Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wat weit méi: Mënscherechter oder Handelsbezéiungen?
International Neiegkeeten

jamie lynn spears dating

Op Aluedung vum tierkeschen Ausseminister, Mevlüt Cavusoglu, huet sech de

dating vintage fedoras
International Neiegkeeten

Kontroll vun de geféierleche Gidder am Stroossentransport

Am Kontext vun enger europäescher Kollaboratioun ënnert der Leedung vum

Den Iran trauert ëm d‘Affer vum Äerdbiewen
International Neiegkeeten

Den Iran trauert ëm d‘Affer vum Äerdbiewen

Wéinst dem schwéieren Äerdbiewen dat um spéide Sonndegowend mat enger

Roserei a Léisunge verwandelen

Franséische President rifft nom Biergerdialog

Roserei a Léisunge verwandelen

No wochelaangem Protest, Zerstéierungen a Gewalt, wëll den Emmanuel Macron mat sengem Vollek an d‘Gespréich kommen, op d‘Bierger zougoen. Et dierft allerdéngs keng mince Affär gi Roserei a Léisungen ze verwandelen… Wéi eng Roll kréien déi „giel Gileten“?

A sengem Bréif un d‘Fransousen, rifft de franséische President zum Biergerdialog op. An dësem Kontext solle 35 Theme – vu Steieren iwwer Migratioun bis hin zu Ëmweltschutz – tabufräi an oppen diskutéiert ginn. D‘Virschléi vun de Bierger sollen derzou bäidroen, datt et zu engem „neie Vertrag fir d‘Natioun“ komme kann. Nëmmen esou wier et méiglech d‘Aarbecht vun der Regierung an dem Parlament, esou wéi d‘Positioun vum Land an Europa an, an der Welt ze strukturéieren.

Bei dësem Dialog soll et keng „verbuede Froe ginn“ sot den Emmanuel Macron, deen allerdéngs och op eng Rei „rout Linnen“ higewisen huet. Fir de franséische President gëtt et zwee Themen, doriwwer soll net ze verhandele sinn: 1) d‘Recht op Asyl gëtt net a Fro gestallt; 2) déi partiell Sträichung vun der Verméigenssteier (ISF). A bei der Verméigenssteier geet et scho lass, déi nees anzeféieren, ass ëmmerhin eng vun de Grondfuerderunge vum Mouvement „gilets jaunes“

Eng programméiert Kakophonie?

Wann de „Biergerdialog“, deen an éischter Linn en ëffentlechen Debat ass, ofgeschloss gëtt, soll et e Mount drop zur Verëffentlechung vun engem Bericht kommen, an deem d‘Resultater an méiglech Proposen enthale sinn. Zu dësem Zweck huet sech de franséische President virgeholl, kräiz a queer duerch den Hexagon ze tingelen, fir sech mat de Lokalpolitiker ze treffen. Esou en éischte regional-Sommet soll scho muer stattfannen. Wéi den „Dialog“ mam Bierger soll ausgesinn, ass net kloer…

De Mouvement vun de giele Gileten, dee sech zanter November géint de „Macronismus“, awer fir méi Kafkraaft (an e bessert Liewen am grousse ganzen) asetzt, huet es mat „dëser Politik“ bis iwwer béid Oueren. Et geet beim Protest längst net méi nëmmen ëm Spritpräisser an Ekosteier. Déi giel Gileten, e Sammelsurium vu friddleche wéi gewaltbereete Manifestanten, verlaange villes a säi Géigendeel. Eng legitim „Féierung“ gëtt et net, firwat d‘Parteien sech dat zu Notze maache wëllen.

Ähnlech Sujeten Biergerdialog, Emmanuel Macron, Frankräich, Gewalt, giel Gileten, gilets jaunes, Macronismus, Protest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel