Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bal 1 Millioun Persounen hunn 2016 eng europäesch Nationalitéit krut
Kultur Neiegkeeten

Bal 1 Millioun Persounen hunn 2016 eng europäesch Nationalitéit krut

Gutt 995.000 Persounen hunn 2016 d’Nationalitéit vun engem EU-Membersstaat ugeholl.

LeDé Milestone – Lëtzebuerger Rapplines an der véierter Editioun
Kultur Neiegkeeten

LeDé Milestone – Lëtzebuerger Rapplines an der véierter Editioun

Leschte Freideg krut d’Lëtzebuerger Rapzeen ee staarken Album dobäi. Den

Neit Konfliktpotential a Libyen
Kultur Neiegkeeten

Neit Konfliktpotential a Libyen

Déi international Gemeinschaft hat sengerzäit eng wichteg Entscheedung getraff, a

Rockhal: Den James Bay a seng Arméi u weibleche Fans!

Rockhal: Den James Bay a seng Arméi u weibleche Fans!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Rockhal: Den James Bay a seng Arméi u weibleche Fans!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Rockhal: Den James Bay a seng Arméi u weibleche Fans!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Rockhal: Den James Bay a seng Arméi u weibleche Fans!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Rockhal: Den James Bay a seng Arméi u weibleche Fans!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Rockhal: Den James Bay a seng Arméi u weibleche Fans!
© Shari Pleimelding/moien.lu

Zesumme mat eise Jonge vu Seed To Tree ass gëschter Owend den englesche Singer-Songwriter James Bay an der Rockhal opgetrueden. Mam neien Album Electric Light, gefëllt mat Leidenschaft a Feier huet de Fraeschwarm de Lëtzebuerger Fans de Kapp verdréit!

Als éischt ass emol ee Bam geplanzt ginn. Ah nee, falsche Kontext! Eis léifst véier Museker vu Seed To Tree hu mat engem 30-minüttege Concert de Gäscht an der Rockhal Stëmmung gemaach. Ugefaangen huet d’Indie-Pop-Band aus Lëtzebuerg mat hiren zwee bekanntste Lidder Until It Gets Better an Take My Hand. Weider gaangen ass et mat weidere Songs bei deenen een am Wiessel mat Akustik- an E-Gittar, sou wéi dem Keyboard gewisen huet, datt eis klengt Land grouss Kënschtler Opweises huet.

Ee Kritikpunkt gëtt et an der ganzer Euphorie trotzdeem. Datt ee Museker net ëmmer weess, a wéi enger Sprooch e sech zu Lëtzebuerg un d’Leit adresséiere soll, ass bekannt. Enger Lëtzebuerger Band, an der och nach all Member dës Sprooch beherrscht, sollt et awer kee grousst Thema sinn, wéi ee mat de Fans kommunizéiert. Leider huet de Sänger Georges Goerens an dësem Fall haaptsächlech op Englesch zeréckgegraff, mat heiansdo engem Soupçon Franséisch dotëscht. Mir hunn et scho schued fonnt, datt emol eis lokal Bands net méi op déi eege Sprooch zeréckgräife wëllen oder kënnen.

Vun Hold Back The River bis Pink Lemonade

Virun allem weiblech Fans hu sech un dësem Owend zesummefonnt, fir dem Englänner begeeschtert nozelauschteren. Wou den James Bay schliisslech bis op der Bühn stoung, konnt een et da scho verstoen, wisou d’Fraleit esou verschoss an de Sänger sinn. Mam gefillsvolle Let It Go huet de Museker schonn 2014 vu Wäitem faszinéiert, en elo virun sech stoen ze hunn war wéi d’Kiischt um Kuch.

Säin Ufank huet den englesche Museker a senger Heemescht gemaach. Op eleng oder mat diverse Bands ënnerwee, hien huet e bëssi ronderëm probéiert. Als Support vum Tom Odell oder och Kodaline ass schliisslech de Label Republic Records op den 28 Järegen opmierksam ginn an huet hien 2012 ënner Vertrag geholl. Ab deem Zäitpunkt ass et fir de Bay steil Bierg erop gaangen.

Elegant a schwaarz gekleet stoung hien nu do mat senger Gittar am Grapp, de Mikro virun sech an et wollt een net méi ophalen, him nozelauschteren. D’Hoer ware mëttlerweil och nees ee Stéck nogewuess, wouduerch engem de Sänger mat senger welleger Frisur immens jonk virkomm ass. Dobäi huet een dësem moderne Rockstar ofgesinn, datt en zu all Sekonn op der Bühn immens Freed hat, wouduerch nëmmen ze hoffe bleift, datt hien och an Zukunft nees de Wee zeréck op Lëtzebuerg fënnt!

Ähnlech Sujeten Concert, James Bay, Let It Go, Rockhal, Seed To Tree
Nächsten Artikel Virrechten Artikel