Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Politesch Rentrée… an d‘CGFP setzt schonn direkt Akzenter
Kultur Neiegkeeten

Politesch Rentrée… an d‘CGFP setzt schonn direkt Akzenter

Am Kontext vun der politescher Rentrée huet den Daachverband vun

Gréng Luucht fir autonom Gefierer
Kultur Neiegkeeten

Gréng Luucht fir autonom Gefierer

Leschte Freideg huet d‘Regierung en „Appell säin Interessi ze manifestéieren“,

Stater Gemengerot: Vereedegung vum Guy Foetz
Kultur Neiegkeeten

Stater Gemengerot: Vereedegung vum Guy Foetz

Um Méindeg, de 7. Oktober 2019 huet d’Lydie Polfer, Buergermeeschtech

Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!

Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!
Legacy of Atlas - déi grouss Gewënner vum Owend! © Shari Pleimelding/moien.lu
Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!
Serpent Bite © Shari Pleimelding/moien.lu
Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!
Serpent Bite © Shari Pleimelding/moien.lu
Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!
Drife © Shari Pleimelding/moien.lu
Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!
Legacy of Atlas © Shari Pleimelding/moien.lu

De Publikum war aus dem Haisschen! © Shari Pleimelding/moien.lu
Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!
Legacy of Atlas © Shari Pleimelding/moien.lu
Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!
Legacy of Atlas © Shari Pleimelding/moien.lu
Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!
Fallen Lies © Shari Pleimelding/moien.lu
Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!
Irina © Shari Pleimelding/moien.lu
Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!
Majo do ware si houfreg! D'Gewënner vum Rock the South 2018 Serpent Bite © Shari Pleimelding/moien.lu

Vergaangene Samschdeg kruten um Rock the South véier Lëtzebuerger Bands d’Méiglechkeet, sech an hirer musikalescher Sphär ze beweisen. Hei huet een nees gesinn, wéi villfälteg déi national Musekszeen dach ass.

De Concours ass elo schonns fir déi 10. Kéier organiséiert ginn. D’Initiative fir de Rock the South koum deemools vun der Jugendkommissioun zu Péiteng a Kollaboratioun mam SNJ, dem Rocklab, 7FM, Radio Ara an Péiteng On Air. Jonk Newcomer-Bands haten hei d’Chance sech duerch hiert musikalescht Talent bei dëser Competitioun ze beweisen an esou flott Präisser ze gewannen.

Pünktlech um 19:30 Auer ass et lass gaangen. Déi véier ausgewielte Gruppe sinn bei hirem Optrëtt vun enger professioneller Jury bewäert ginn, déi dëst Joer aus zwee Membere vum Radio-Ara, dem Sänger vu Scarlet Anger engem Member vum SNJ an der Jugendkommissioun Péiteng bestanen huet.

No enger kuerzer Begréissung huet de villfältege Programm ugefaange mat Stelise, déi mat hire roueg-rockeschen, mee och melancholeschen Trip-Hop Kläng de Publikum a Stëmmung bruecht hunn. Uschléissend ass et mat Serpent Bite méi wëll ginn. D’Lëtzebuerger Metaller hu kräfteg an d’Säite gehae fir déi museksbegeeschtert Leit am Home St. Hubert mat ze rappen. Uschléissend konnt Drife säin Talent presentéieren. Majo a fir eng Band, déi et eréischt säit sechs Méint gëtt hu si dat mat hirem alternative rockege Stil op alle Fall gepackt. Ofgeronnt ginn ass de Concours mat Legacy of Atlas, déi dem Publikum gewisen hunn, datt och ee klengt Land grouss Kënschtler am Beräich Metalcore ze bidden huet.

All Band hat déi selwecht Konditiounen: an 30 Minutte misst ee sech beweisen a virun der Jury alles ginn. Nodeems déi véier Gruppen hir Optrëtter hannert sech haten huet de Jury sech zeréck gezunn, fir ee Gewënner ze ermëttele, wat bei esou villen talentéierte Museker a verschiddene Stiler guer net mol esou einfach ass. De Publikum ass awer net waarde gelooss gi mee gouf wonnerbar vu Fallen Lies an Irina ënnerhalen!

Verléierer gëtt et keng!

Beim Rock the South 2018 huet keng Band missen ouni Präis Heem goen, wat och nëmme richteg war! Folgendermoosse goufen d’Gewënner belount:

  •  Serpent Bite: Prix d’encouragement vun 100 €
  • Stelise: een Optrëtt bei „On Stéitsch“ 2019
  • Drife: eng Studioopnahm am Tounstudio AUDEO zu Lamadelaine
  • Legacy of Atlas: de Rocklab-Package am Wäert vun 1000 €

Do hat d’Metalcore Band wuel a voller Linn iwwerzeegt! Och wa si Newcomer sinn, hu si mat hirer Bühne-Professionalitéit an onbestreitbarer Maturitéit de Sall zum Biewe bruecht. An anscheinend hu si de Publikum esou matgerappt, datt esouguer ee klenge Circle Pit mat Pogo entstanen ass – an dëser Museksrichtung een Zeeche vu groussem Succès. Do ass et net verwonnerlech, datt déi jonk Kärelen 2019 nees um Festival optrieden dierfen, an Zukunft professionell encadréiert an ënnerstëtzt ginn an eng Memberskaart vum Rocklab kréien.

Iwwert eng Saach muss wuel net diskutéiert ginn: „An der Musek ginn et keng Verléierer“, wéi d’Sängerin vun Irina et esou schéi sot. Dëst Ausso ënnerstëtzte mir voll a ganz a freeën eis, dës Gruppen an Zukunft méi oft ze gesinn a virun allem ze héieren. Rock on!

Ähnlech Sujeten Concours, Drife, Legacy of Atlas, Musék, Rock the South, Rocklab, Serpent Bite, SNJ, Stelise
Nächsten Artikel Virrechten Artikel