Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Israel-Palestina: D‘Onofhängegkeet vun deenen engen ass d‘Katastroph vun deenen aneren
cat genie hook up ukrainian dating scammers

https://moien.lu/what-if-your-best-friend-is-dating-your-crush/

De 14. Mee 1948 huet Israel seng Onofhängegkeet deklaréiert. Am

dating vegan guys
cat genie hook up ukrainian dating scammers

Gutt Nouvelle: D‘Salariéeë vun der SOCOM hunn hire Kollektivvertrag

Den OGBL-Departement „Bâtiment, Artisanat du Bâtiment et Constructions métalliques“ an

Totenhopfen: Laut der Etikett en „Lux Ale Original“ – Ass datt eppes Gutts?
cat genie hook up ukrainian dating scammers

Totenhopfen: Laut der Etikett en „Lux Ale Original“ – Ass datt eppes Gutts?

Wann ee berécksiichtegt, datt e „Craft Beer“, also een op

Rock the South 2018 – Newcomer ganz grouss!

Rock the South 2018 – Newcomer ganz grouss!

Säit der éischter Editioun vum Rock the South-Newcomer Band Contest 2009 huet d’Konzept sech nach net geännert. Duerch d’Initiative vun der Jugendkommissioun huet d’Péitenger Gemeng sech als Ziel gesat, jonken an lokalen Museksgruppen aus dem Süden vun Lëtzebuerg eng Chance ze ginn fir sech ze beweisen.

Den Rock the South, deen den 15 Dezember 2018 um 19:30 Auer zu Péiteng am Home St Hubert stattfënnt ass mat den Joren en fantastescht Treffen ginn fir jonken Museker eng Plattform ze bidden mat deier si hir nach jonk Karriäre starte kënnen an hiert Talent ënner Beweis stëllen. Mat Gewënner wei Tuys, District 7 an och nach The Kooters ass den Festival frou fir kënnen en Sprangbriet fir déi Lëtzebuerger Musekszeen ze sinn. 7FM Luxembourg, Radio Ara an den lokalen Radiosender Péiteng On Air sinn eis stolz Partner op der Radio Basis.

Fallen Lies, den Gewënner vun der 9ter Oplag vum Festival d’lëscht Joer an Irina sinn dëst Joer präsent fir d’Newcomer ze ënnerstëtzen. Lo kann keen méi soen, datt et zu Lëtzebuerg un Talenter feelt.

Rock the South

Fallen Lies, déi grouss Gewënner vun der 9. Editioun vum Rock the South, hun duerch de Concours hiren Duerchbroch gepackt!

Den Prinzip vum Rock the South ass ganz einfach. Et ass en Concours deen sech un Amateur Rockbands an, an éischter Hisiicht Newcomer an der Lëtzebuerger Zeen went. Natierlech gëtt et och puer Konditiounen fir dierfen deelzehuelen wei zum Beispill d’Residenz an den Alter vun den Participanten. Rassistesch, sexistesch an homophob Lidder ginn direkt vum Concert ausgeschloss an d’Dauer vun den Optrëtter ass op eng Zäit vun 30 Minutten limitéiert. Dës hallef Stonn geet vëllegen duer fir den public op seng Säit ze kréien an den Jury vun senger Perséinlechkeet an sengem Talent ze iwwerzeegen.

Dëst Joer gesäit d’Selektioun vun den Newcomer esou aus:

  • Drife (Alternative Rock, British Rock)
  • Legacy of Atlas (Metalcore)
  • Serpent Bite (Metal)
  • Stelise (Mélancholesche Rock , Trip-Hop)

D’Jury déi sech dësen Dag zesummefënnt, besteet aus professionellen Museker an passionéierten Musekkenner. Si bewäerten den Optrëtt vun all Band an stëmmen duerno zesummen iwwert en Gewënner vum Festival of. Ze gewannen gëtt et en Rocklab-Package am Wäert vun 1.000 Euro (Prouwen op der Bühn, musikalesch Ënnerstëtzung, professionellen Encadrement, eng Memberskaart) an eng Opnam am Studio audio-visuel AUDEO zu Rolleng. De Gewënner vun 2018 huet och d’Chance fir 2019 um Rock the South dierfen opzetrieden. Mat dem Gewënn, gëtt hinnen alles erméiglecht fir hir Karriäre ze starten.

En aneren Präis gëtt et nach vum SNJ, den dem Gewënner d’Chance gëtt fir um „On Stéitsch 2019“ en Optrëtt ze kréien.

Den Concours gëtt mat der Zesummenaarbecht vum Service National de la Jeunesse, dem Rocklab vun der Rockhal, 7FM Luxembourg, Radio Ara an Péiteng On Air organiséiert. Den Entrée fir den Public ass natierlech Gratis. Fallen Lies, d’Gewënnerband vum leschten Joer spillen um Ënn vum Owend gefollegt vun der Band: IRINA.

Kommt alleguerten laanscht an ënnerstëtzt déi Jonk an lokal Talenter bei hirem Wee no Uewen!

Ähnlech Sujeten Concours, Fallen Lies, Irina, Musék, Rock the South, Scarlet Anger, The Kooters
Nächsten Artikel Virrechten Artikel