Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kulinareschen Owend fir 6 nei Schoulkantinnen zu Madagaskar
https://moien.lu/online-dating-and-its-evils/

Kulinareschen Owend fir 6 nei Schoulkantinnen zu Madagaskar

E.D.I. Madagascar – Enfants Défavorisés de l’Île de Madagascar –

copenhagen speed dating
https://moien.lu/online-dating-and-its-evils/

is internet dating harmful speech

Wéi aus enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro ervirgeet, wéilt

Keng Energie méi? Mir hätten do eppes…
https://moien.lu/online-dating-and-its-evils/

Keng Energie méi? Mir hätten do eppes…

Et ass Weekend, an dir hat ze vill Stress? Hei

Rockgittarist Joseph „Joe“ Satriani feiert seng 61.

Rockgittarist Joseph „Joe“ Satriani feiert seng 61.

De 15. Juli zu Westbury (Long Island, NY) gebuer, huet den emblematesche Gittarist a Komponist längst seng Plaz an der Musekswelt fonnt. De Joe, dee sech am Alter vu 15 Joer selwer d‘Spille mat der Gittar bäibruecht huet, ass net vun ongeféier op dës Iddi komm.

Et war de Bericht zum Doudesdag vum Jimi Hendrix, deen hien am September 1970 gelies huet, deen dozou gefouert huet. Deemools nach ouni Ambitiounen an Erwaardung op wat nach komme sollt. Seng fest Plaz an der Zeen vu San Francisco krut den Joe Satriani dann awer schonn an der 80er Joren.

Mat 15 Soloalben tëscht 1986 a 2015 huet sech de Satriani verdéngt seng Plaz an der Geschicht geséchert. Mam 1997 erschénge „Joe Satriani“ war de Gittarist fir ee Grammy nominéiert an och vill vu senge Lidder haten et zu enger Nominatioun bruecht. Alles an allem stoung hie bis haut 14 mol op der Lëscht, et ass bis ewell awer nach net duer gaangen. Dofir huet an elo awer een Asteroid säin Numm: (274213) Satriani. Dee war den 5. Mee 2008 vum Jean-Claude Merlin entdeckt ginn.

Gespillt huet hien dann och mat de gréissten. Zum Beispill huet de Satriani keen anere wei de Richie Blackmore op der „Battle rages on“ Tournée vun Deep Purple ersat. Offiziell Opname gëtt et heivunner leider keng. Dem Joe säi Plackevertrag huet dat net erlaabt.

Ee gemeinsame Projet mam Sammy Hagar(Gesang), Michael Antony (Bass) – béid ex-Membere vu Van Halen – dem Chad Smith (Drums) – Member vun den Red Hot Chili Peppers) – ënnert dem Numm „Supergroup Chickenfoot“ ass vum Public enthusiastesch opgeholl ginn. Dräi Alben hunn se bis ewell produzéiert, woubäi de Livealbum zu den „Must Have“ gehéiert.

Net allgemeng bekannt, de Fait, datt de Joe Satriani och aner Leit gewisen huet wéi ee mat enger Gittar soll ëmgoen. Do sinn zum Beispill den Kirk Hammer (Metallica) den Tom Morello /Rage against the machine), den Alex Skolnick (Testament) oder de Steve Vai, haut selwer ee vun de Beschten.

Ma dann alles Guddes zum Gebuertsdag.

Foto: Archiv-Foto vum Joe Satriani um 100. Gebuertsdag vun „the Les Paul“ zu New York. E Gittarist eben dee weess wat gutt ass (© Mike Coppola/Getty Images/AFP)

Nächsten Artikel Virrechten Artikel