Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

New Horizons Festival: Als Metalhead op engem EDM Evenement
Kultur Neiegkeeten

New Horizons Festival: Als Metalhead op engem EDM Evenement

Eréischt 2 Joer ass et hir, datt den New Horizons

D‘Eisebunner stellen sech um Kierchbierg den EU-Transportminister entgéint
Kultur Neiegkeeten

D‘Eisebunner stellen sech um Kierchbierg den EU-Transportminister entgéint

Laut eiser Police, waren et ronn 250 Eisebunner aus Lëtzebuerg,

Veiner Nëssmoort 2019 – Mat Léift zur Noss!
Kultur Neiegkeeten

Veiner Nëssmoort 2019 – Mat Léift zur Noss!

Um 13. Oktober 2019 ass et nees esou wäit: den

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 1)

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 1)

Fir d’Period vum Confinement méi angenehm ze gestalten, schafft d’Ekipp vun de Rotondes verschidden Aktivitéite fir Doheem aus. Mam Hashtag #rotondeshomedelivery komme Kultur an Ënnerhalung direkt an déi eege véier Wänn.

Fir unzefänken proposéieren d’Rotondes:

  • Car-Stagnetten an Headbanger
    Bekannt vun den Editiounen 2018 an 2019 um Festival PICelectroNIC, kënnt Dir dës Gadgete direkt Doheem selwer zesummebastelen. D’Virlagen mat Uleedung a Biller fannt Dir HEI fir direkt erofzelueden. Mat engem Video op YouTube gëtt de System och erkläert.

Rotondes

© Rotondes

  • E Kuerf voller Geschichten an d’Zaubermillen
    Op den CD’e fannt Dir Audio-Adaptatiounen vum Betsy Dentzer senge Spektakelen. Dobäi ass d’Geschicht De Jacques an d’Bouneplanz aus dem Kuerf voller Geschichten op YouTube eropgeluede ginn. Op Spotify an Apple Music ass déi komplett Offer ze fannen.
    Weider Informatioune ginn et op der Internetsäit vun de Rotondes. Béid CD’e kënnen iwwert tickets@rotondes.lu Heem bestallt ginn. Op rotondes.lu kritt Dir weider Detailer zum Kuerf voller Geschichten an zur Zaubermillen.
Rotondes

© Rotondes

An nächster Zäit wäerte weider Propositioune vun de Rotondes op Facebook an Instagram verëffentlecht ginn. Et gëllt also Aen an Oueren opzehalen!

Opmaacherbild: Ausschnëtt vun der Zaubermillen © Rotondes

Ähnlech Sujeten Car-Stagnetten, Confinement, Covid-19, E Kuerf voller Geschichten, Ënnerhalung, Headbanger, Programm, Rotondes, Zaubermillen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel