Search

You may also like

Esch-Uelzecht: De Budget am Mëttelpunkt
Kultur Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: De Budget am Mëttelpunkt

Déi lescht Gemengerotssëtzung vun 2017 huet sech bal integral mat

D’Aarbechtslosenzuelen an Europa bleiwen am Dezember stabil
Kultur Neiegkeeten

D’Aarbechtslosenzuelen an Europa bleiwen am Dezember stabil

Am Verglach zum November 2017 huet sech am Dezember wéineg

En neien Tapis fir d’Rue Christophe Plantin (10.-12.10.2020)
Kultur Neiegkeeten

En neien Tapis fir d’Rue Christophe Plantin (10.-12.10.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt vun e Samschdeg, den 10.

Rock the South 2019 – Elo sidd Dir gefrot!

Rock the South 2019 – Elo sidd Dir gefrot!

Säit der éischter Editioun vum Rock the South – Newcomer Band Contest am Joer 2009 huet d’Konzept net geännert. Op Initiative vun der Jugendkommissioun gesäit d’Gemengeverwaltung vu Péiteng vir jonke lokale Museker eng Chance ze ginn sech op der Bühn ze beweisen. Dës Kéier wäert de Rock the South um Samschdeg, de 7. Dezember um 19:30 Auer am Home St Hubert zu Péiteng stattfannen.

Am Laf vun de Joren ass dësen Newcomer Band Contest zur idealer Plattform gi fir eng jonk Karriär ze lancéieren an ze ënnerstëtzten. Hei gëtt Talent presentéiert, an dat hunn an der Vergaangenheet scho Gruppe wéi Tuys, District 7 oder och The Kooters bewisen. Nieft dëse super Artisten ass een dann och besonnesch houfreg d’Partner am Beräich vum Radio dobäi ze hunn: 7FM Luxembourg, Radio Ara a Péiteng On Air sëtzen 2019 mat am Boot.

Bei dëser Editioun wäerten ënnert anerem Legacy Of Atlas, déi grouss Gewënner vum Rock the South 2018, an d’Grupp Lost in Pain op der Plaz sinn, fir déi jonk Talenter ze ënnerstëtzen. Do soll emol ee behaapten, Lëtzebuerg géif sech net ëm seng begaabt Leit këmmeren!

Rock the South 2019

Ëm wat geet et?

De Prinzip ass einfach: Rock the South ass ee Concours, dee sech un Amateur Rockgruppe riicht, déi nach ganz nei op der Lëtzebuerger Bühn sinn. D’Participatioun ass u verschidde Konditioune gebonnen, sou wéi beispillsweis de Mindestalter vu 15 Joer vun de Bandmemberen. Den duerchschnëttlechen Alter vum Grupp dierf dobäi 25 Joer net iwwerschreiden. Entscheet ee sech dozou, rassistesch, homophob oder sexistesch Texter presentéieren ze wëllen, ass ee vun Ufank un ausgeschloss. Diskriminatioun gëtt a kenger Form gedult.

Den Optrëtt ass pro Grupp op 30 Minutte limitéiert. Dës Zäit muss duergoen, fir de Jury an d’Ëffentlechkeet vun der Performance ze iwwerzeegen. Dir fillt Iech ugesprach a wëll d’Aventure ugoen? Da schreift Iech nach bis den 22. November 2019 an! Am Ganze gi 5 Gruppen/Artisten ausgewielt, déi beim Concours spillen dierfen.

Rock the South 2019

Déi grouss Gewënner vun 2018: Legacy Of Atlas

Ze gewanne gëtt et…

Ee Jury aus professionellen a passionéierte Museker bewäert déi eenzel Optrëtter a wielt de grousse Gewënner, deen ee Bong am Wäert vun 1.000 € entgéint huelen dierf fir dëse bei Holtz Sound, dem neie Partner vun dëser Editioun, auszeginn. Och bei der Editioun 2020 dierf de Gewënner mat dobäi sinn. Esou sinn all d’Ingrediente fir eng Karriär gebueden.

Dës weidere gëtt eng Opnam am Studio AUDEO zu Lamadelaine, sou wéi d’Participatioun um Festival On Stéitsch 2020 als ee weidere Präis vum SNJ gebueden.

De Concours gëtt organiséiert vum SNJ, Holtz Studios, 7FM Luxembourg, Radio Ara a Péiteng On Air. D’Entrée ass gratis a Legacy of Atlas, déi grouss Gewënner vun 2018, wäerten den Owend zesumme mat Lost In Pain feierlech ofschléissen.

Related topics Appell zur Kandidatur, Legacy of Atlas, Lost In Pain, Musék, Newcomer Band Contest, Rock The South 2019, Rockgruppen
Next post Previous post