Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Oppe Froe beim SIGI gekläert
International Neiegkeeten

Oppe Froe beim SIGI gekläert

Op der leschter Komiteessëtzung vum SIGI virun der Summervakanz, waren

tongue
Den internationalen Dag vun der Pressefräiheet 2018, erkläert
International Neiegkeeten

Den internationalen Dag vun der Pressefräiheet 2018, erkläert

Haut um 3. Mee fënnt den internationalen Dag vun der

Stater Braderie: Vill Leit, vill gutt Geschäfter an e bëssi Politik
International Neiegkeeten

Stater Braderie: Vill Leit, vill gutt Geschäfter an e bëssi Politik

De „Fouerméindeg“ op deem an der Stad Lëtzebuerg déi traditionell

RoundUp: Monsanto zu San Franscisco an éischter Instanz veruerteelt

RoundUp: Monsanto zu San Franscisco an éischter Instanz veruerteelt

D‘Jury vum Geriicht zu San Francisco huet e Freideg de agrochemesche Konzern Monsanto fir Schëlleg befonnt, an dëse veruerteelt, dem Kläger 290 Milliounen US-Dollar Schuedenersatz ze bezuelen. Dat, well et erwise wier, datt Monsanto net iwwert d‘Gefore vum RoundUp opgekläert huet. De Konzern huet direkt nom Uerteel annoncéiert an Appell ze goen.

Fir déi Geschwueren ass et erwisen, datt Monsanto „noléisseg“ agéiert huet, an datt den Herbizid RoundUp, grad wéi seng „professionell Versioun“ RangerPro, entscheedend dozou bäigedroen huet, datt de Gäertner Dewayne Johnson erkrankt ass.

„Ech hu vill Ënnerstëtzung erhale säit de Prozess ugefaangen huet, vill Gebieder an Energie vu Leit déi ech net emol kennen. Ech si frou e Bäitrag an enger „Saach“ ze leeschten, déi mech ganz kloer iwwerfuerdert. An ech hoffen, datt dës Entscheedung derzou bäidréit, datt si déi Opmierksamkeet erhält déi noutwenneg ass“, esou de Kläger, Dewayne Johnson, an der Pressekonferenz.

Den Ufank ass gemaach

Nom Verdikt war dëse 46 järegen Amerikaner sengen Affekoten an d‘Äerm gefall. Zerrappt tëscht Tréinen a Laachen, haten d‘Affekote vum Dewayne Johnson iwwer 400 Milliounen US-Dollar Schuedenersatz gefuerdert, well d‘Produkter vu Monsanto fir d‘Kriibserkrankung vum Gäertner verantwortlech sinn, an de Konzern bewosst net iwwert d‘Geforen opgekläert huet.

De Konzern, deen elo zum däitsche Grupp BAYER gehéiert, ass zu 250 Milliounen US-Dollar, plus 39,2 Milliounen Zënsen, veruerteelt ginn. De Vizepresident vu Monsanto, Scott Partridge, war net erfreet, an huet géintiwwer de Journaliste gemengt: „D‘Jury huet Onrecht“.

Monsanto huet direkt op d‘Uerteel reagéiert, an kënnegt an engem Communiqué un, an Appell ze goen. De Konzern behaapt sech weiderhin drop, datt de Glyphosat, den aktive Stoff vum RoundUp, net Kriibserreegend ass, an esou hire Produit net un der Krankheet vum Kläger schold ass.

Fir déi ëffentlech Meenung heescht et: „Mir drécken dem Här Johnson a senger Famill all eis Sympathien aus. D‘Entscheedung vun haut, ännert näischt um Fakt, datt 800 wëssenschaftlech Etüden an d‘Conclusioune vun der amerikanescher Ëmweltschutzagence (EPA), national Instituter fir Gesondheet, grad wéi weider Autoritéiten zur Reguléierung an der Welt, bestätegen, datt de Glyphosat net Kriibserreegend ass, an esou och net de Kriibs vum Kläger ausgeléist huet“.

„Mir ginn an Appell an wäerten och weiderhin tatkräfteg dëst Produkt verdeedegen, datt säit 40 Joer ouni Gefor kann agesat ginn, an och an Zukunft en essentiellt Mëttel, Effikass an ouni Gefor, fir d‘Landwirt an aner Benotzer, wäert sinn“, esou Monsanto.

En historesche Verdikt

Laut engem vum Kläger sengen Affekoten, Brent Wisner, mécht de Verdikt kloer, datt „d‘Beweiser (vun der Geféierlechkeet vum Glyphosat) erdréckend“ sinn. „D‘Leit leide u Kriibs, well Monsanto hinne keng Wiel gelooss huet“, a mir sinn decidéiert bis zum Leschten ze kämpfen. Dee freet sech, wéi iwwerhieflech e Konzern muss sinn, fir, wei an dësem Fall, an Appell ze goen.

Déi Geschwuere waren den 8. August, no engem laange Mount vun Debatten, an d‘Deliberatioun vun dësem historesche Prozess gaangen. Deen éischten, dee sech mam méiglecherweis kriibserreegende Charakter vun de Monsanto-Produkter op Glyphosat-Basis beschäftegt huet.

Monsanto

De Vizepresident vu Monsanto, Scott Partridge, hält d‘Uerteel vun de Geschwuerene fir falsch. Glyphosat wier dat bescht wat der Landwirtschaft an alle Klenggäertner jeemools geschitt wier, an hätt 40 Joer laang kengem Mënsch e Leed gedoen. Et kéint net sinn, wat Monsanto mat iwwer 800 wëssenschaftlech Etüde bewisen hätt, datt hir Produkter Kriibserreegend sinn. © Josh Edelson/AFP

Den agrochemesche Konzern, déi kierzlech vum däitsche Grupp BAYER opkaf ginn ass, huet sech elo missen der Plainte vun dësem 46 järegen Amerikaner stellen. Deen huet den Herbizid RoundUp an déi professionell Versioun RangerPro, massiv am Kader vu senger Aarbecht als Gäertner agesat.

2014 ass beim Dewayne Johnson de Kriibs (Lymphogranulomatose) diagnostizéiert ginn. E Kriibs deen de Lymphsystem ugräift an onheelbar ass. Dem Papp vun dräi Kanner ginn d‘Dokteren, wann alles gutt verleeft, nach zwee Joer…

David versus Goliath

Den Dewayne Johnson, dee bis dohinner ni gesondheetlech Problemer hat, huet bei sengem Temoignage Enn Juli erkläert, datt him déi ganz Kontroversen iwwert de Glyphosat onbekannt waren, bis zum Dag wou hie „Flecken“ op senger Haut entdeckt, an sech am Internet informéiert huet. Do ass him den Zesummenhang tëscht senger Krankheet an dem Glyphosat bewosst ginn.

Fir seng Affekote gëllt et als erwisen, datt Monsanto säi Profit iwwert déi ëffentlech Gesondheet gestallt huet. De Konzern hätt keng Mëttel ausgelooss fir sech géint all Etüd ze wieren, déi dëst Produkt als potentiell Kriibserreegend entlarvt hunn. Monsanto, de „Goliath“, bleift derbäi: „de Glyphosat ass net Kriibserreegend, an dofir muss och kee virun enger Gefor gewarnt ginn“.

Wien sech elo wonnert, datt esou e Prozess iwwerhaapt konnt stattfannen, deem sief gesot, datt laut kaliforneschem Gesetz, d‘Justiz d‘Obligatioun huet, e Prozess ze organiséieren iert de Kläger verstuerwen ass. Dat erkläert, firwat, obwuel et dausende Prozedure géint Monsanto an den USA gëtt, dem Dewayne Johnson säin Dossier den éischten ass deen et zur Verhandlung bruecht huet.

„Mam Verdikt vun e Freideg“, esou de Robert F. Kennedy Jr., Member vum Affekoten-Team déi d‘Interesse vum Kläger vertrieden „wäert eng Lawin un neien Affären op de Konzern duerkommen, a mir wäerte fuerderen, datt den Appell en Urgence behandelt gëtt, well de Gesondheetszoustand vun eisem Mandant keng Verzögerung zouléisst“.

mam Glenn Chapman/AFP

Foto: De 46 järegen Dewayne Johnson nom Verdikt. Nach net sécher op hie laachen oder kräische soll, huet hie sech an d‘Äerm vu sengen Affekote fale gelooss. © Josh Edelson/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Dewayne Johnson, Glyphosat, Monsanto, Scott Partridge, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel