Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fashion Revolution Week 2019 – nach bis den 28. Abrëll!
Kultur Neiegkeeten

Fashion Revolution Week 2019 – nach bis den 28. Abrëll!

Dës weltwäit Campagne jäizt no enger fairer, sécherer a méi

Vu Gott an der Welt vergiess?
Kultur Neiegkeeten

Vu Gott an der Welt vergiess?

Tschetschenien, dat héiert sech un wéi wann et wäit genuch

Bei Noost-Konferenz zu Warschau maachen d‘Amerikaner Drock
Kultur Neiegkeeten

Bei Noost-Konferenz zu Warschau maachen d‘Amerikaner Drock

Bei der, ënnert der Leedung vun den USA, organiséierter Noost-Konferenz

Rock’n’Classics zu Beefort – De Programm 2019

Musikalesch Diversitéit mat fantastescher Kuliss

Rock’n’Classics zu Beefort – De Programm 2019

An de vergaangene Joren huet de Rock Classics@Beaufort Castle an MagiCastle Nights zu den Héichpunkte vun den Open-Air-Evenementer zu Lëtzebuerg an der Groussregioun gehéiert. Bekannt Gruppen a Museker si virun der molerescher Kuliss vum Beeforter Schlass opgetrueden, woubäi si duerch eng opwendeg Liichttechnik bei de Schlassmaueren de Publikum verzaubert hunn. Elo ass et um Rock’n’Classics ze iwwerzeegen!

Esou hunn ënnert anerem den James Blunt, d’Patti Smith, d’Amy McDonald, de Chris de Burgh, Revolverheld, Clueso an divers weider weltbekannt Museker de Wee op Beefort fonnt an esou ee Fest fir d’Sënner mat eemoleger Atmosphär geschaf.

Déi nei Concert-Rei, déi vun de Beeforter Schlassfrënn an Zesummenaarbecht mat Concertveranstalter „Kultopolis“ gebuer ginn ass, heescht elo „Rock’n’Classics“. Am Mëttelpunkt steet hei de Bannenhaff vum Renaissance-Schlass, dat am Joer 1649 erbaut ginn ass.

Hei ass eng lass!

  • Clair de lune – Natalie Dessay, Stella Grigorian, Shani Diluka
    Sonndes, den 18. August um 16:00 Auer
    Déi éischt Editioun besteet aus 7 Concerten: D’Natalie Dessay, d’Stella Grigorian an d’Shani Diluka lauden den neie Museksfestival am Nomëtteg vum 11. August an. An der Beeforter Parkierch entféieren déi dräi Kënschtlerinne mat hirem franséischen a russesche Programm „Clair de lune“ d’Visiteuren an d’Welt vun der Melodie a Poesie.
    Ticket: 40,00 € (www.luxembourgticket.lu – Tickethotline: 00352 47 08 951)

    Rock'n'Classic

    © Rock’n’Classic

  • Manfred Mann’s Earth Band
    Sonndes, den 11. August um 19:00 Auer
    An de 70er an 80er Joer huet dës Trupp mat Lidder, wéi „Blinded by the Light“ oder och „Spirits in the Night“ fir Opsinn gesuergt. Am Joer 1971 ass d’Grupp vum Manfred Mann gegrënnt ginn. Och wann et am Ufank laang gedauert huet bekannt ze ginn, sollt sech dëse Projet als immens erfollegräich fir de südafrikanesche Keyboarder erausstellen. No enger kuerzer Trennung läit de Fokus vun de Museker elo op de Live-Optrëtter, déi duerch klasseschen a progressive Rock gepräägt ginn, a vum Mainstream bis zum Pop ginn.
    Ticket: 49,00 € (www.luxembourgticket.lu – Tickethotline: 00352 47 08 951)

    Rock'n'Classic

    © Rock’n’Classic

  • Kiefer Sutherland & Band – Reckless & Me Tour 2019
    Dënschdes, den 13. August um 20:00 Auer
    A Filmer, wéi „The Lost Boys“, „Young Guns“ oder och „A Time to Kill“ huet de Kiefer Sutherland säi schauspillerescht Talent bewisen. Manner bekannt ass wuel seng musikalesch Oder. Scho säit 1992 spillt d’Welt ëm Melodien an dozou gehéiereg Texter eng besonnesch Roll am Liewe vum Acteur, deen am Joer 1966 zu London gebuer ginn ass. Mat senger Band kënnt hien am Kader vu senger „Reckless & Me Tour 2019“ um 13. August op Beefort.
    Ticket: 46,50 € (www.luxembourgticket.lu – Tickethotline: 00352 47 08 951)

    Rock'n'Classic

    © Rock’n’Classic

     

  • Queen Rhapsody – Natalia Posnova & Band
    Mëttwochs, de 14. August um 20:00 Auer
    Eng eemoleg Zäitrees erwart de Publikum um 14. August mat der spektakulärer Open-Air-Show „Queen Rhapsody“ vum Natalia Posnova. Als eenzeg Concertpianistin weltwäi dirf si Lidder vun der legendärer Band Queen op klassesch Aart a Weis interpretéieren. Als Mentor agéiert hei keen anere wéi de Brian May. D’Fans wäert eng Symphonie vu „Mercury & May“ mat Bach a Rachmaninov erwaarden. Begleet gëtt d’Natalia vu senger Band an de Peter Freestone, perséinlechen Assitent vum Freddie Mercury.
    Ticket: 33,25 € (www.luxembourgticket.lu – Tickethotline: 00352 47 08 951)

    Rock'n'Classic

    © Rock’n’Classic

     

  • Tour de Tango – Gustavo Beytelmann & Stella Grigorian
    Donneschdes, de 15. August um 20:00 Auer
    Zu engem „Tour de Tango“ lueden de Gustavo Beytelmann an d’Stella Grigorian um 15. August an. Den Duo besteet aus der Mezzosopranistin Stella Grigorian, sou wéi dem Gustavo Beytelmann um Piano, déi mat eis op eng Rees an déi feiereg Liewensenergie vum Tango ginn. Um Programm stinn d’Tangoen aus der ganzer Welt vum Carlos Gardel iwwert déi franséisch, russesch, italienesch an däitsch Komponiste bis hin zum Astor Piazzolla, ee gudde Frënd vum Gustavo Beytelmann.
    Ticket: 33,25 € (www.luxembourgticket.lu – Tickethotline: 00352 47 08 951)

    Rock'n'Classic

    © Rock’n’Classic

     

  • Lets Zep – Zeppelin’s Resurrection
    Freides, den 16. August um 20:00 Auer
    Um 16. August geet et mat „Letz Zep“ op eng Zäitrees an d’1970er Joer. No 2012 kënnt déi wahrscheinlech bescht Led-Zeppelin-Tribute-Band op der Welt nees zeréck op Beefort. Geadelt duerch de Led Zeppelin Frontman Robert Plant ass „Letz Zep“ keen Nostalgie-Evenement, mee eng musikalesch Revolt géint den Zant vun der Zäit an d’Vergiessen.
    Ticket: 35,00 € (www.luxembourgticket.lu – Tickethotline: 00352 47 08 951)

    Rock'n'Classic

    © Rock’n’Classic

     

  • Tubadiesel & Frano
    Samschdes, de 17. August um 20:00 Auer
    Um Schlussdag vum 17. August wäerte bekannt Klassiker vun der Rock- a Popgeschicht vun „Tuba Diesel“ nei interpretéiert an zu engem gekonnte Live-Pak zesummegestréckt. De Quintett huet mam Tuba, Akkordeoen, Gittar, Banjo a Battrie virun näischt Angscht an interpretéiert d’Hits op enger neier an ongewéinlecher Aart a Weis. Dobäi entsteet een besonnesch danzbare musikalesche Mix aus Reggae, Polka a Ska mat engem Soupçon Balkan a Klassik, zesumme mat e puer deftegen Alpenrockbeats.

    Rock'n'Classic

    © Rock’n’Classic

    Als Ofschloss vum Rock’n’Classic trëtt de 14 Joer jonke Frano Zivkovic op, dee schonn zuelräich Präisser fir seng musikalesch Leeschtunge kritt huet. Säit hien dräi Joer al ass spillt de jonke Kroat verschidden Instrumenter, dorënner Gei, Gittar a Piano. Zënterhier hien ënnert anerem vum Tommy Emmanuel gefërdert ginn ass konnt een de Frano net nëmmen op europäesche Bühnen, beispillsweis als Begleedung vun 2Cellos, John Scofield oder och Zucchero!
    Ticket: 29,00 € (www.luxembourgticket.lu – Tickethotline: 00352 47 08 951)

     

    Rock'n'Classic

    © Rock’n’Classic

Mat Virfreed op den August

Och schonn am viraus ginn um Beeforter Schlass eng Rei kulturell a musikalesch Evenementer organiséiert, déi ee sech net entgoe loosse sollt!

  • Festival Russo-Luxembourgeois
    Samschdes, de 29. Juni a Sonndes, den 30. Juni vun 12:00 bis 18:00 Auer
    Déi russesch Gemeinschaft zu Lëtzebuerg invitéiert häerzlech op déi 2. Editioun vum russesch-lëtzebuergesche Festival um Beeforter Schlass. Am Kader vum Kooperatiouns-Programm an de Beräicher Wëssenschaft, Educatioun, Kultur, Sport an dem Echange tëscht Jonken an dem Tourismus fir d’Joren 2019 bis 2021 wäert d’Evenement d’Villfalt vun der russescher Kultur weisen an de Kontakt, sou wéi den Austausch tëscht de Persoune mat verschiddenen Originne fërderen.
    De Programm mat Musek, Gesang an Danz kënnt dir HEI noliesen.

Méi Informatiounen?

Fir weider Detailer, besicht www.beaufortcastles.com, schreift eng E-Mail un contact@beaufortcastles.com oder rufft un ënnert der Nummer (+352) 83 66 01.
Mëttelalterlech Buerg a Renaissanceschlass: 24, rue du Château 6313 Beefort, Lëtzebuerg

Opmaacherbild: © Rock’n’Classic

Ähnlech Sujeten Beaufort Castles, Beefort, Concert, Festival, Programm 2019, Rock'n'Classics
Nächsten Artikel Virrechten Artikel