Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lux-Airport: Prinzipiellen Accord fir d‘Erneierung vum Kollektivvertrag
https://moien.lu/best-bio-for-dating-profile/

Lux-Airport: Prinzipiellen Accord fir d‘Erneierung vum Kollektivvertrag

Den OGBL informéiert, datt si als majoritär Gewerkschaft zesumme mam

download match dating apk
https://moien.lu/best-bio-for-dating-profile/

hyuna dating rumors

Fuerscher aus Japan wëllen elo ee liewegt Mëschwiesen op d’Welt

Cargolux: D’Belugaen fléien den 19 Juli an Island!
https://moien.lu/best-bio-for-dating-profile/

Cargolux: D’Belugaen fléien den 19 Juli an Island!

Cargolux a SEALIFE Trust hunn elo den Datum fir den

Rock the South 2018 – Newcomer si wëllkomm!

Rock the South 2018 – Newcomer si wëllkomm!

Säit der éischter Editioun vum Rock the South am Joer 2009 gouf d’Konzept vum Newcomer Band Contest net verännert. Et ännert ee schliisslech näischt wat Succès huet.

Op Initiative vun der Jugendkommissioun huet d’Administratioun vun der Gemeng Péiteng wëlles lokal Museksgruppen ze ënnerstëtzen andeems si hinnen d’Méiglechkeet bidden opzetrieden. De Bandcontest, den Samschdes, de 15 Dezember 2018 um 19:30 Auer am Home St Hubert zu Péiteng stattfënnt, ass mat de Joren déi ideal Plattform gi fir jonke Museker hir Karriären ze ënnerstëtzen an hiert Talent ze weisen.

Mat Gewënner wéi Lost in Pain, Tuys, District 7 oder The Kooters ass de Festival stolz ee Sprangbriet fir national Museker ze sinn. Ausserdeem presentéiere si freedeg hir Partner am Beräich Radio: 7FM Luxembourg, Radio Ara an Péiteng On Air.

Fallen Lies, de grousse Gewënner vum Rock the South 2017 an d’Grupp Irina wäerte present sinn, fir d’Newcomer ze encouragéieren. Wien huet eigentlech behaapt, datt Lëtzebuerg net och grouss musikalesch Talenter ze bidden huet?

Rock the South

De Prinzip ass einfach: De Rock the South ass ee Concours, den sech u jonk Rockgruppen an Lëtzebuerger Neuankömmlinge adresséiert. Fir deel ze huele muss een divers Konditiounen (Mindestalter vu 15 Joer, Resident zu Lëtzebuerg, d’Moyenne vum Alter vun der Grupp dierf 25 Joer net iwwersteigen) an Lidder mat rassisteschem, homophobem oder sexisteschem Hannergrond ginn direkt vum Concours ausgeschloss. Den optrëtt ass op 30 Minutte limitéiert, fir a kuerzer Zäit säi ganzt Talent e musikalesche Charakter der Jury an dem Publikum ze weisen. Den Delai vun der Umeldung ass den 30. November, just 5 Gruppen oder Artiste ginn ausgewielt.

De Jury, den aus professionellen a passionéierte Museker besteet, bewäert den Optrëtt a wielt dorënner ee Gewënner aus, den de Rocklab Package am Wäert vun 1.000 € an eng Sessioun am Tounstudio AUDEO zu Rolleng erhale wäert. Um Rock the South 2019 sollen si natierlech dann och optrieden. Ee weidere Präis gëtt vum SNJ iwwerreecht a bitt d’Méiglechkeet um Festival „On Stéitsch 2019“ op ze trieden.

De Concours gëtt organiséiert a Kollaboratioun mam SNJ, dem Rocklab vun der Rockhal, 7FM Luxembourg, Radio Ara a Péiteng On Air. Den Entrée ass gratis. Als Ofschloss spillt de Gewënner vun der leschter Editioun „Fallen Lies“ an natierlech och de Grupp „Irina“.

Ähnlech Sujeten Bandcontest, Fallen Lies, Irina, Lost In Pain, Musekpräis, Rock the South, The Kooters, Tuys
Nächsten Artikel Virrechten Artikel