ gouf ouni datt et zum Vott komm wier, dat an enger net ëffentlecher Sëtzung. Dobäi seet d‘Gesetz, datt esou eng Decisioun nëmme mat de Stëmme vun enger zweedrëttel Majoritéit rechtens ass. Hei ass dann och rieds vun engem Transparenzdefizit.

Fir en Deputéierten dee sech héchstperséinlech agesat huet d‘Gesetz zum Ëmweltschutz an der Chamber duerchzekréien, sollten esou Beschëllegunge séier enger vollstänneger Klärung zougedroe ginn. Et wier sécherlech och kee Feeler, wa schonn net zeréckgetruede gëtt, zumindest d‘Mandat als Buergermeeschter rouen ze loossen, bis hei déi ganz Virwërf gekläert sinn. Erzwénge geet awer net.

Datt sech d‘Kommunisten hei zréckhale verwonnert. Dobäi kann een dem Conseiller vun der KPL, Ali Ruckert, net ënnerstellen datt hien dem Roberto Traversini de Réck géif stäipen. An och de Koalitiounspartner CSV, wëll d‘Affär net kommentéieren. Esou eppes léisst sech awer net einfach aussëtzen. Et dierf ee gespaant sinn, wat de Buergermeeschter déi nächst Woch dozou ze soen huet.

Ähnlech Sujeten CSV, déi gréng, déi lénk, Déifferdeng, DP, KPL, LSAP, Prënzebierg, Roberto Traversini, Zon Natura 2000
Nächsten Artikel Virrechten Artikel