Search

You may also like

Theaterstéck „E Känguru wéi du“ geet an d‘Verlängerung
Kultur Neiegkeeten

Theaterstéck „E Känguru wéi du“ geet an d‘Verlängerung

Si sinn nees do: den Django, en homosexuelle Känguru, a

Isaac Asimov: De Stär am Science Fiction Himmel
Kultur Neiegkeeten

Isaac Asimov: De Stär am Science Fiction Himmel

Et gi wéineg Nimm, déi so grouss an nohalteg kléngen

Lux-Airport: Prinzipiellen Accord fir d‘Erneierung vum Kollektivvertrag
Kultur Neiegkeeten

Lux-Airport: Prinzipiellen Accord fir d‘Erneierung vum Kollektivvertrag

Den OGBL informéiert, datt si als majoritär Gewerkschaft zesumme mam

Rockhal: Three Days Grace als musikalesch „Outsider“

Gëschter Owend ass d’Rockhal sengem Numm trei ginn an huet déi kanadesch Alternative Rock-a Post-Grunge Band Three Dys Grace op Lëtzebuerg bruecht. De Grupp ëm de Matt Walst huet dobäi nieft de Lidder vum neien Album „Outsider“ e puer al Schmökeren ausgepaakt, bei deenen jiddwereen am Publikum de Sänger stëmmlech begleet huet.

Fir d’Unheizen war un dësem Dag déi australesch Band RedHook verantwortlech. Wéi d’Sängerin Emmy verroden huet, sinn si no e puer Optrëtter a Groussbritannien schliisslech méi no an eis Richtung komm an duerften no Concerten bei eise franséischen Noperen den Haaptakt an der Rockhal begleeden.

Mat dëser weiblecher Energie hat wuel kee gerechent. D’Museker aus Sydney hu mat enger Mëschung aus gejäiztem Rap a Rock, a Kombinatioun mat engem Soupçon Elektro an Pop, wéi och mat douce geflüsterte Parts d’Leit am Sall zum Sprangen a Jubelen bruecht. De Groussdeel vun de Leit huet sech un hirer Musek an dem wibbelege Charakter vun der Sängerin immens erfreet. Bei Aneren huet éischter Skepsis duerchgeliicht. Si hunn d’Band vun de Beweegungen an der Stëmmung immens iwwerzeegend fonnt, allerdéngs hätten d’Kritiker de véierkäppege Grupp an de Beräich vun den Ufänger, bei deenen nach um Konzept geschrauft ka ginn, gestach.

D’Erfarung mëscht de Meeschter an esou denke mir, datt RedHook och an Zukunft gären nach an eiser Géigend gesi gëtt. Mir géifen eis op alle Fall freeën, déi iwweraus sympathesch Sängerin an hir 3 männlech Kollegen erëm ze gesinn!

Ugefaangen huet…de Bon Jovi?

D’Luuchte ginn aus, d’Fans jäize freedeg no der Band an et ertéint – domat hätt een net gerechent – d’Lidd „Livin’ on a Prayer“ vu Bon Jovi. Huch, da sange mir emol mat! A kuerz ier de Song bal eriwwer war setzt de Batteur Neil Sanderson an. Gefollegt vun den anere Museker ass d’Bild endlech komplett an de Concert ka lass goen.

Vun der éischter Sekonn hunn d’Museker d’Gäscht an hire Bann gezunn. Bis Ufank 2013 war et um Adam Wade Gontier, fir d’Hits ze performen. Aus diverse Grënn hat ee sech dozou entscheet, net méi mat him zesummen ze schaffen an de Matt anzestellen – ee Feeler war et op kee Fall! Wou mir ufanks immens skeptesch waren – et weess ee jo net op et mat esou engem prägnante Wiessel nach ëmmer déi selwecht Band ass – muss een zouginn, datt d’Museker kee bessere Choix hätte kënnen treffen.

Souwuel eeler Lidder, wéi „Animal I Have Become“ oder och „I Hate Everything About You“ verféieren nach ëmmer esou zum matsangen an dem Erophale vun de sougenannten Devil Horns, wéi fréier schonn. A Kombinatioun mat den neie Songs vum Album „Outsider“ ass den Optrëtt perfekt ofgerënnt ginn. Den Numm vum neien Disk huet Three Days Grace sech erausgesicht, wëll et genau dës Outsider sinn, déi am meeschten Impressiounen hannerloosse kënnen. Esou erkläert de Bassist: „Fir mech representéiert Outsider de Wee, zou sech selwer ze fannen.“

Et sollt awer net ausschliisslech mat haarden Téin, kräftege Gittar-Grëffer an dreiwenden Beats ëm sech geschmass ginn. Nee, dës Kanadier kënnen och douce sinn. An esou hu si, niefteneen sëtzend an equipéiert mat Akkustik-Gittar a Keyboard och roueg Kläng fléisse gelooss. Scho kuerz drop hu si sech dunn dozou entscheet och ee Fan mat op d’Bühn ze huelen, dee sech ee Lidd eraussichen an natierlech och matsangen duerft.

No enger Rei un Zugaben huet och dëse Concert missen op een Enn goen, leider. Mee et bleift ze hoffen, datt souwuel RedHook, wéi och Three Days Grace an Zukunft nees de Wee zeréck op Lëtzebuerg fannen!

Related topics Animal I Have Become, Concert, Musék, Outsider, RedHook, Rockhal, Three Days Grace
Next post Previous post