Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Professionell Formatioun: Ee Chantier ouni Enn
dating website after 50

Professionell Formatioun: Ee Chantier ouni Enn

Säit dem Ufank vum neie Schouljoer mussen d’Schüler vun de

political dating uk
dating website after 50

keep dating same type guy

Wéi d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) leschte Mëttwoch iwwert déi weider

ULC: Ënnerschreift d’Petitioun géint onsozial Bankfraisen!
dating website after 50

ULC: Ënnerschreift d’Petitioun géint onsozial Bankfraisen!

Am Januar 2019 huet den ULC an der Chamber eng

De Minister Romain Schneider zur Schouluebst-Kritik vum MECO

De Minister Romain Schneider zur Schouluebst-Kritik vum MECO

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider huet Positioun bezunn zur Kritik vum Mouvement Écologique. Heibäi geet et ëm de Communiqué „Schulobst – unerträgliche Diskrepanz zwischen Anspruch und Wirklichkeit: Landwirtschaftsministerium setzt bei Schulobst weder auf ökologische Kriterien und Gesundheitsaspekte noch auf eine regionale, biologische Produktion!“.

De Minister Schneider ass iwwerrascht, datt déi besote Kritik net direkt un hien adresséiert, mee eleng als Communiqué un d’Medie geschéckt ginn ass. Dobäi stellt hie kloer, datt d’Diere vu sengem Ministère ëmmer oppe stinn an invitéiert esou de Mouvement Écologique op ee konstruktiven Dialog am Landwirtschaftsministère, sou datt ee richtegen Echange mat Léisungen zum komplexen Thema stattfanne kann.

A senger Äntwert geet hien op verschidde Punkten zur Kritik um Schouluebst an. Den europäesche Programm fir Uebst an de Schoulen unzebidden ass zu Lëtzebuerg eng éischte Kéier am Joer 2010, no engem Treffen tëscht dem deemolege Landwirtschafts-, Gesondheets- an Educatiounsministère ëmgesat ginn. Dobäi war et eng Erausfuerderung ee System ze fannen, deen an alle Schoulen einfach ëmzesetze wier an déi administrativ europäesch Fuerderunge berécksiichtegt.

Doduerch, datt de Programm vum Schouluebst zum Deel vun der EU finanzéiert gëtt, ass et kloer, datt d’Reegele vum ëffentleche Maart respektéiert musse ginn. Duerch den Ëmfang vum Programm gëtt eng europäesch Vermëttlung gebraucht.

Déi einfach Ëmsetzung vum Programm stellt sech als kruzial Konditioun eraus, fir de Succès vum Programm ze garantéieren. Duerch déi héich Unzuel vu Liwwerungen huet een decidéiert spezialiséiert Distributeuren ze beoptragen, déi grouss Liwwerungen un d’Majoritéit vun de Schoulen am ganze Schouljoer sécher ëmsetze kënnen. Am Schouljoer 2018-2019 hunn méi wéi 360 schoulesch Sitte missen all Woch versuergt ginn. Dobäi muss den Distributeur een Deel vun den administrative Chargë vum Programm entgéint huelen.

Den aktuelle System fonctionnéiert gutt, sou datt déi grouss Majoritéit vun de Schüler (> 100.999) vum Programm profitéiere kënnen. De Präis ass ee wichtegen, mee net den eenzege Kritär. D’Charge vun der Liwwerung vum Schouluebst bezéien och d’Produktioun vu regionale Friichte mat an. Lëtzebuerg adresséiert sech hei un Äppel-, Bieren- a Muerteproduzenten, déi d’Schoulklassen och besiche kënnen, wouduerch de regionale Kritär verstäerkt gëtt. Lokal Produzente kënnen dës Missioun allerdéngs onméiglech eleng meeschteren a ginn esou vun aneren Distributeuren dat ganzt Joer laang ënnerstëtzt. Am Schouljoer 2018-2019 si bal 26 % vun den Äppel aus Lëtzebuerg komm.

Ganzer 5% vun de Friichten, déi den Distributeur fräi auswiele kann, mussen aus biologeschem Ubau kommen. Dobäi kommen d’Fairtrade-Banannen, déi och Bio-Qualitéit mussen hunn. Et ass een encouragéiert, fir weider biologesch Produiten unzebidden, mee bis elo ass Lëtzebuerg heira limitéiert. Am Schouljoer 2018-2019 ware 35% vun de Friichte Bio, allerdéngs net aus Lëtzebuerg.

D’Aufgab vum Ministère ass et, biologesch a konventionell Baueren nohalteg an dauerhaft ze ënnerstëtzen. Ee Bio-Aktiounsplang gëtt momentan mam Secteur ausgeschafft.

Ähnlech Sujeten Äntwert, Apel, Fairtrade, Landwirtschaftsministère, Mouvement Ecologique, Romain Schneider, Schouluebst
Nächsten Artikel Virrechten Artikel