Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng erfollegräich Staffel mam Elmar Sprink a Sabrina Mockenhaupt beim Frankfurter Marathon
https://moien.lu/androgynous-dating/

Eng erfollegräich Staffel mam Elmar Sprink a Sabrina Mockenhaupt beim Frankfurter Marathon

Beim Frankfurter Marathon konnten den pjuractive härztransplantéierten Ironman-Finisher Elmar Sprink

https://moien.lu/craigslist-dating-wyoming/
https://moien.lu/androgynous-dating/

Eist Familljeliewen däerf der Digitaliséierung net zum Affer falen

Et si gutt Noriichten, wann de reforméierte Congé Parental bei

Ab e Freideg start d‘Wanteraktioun 2017/18
https://moien.lu/androgynous-dating/

Ab e Freideg start d‘Wanteraktioun 2017/18

Organiséiert vum Familljeministère, gëtt d‘Wanteraktioun vun dräi gemengnëtzegen Organisatioune geréiert.

Romain Schneider an natur&ëmwelt: een Echange fir d’Natur

Romain Schneider an natur&ëmwelt: een Echange fir d’Natur

Gëschter huet de Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung sech mat der Asbl natur&ëmwelt getraff fir ee konstruktiivt Gespréich ze féieren.

Den Echange huet sech virun allem op de Regierungs-Programm bezunn, mat Prioritéit um neien Déiereschutzgesetz. Och d’Entwécklung vun der biologescher Landwirtschaft zu Lëtzebuerg an d’Erausfuerderunge vun der Landwirtschaft 2.0 stoungen op der Dagesuerdnung, fir behandelt ze ginn.

De Minister Romain Schneider huet de virbildlechen Engagement vun der Associatioun natur&ëmwelt begréisst an den Asaz bei der Fleeg vu blesséierten Déieren an der Statioun zu Diddeleng gelueft. Dës Fleegestatioun huet mëttlerweil dräi „Drop-Off’s“, jeeweils zu Jonglënster, Klierf an Nidderfeelen, wou een d’Déieren ofgi kann. An de leschte Joren sinn hei d’Interventiounen immens an d’Luucht gaangen.

Zur Reform vun der politescher Landwirtschaft no 2020 huet de Minister ënnerstrach, datt hien an Zukunft an Ofstëmmung an am Echange vun alle concernéierten Acteuren zu Lëtzebuerg enk zesumme schaffe wëll.

(v.l.n.r.) 1. Rei: Roby Biwer, President vun natur&ëmwelt; Romain Schneider,  Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung; Lea Bonblet, natur&ëmwelt; Laure Cales, natur&ëmwelt – 2.Rei: Raf Strassen, Direkter vun der Fleegestatioun vir wëll Déieren; Andrée Loos, éischte Schäffe vum Landwirtschaftsministère; Felix Wildschutz, Direkter vun der Administratioun vum Veterinär -Service; Carlo Dahm, Administratioun vum Veterinär -Service © MA

Ähnlech Sujeten Fleegestatioun fir wëll Déieren, Landwirtschaft, Natur, natur&ëmwelt, Romain Schneider
Nächsten Artikel Virrechten Artikel