Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Der Méisproochegkeet an dem Lëtzebuergeschen geet et gutt am Groussherzogtum
dating klaus mikaelson https://moien.lu/japanese-dating-apps-in-english/

heart dating login

Et ass kee Geheimnis, datt sech déi aktuell Regierung vill

husband always on dating sites
dating klaus mikaelson https://moien.lu/japanese-dating-apps-in-english/

Dat soziaalt Europa kënnt virun

Den 19. Februar ass et zu engem Accord tëscht dem

Déi Lénk: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.
dating klaus mikaelson https://moien.lu/japanese-dating-apps-in-english/

Déi Lénk: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.

Am décke Verkéier an am Stëbs hunn déi Lénk op dëser

Frankräich: e roude Schal géint d‘Gewalt?

De Mouvement „foulards rouges“ huet géint d‘Gewalt vun de „gilets jaunes“ demonstréiert

Frankräich: e roude Schal géint d‘Gewalt?

Laut deene, vum franséischen Inneministère virgeluechten Zuelen, hat de Mouvement vun de roude Schaler gëschter eng 10.000 Leit mobiliséiert kritt. De Mouvement vun de roude Schaler gesäit sech als Géigebeweegung zum Mouvement vun de giele Gileten, a fuerdert en Enn vun der Gewalt.

Si haten sech op der Place de la Nation Rendez-vous ginn, an hire Cortège ass ënnert dem Motto: „Verdeedegung vun der Demokratie an den Institutiounen“ vun der Police onbehellegt duerch d‘Stroosse vun der franséischer Haaptstad geleet ginn. Un der Spëtzt vum Ëmzuch hunn d‘Mënsche gejaut: „Jo zur Demokratie, nee zur Revolutioun“ a Fändele vu Frankräich an Europa geschwenkt.

Schaler

Wat dëse Mouvement allerdéngs a Fro stellt, ass dem Initiator Laurent Soulié seng Proximitéit zur Macron-Partei „La Republique en Marche“ (LREM). Den Ingenieur hat d‘Iddi vum „Mouvement“ am Dezember op Facebook lancéiert, an eigentlech op d‘Erkennungszeeche vun enger Protestgrupp zréckgegraff, déi sech schonn Enn Dezember géint d‘Blockade vun de Stroossen agesat huet.

Kritik och un der Police

Interessant hei: déi rout Schaler begrenzen hir Kritik net eleng op d‘Ausschreidunge säitens de giele Gileten, mee stellen och d‘Verhältnisméissegkeet vum Asaz vu Gewalt ausgoend vun der Police a Fro. Am Mëttelpunkt vun der Kritik, den Asaz vu Gummi-Geschosser a sougenannten „Grenades de désencerclement“, déi fir e sëlleche Verletzunge verantwortlech gemaach ginn.

Et si schonn immens vill Mënschen deels ganz schwéier blesséiert ginn, woubäi mam Ugrëff op de Jérôme Rodrigues um Samschdeg, eng vun de „Figure“ vum Mouvement getraff ginn ass. Säin Affekot, de Me. Philippe de Veulle huet géintiwwer de Medie behaapt, datt säi Client elo op engem A blann ass, an datt aner Demonstranten d‘Geschoss als Beweisstéck geséchert hunn.

Bensin fir dat politescht Feier

Keen „Ongléck“ ass schrecklech genuch, datt sech dorausser kee politescht Kapital schloe léisst. An dat weess och de lénks-oppositionelle Jean-Luc Mélenchon vun der „La France Insoumise“. Hien huet d‘Verletzung vum Jérôme Rodrigues opgegraff, an direkt de Récktrëtt vum Inneminister, de Christophe Castaner, gefuerdert. Datt ass Oppositiounsaarbecht déi sech net op Fakte bezéie muss.

Schaler

De Staatssekretär am Inneministère, Laurent Nunez, huet an engem Communiqué insistéiert, datt et den Ament keng Hiweiser gëtt, déi op eng Verletzung duerch e Gummi-Geschoss schléisse loossen. D‘Enquête vun der Policeinspektioun ass allerdéngs nach net ofgeschloss. Am Policebericht heescht et awer datt eng Granat, déi agesat gëtt fir d‘Leit ausenanerzedreiwen, Gummiskugele „verdeelt“.

Polizisten an de Grëff kréien

Am Kontext vum Asaz vu „Granaten“ a „Gummiskugelen“, déi an de leschte Wochen ëmmer méi an de Mëttelpunkt vun der Kritik gerode sinn, huet den Inneminister ugekënnegt, datt d‘Polizisten elo mat Kierperkameraen, de sougenannten „Body-Cams“ ausstafféiert ginn. Dat soll dem Zweck déngen, den Asaz vun de Sécherheetskräfte besser dokumentéieren ze kënnen.

Wéi laang kann sech de Mouvement vun de giele Gileten nach halen? Dat ass d‘Fro déi e sech haut stelle muss. Et ass kee „geschlossene“ Mouvement, wat och zu gréisserem Dissens innerhalb vum Mouvement féiert. D‘Aktivistin Ingrid Levavasseur, huet sech mat hirer Annonce, bei der EU-Wahl am Mee unzetrieden, an den „eegene Reien“ net nëmme Frënn gemaach. Do geet nach eppes…

mat indymedia/par

Foto: © EPA

Ähnlech Sujeten foulards rouges, giel Gileten, gilets jaunes, Granaten, Gummikugelen, Macronismus, Policegewalt, roude Schal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel