Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D-Summit Climbing Open: ee Kampf, bis zur leschter Minutt
Neiegkeeten Stories

D-Summit Climbing Open: ee Kampf, bis zur leschter Minutt

De jonke Kloter-Club “D-Summit” vun Diddeleng huet den 27. Januar

70 Joer NATO: Zum Gebuertsdag e Bierg aus Gold
Neiegkeeten Stories

70 Joer NATO: Zum Gebuertsdag e Bierg aus Gold

Et ass jo net well engem no Feieren ass, datt

Däitschland: Eng Moschee fir den Erdogan?
Neiegkeeten Stories

Däitschland: Eng Moschee fir den Erdogan?

Gëschter huet den tierkesche President seng „Däitschlandrees“ mat der Aweiung

Roudbréck: Schmuele Business, grousst Häerz

Lëtzebuerger Design mat coole Spréch, d‘Roudbreck Sàrl lancéiert Spendenaktioun

Roudbréck: Schmuele Business, grousst Häerz

Sponsored Story: Et gëtt Leit déi an dëse schwéieren Zäite weder d‘Äerm hänke loossen nach hir Kreativitéit mat ënner Quarantaine gestallt hunn. Da kann net jiddereen, an heiansdo brauche Leit och Hëllef. Dat setzt Solidaritéit viraus. Een esou ee flotte Beispill hätte mir, a well kee säi Projet besser virstelle ka wéi deem wou en agefall ass, iwwerloosse mir de Mann hannert der „Roudbreck Sàrl“ d‘Wuert.

Roudbreck

Mäi Numm ass Emmanuel Simon, sinn 33 Joer a Staatsbeamten, mee zënter 4 Joer an engem Congé sans Traitement. Déi éischt 2 Joer gouf d’Welt bereest a an de leschte Joren hunn ech deels an de Tierkei an zu Lëtzebuerg gewunnt. Den Ament sinn ech zu Istanbul fräiwëlleg a Quarantaine well ech säit 2 Wochen den Houscht hunn. Graphikdesign ass schonn eng Rei Joren en Hobby an Enn 2018 gouf d‘Decisioun geholl eng Online Plattform opzemaache, dat fir organesch Kleedung mat Lëtzebuergesche Spréch ze promouvéieren.

Wéi et zu der Iddi komm ass

Dës Iddi ass ënnert anerem doraus entstane well mir kloer ginn ass, datt all gréissert Land dausende vun T-Shirten an eegener Sprooch huet. Zu Lëtzebuerg gëtt et dat an deem Mooss net, well de Maart ze kleng, an d‘Produktioun net wierklech wirtschaftlech ass. Dat wat et da gëtt, léisst de Leit wéineg Wiel, vun der Qualitéit bis zum Design. Zudeem ass oft net séchergestallt, datt d‘Shirten ënner faire Konditiounen hiergestallt goufen an organesch sinn.

Dowéinst sollt meng Plattform de Lëtzebuerger een fir allemol een anstännege Choix u Kleedung offréieren an hinnen en individuellt an “lëtzebuergescht” Erliefnes bidden, an dat ouni e schlecht gewëssen ze hunn, am Géigendeel. A fir datt de Choix och wierklech „onbegrenzt“ ass – dat gëllt natierlech och fir déi kriddeleg Gréissten, gëtt d‘Endprodukt op Bestellung gemaach, also de Shirt eréischt bedréckt, wann de Client sech dësen an de Sproch ausgewielt huet.

Promotioun vun eiser Sprooch

Dobäi kennt datt déi Lëtzebuergesch Sprooch a villen Domaine vernoléissegt gëtt (Stroossennimm, etc) an ech gesinn d’Kleeder als een Medium, fir d’Presenz vun der Sprooch am Land weider ze verbesseren an souwuel d‘Gefill vun Zougehéiregkeet ënnert de Lëtzebuerger ze verbesseren ewéi och d’Sprooch den Net-Lëtzebuerger méi no ze bréngen, se virwëtzeg ze maachen an hinnen déi witzeg a cool Aspekter vun eiser Sprooch nozebréngen.

RoudbreckA flott wier et dann och, wa mir no dëser Kris nees uechtert d‘Welt reesen dierfen, wann déi Lëtzebuerger Touriste mat „hirem „Sproch“ op den Tour géife goen. Op deene meeschte Plazen an der Welt wëssen d‘Leit näischt vun eisem Land oder datt mir eis eege Sprooch hunn. Mat engem T-Shirt vun der „Roudbreck“ dréit een esou och zur Bildung vun de Masse bäi.

Vill gutt Grënn eng ze ënnerhuelen an esou ass „Roudbreck Sàrl“ entstanen. Säit dem Oktober 2019 hu mir 250 ënnerschiddlech Designer an déi mir ubidde kënnen, an et gëtt un weideren Iddie geschafft. Mir erhiewen den Usproch déi gréisste Kollektioun vu lëtzebuergeschen Design a ville Beräicher unzebidden. Op Streetwear, heemeleg Déieren a villes méi, alles ka mat: lëschtege Spréch, Spréchwierder oder Spëtznimm opgewäert ginn.

Roudbreck

D‘Bekleedung gëtt esouwuel fir d‘Dammen, d‘Häre wéi och fir d‘Butzen. Am Sortiment hu mir Täsche fir op de Sport, an d‘Schoul oder fir akafen ze goen. Eis lescht Kreatioun: Schiertecher. Et wäert net derbäi bleiwen, an ech si ganz zouversiichtlech, dat nach et nach vill Potential huet, fir eis Sprooch am Land, an Europa an op der ganzer Welt ze fërderen.

Net alles fält vum Himmel

Et war mir och wichteg de Leit e „Lëtzebuergesch Erliefnes“ ze bidde vum Moment un wou se op de Site kommen, an och wann et sécherlech gewot ass, mee d‘Internetplattform ass exklusiv op Lëtzebuergesch gehalen. Si ass a vermuttlech deen eenzegen „e-Commerce Store“ deen integral an eiser Landessprooch gestalt gouf. An aus dësem grond ass eise Slogan: “Erlief wat eis verbënnt”.

An dunn hunn ech mir geduecht, wann ech de Leit eppes verkafen, da soll et och eng héichwäerteg Qualitéit sinn. Haut sinn d‘Leit motivéiert organesch Kleedung ze droe fir hiren Foussofdrock op d’Ëmwelt ze verklengeren. Ech hu mir scho méi laang doriwwer Gedanke gemaach an nohalteg liewen a schaffen ass net nëmme Gesond a séchert eis Zukunft of, mee ganz besonnesch déi vun de nofollegende Generatiounen. Mam gudde Beispill virgoen ass wichteg.

RoudbreckWéi agaangs bemierkt, d‘Geschäft berout net op risege Stéckzuelen, firwat „Roudbréck Sàrl“ der Definitioun „ganz kléng Entreprise“ gerecht gëtt. Faktesch ass et esou, datt Design, Web-Design an Entwécklung, Marketing an d‘Ecoute vum Client an enger Hand leien. Och d‘Sozial-Reseaue wëlle gefiddert ginn. Kléngt no vill Aarbecht, woubäi alles eng Fro vun der Organisatioun an Disziplin ass.

Em den Drock këmmert sech eng däitsch Societéit déi eng grouss Gamme un organescher Kleedung a ville Faarwen a Gréissten ubitt. Hei kommen déi neisten Digital-Drucker zum Asaz, an och hei gëtt ganz konsequent op Nohaltegkeet gesat, ouni dofir Ofstrécher bei der Qualitéit ze maachen.

Wisou den Numm Roudbreck?

„Eis Routbréck ass méi wéi eng Verbindung tëscht zwee Stater Quartieren. Si verbënnt d‘Vergaangenheet mat der Zukunft, den Alter mat der Jugend a Lëtzebuerg mat der internationaler Gemeinschaft. Et ass net nëmmen eng Ofkierzung zum Kierchbierg mä och eng Ofkierzung zu den Häerzer vun deenen anere Matbierger“.

Dëse Passage ëmfaasst alles wat d’Mark Roudbreck verkierpere well. A fir des Verbindung ze schafen setze mir op Kleedung. Am Resumé symboliséiert d Roudbreck wei och déi richteg Routbréck e Passage, an zwar een tëscht de Leit, den se all a Relatioun setzt.

Iddi zum Spendesammelen

Wann een sech mam Challenge deen d‘Isolatioun engem opzwéngt ausenanersetzt, dat während Famill a Frënn sech zu Lëtzebuerg befannen, ee Leit huet déi am Gesondheetsdéngscht schaffen, stellt ee sech onweigerlech d‘Fro, wat ze maachen ass fir ze hëllefen. Dank de neien Technologien, bleift de Kontakt jo erhalen, Distanze kréien en anere Stellewäert. Zur „Paus“ gezwongen, während anerer nach méi schwéier schaffe musse wéi am normalen, dat knat un engem.

Déi lescht Woch koum et mir. Firwat net Designer entwerfen, déi deene léifsten an der Heemecht d‘Moral stäipt. Esou koum de Kader „Zesumme staark“, deen d‘Leit fir hir Profilfotoen notze konnten. Vun do bis bei den T-Shirt war et net wäit, mee beim Gedanke „Profit ze maachen“ ware mir Zweiwel komm. Verschenke geet allerdéngs och net, firwat et eng Léisung gebraucht huet.

RoudbreckDunn ass mir agefall dat ee jo kéint T-Shirten entwerfen, déi de Sujet an dat richtegt Liicht réckelen an iwwert dee Wee Sue fir e gudden Zweck kënne gesammelt ginn. Beim Gedanken un d‘Bekannte bei der Santé war kloer wou d‘Geld muss higoen. Och wann et vill Beruffer gëtt déi sech fir d‘Bewältegung vun der Kris asetzen an eiser all Respekt verdéngt hunn, esou sinn d‘Gesondheetsberuffer, déi den Amant a wuel nach fir eng länger Zäit déi schwéierst Laascht ze droen hunn. Elo si mir zu Lëtzebuerg gutt opgestallt an och dem medezinesche Personal am Land geet et dem Ëmstänn entspriechend gutt.

Dat ass awer net iwwerall op der Welt esou. Dokteren ouni Grenzen (Médecins sans Frontières) sinn Géigenden ënnerwee, wou et esou eppes wéi ee Gesondheetssystem net gëtt. Si sinn, wann iwwerhaapt a ville Länner de Gesondheetssystem. Hir Moyene sinn esou begrenzt, wéi de Risk selwer krank ze gi grouss ass, an awer ginn si onermiddlech hirer Aarbecht no. Dofir sollen si ënnerstëtzt ginn.

Et leeft, elo misst nach just bestallt ginn

Wéi d‘Theorie stoung ass ee puer Deeg un den Designs geschafft ginn an zënter dem leschte Méindeg sinn se online. Trotz der klenger Reechwäit vu menger Page si bis elo si bis e Freideg eng 400 Euro zesummekomm an ech hoffen datt, mat der richteger Ënnerstëtzung do nach ganz vill Loft no uewen ass.

All dës Entwërf appelléieren un Solidaritéit tëscht de Leit a virun allem och vis a vis vu de Salariéen aus dem Gesondheetssecteur. Et geet ëm d‘Consignen déi een an dëser sanitärer Kris behäerzege sollt. Anerer si „witzeg mat engem seriöen Hannergrond“ a ginn op humoristesch Aart a Weis kritesch mam Behuele vu verschiddene Leit an der Gesellschaft ëm. Déi speziell Kollektioun fannt Dir ënnert www.roudbreck.lu/collections/solidariteit.

Generell sollen déi T-Shirte verschidden Ziler verfollegen:

  • Spezifesch fir dës Aktioun:
  • Solidaritéit an den Zesummenhalt vun der Gesellschaft fërderen;
  • wann d’Kris bis eriwwer ass als Erënnerung a Warnung dénge fir dat sech dës Kris net méi sou schnell widderhuelt.

Méi generell:

  • Dozou bäidroen dat Lëtzebuergesch sech an eiser Kleederkultur duerchsetzt an domadder eng Stäip fir d’Sprooch gëtt;
  • d’Attraktivitéit vun der Sprooch verbesseren an se méi bekannt maachen;
  • d‘Leit zum Kaf vu méi nohalteger Kleedung motivéieren.

Wëllt och Dir Är Solidaritéit op Facebook weisen, da kënnt Dir iwwert dës Säit Äre Kader vum Profilbild upassen.

Foto: © Roudbreck Sàrl

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Emmanuel Simon, Roudbreck Sàrl, Sanitär Kris, Spendenaktioun, Sponsored Story, Zesumme Staark
Nächsten Artikel Virrechten Artikel