Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’universell Bréifwahl weist: Wann d’Peitsch näischt bréngt, muss d’Zockerbrout hier!
International Neiegkeeten

australia free online dating sites

Et ass elo offiziell: Et kann ee per Bréifwahl seng

consumer reports best online dating
https://moien.lu/rv-hookup-sacramento/
International Neiegkeeten

Bréissel: d‘Studente maache Blo a marschéiere fir de Klima

Laut den Autoritéite waren si zu hirer 12.000, fir d‘Organisateure

Elektro-Band KRAFTWERK erhält säin éischte Grammy
International Neiegkeeten

Elektro-Band KRAFTWERK erhält säin éischte Grammy

Gutt en halleft Joerhonnert no senger Grënnung huet déi legendär

RoundUp-Prozess: Monsanto geet an Appell

Verschleeft d‘Bayer AG den Dossier bis zum Ofliewe vum Kläger?

RoundUp-Prozess: Monsanto geet an Appell

Monsanto huet en Dënschdeg d‘Prozedur fir an Appell ze goe lancéiert. D‘US-Entreprise, déi zanter Juni zum däitsche Pharma- a Chimiekonzern Bayer AG gehéiert, war vun engem Geriicht zu San Francisco zu engem Schuedenersatz (plus Zënsen) condamnéiert ginn, nodeems e Gäertner, deen onheelbar u Kriibs erkrankt ass, geklot well seng Krankheet duerch de RoundUp ausgeléist gi wier.

Eng Affekotin vu Monsanto huet matgedeelt, datt d‘US-Entreprise en „Avis d‘Appell“ deposéiert huet. Dat ass déi éischt Etapp vu senger juristescher Demarche, vir op d‘Uerteel zréckzekommen.

Den 10. August hat eng Volleksjury vum Geriicht zu San Francisco zum Schluss komm, datt Monsanto mat „Béiswëllegkeet“ gehandelt huet, wéi d‘Entreprise de besonnesch kriibserreegende Charakter vum Glyphosat verheemlecht huet. D‘Herbizide vu Monsanto (RoundUp fir jiddereen, an de RangerPro fir déi professionell) wieren d‘Ursaach vun der Erkrankung vum Dewayne Johnson.

Fir de Gäertner vu 46 Joer, dee Kriibs am Endstadium huet, sollt Monsanto 289 Milliounen US-Dollar u Schuedenersatz bezuelen. Nodeems d‘Uerteel verkënnt ginn ass, huet Monsanto direkt seng Intentioun bekannt ginn, an Appell ze goen. De Chimiekonzern hat zudeem ganz offiziell d‘Riichterin, gefrot, en neie Prozess ze organiséieren, eng Prozedur Abseits vum Appell.

Den 22. Oktober hat d‘Riichterin, Suzanne Bolanos, déi d‘Debatte vum Prozess geleet huet, dëst Uerteel um Fong bäibehalen. An eigentlech hätt sech Monsanto, nodeems d‘Riichterin sech fir eng „Reduktioun“ vum Schuedenersatz, op 78,5 Milliounen US-Dollar ausgeschwat huet, sollen zefridde ginn. „Hätten“, well géint Monsanto lafen esouvill Kloen, do dierf keng Verluer goen…

David géint Goliath

Fir de Kläger eng denkbar ongënschteg Ausgaangslag. Den Dewayne Johnson hat sech mat engem Schuedenersatz vun 78,5 Milliounen offonnt, dat mat Zil „der Laascht vun engem neie Prozess aus de Féiss ze goen, a mat der Hoffnung, d‘Enn vun der ‚Geschicht‘ nach ze erliewen“, hunn d‘Affekote vum Familljepapp, deem d‘Dokteren nach héchstens 2 Joer ze Liewe ginn, erkläert.

Gewosst ass, datt den Dewayne Johnson, de RoundUp an de RangerPro am „groussen Ëmfang“, an am Kader vu senger Aarbecht als Gäertner vun enger Grondschoul, agesat huet. Dat ab 2012. Dëse Prozess war den éischten, den d‘Glyphosat-Produite vu Monsanto/Bayer op d‘Uklobänk bruecht huet. Aktuell sinn eng 8.000 Prozesser – nëmmen an den USA – um Instanzewee.

D‘Uerteel aus dem August, hat weltwäit fir Reaktioune gesuergt, wéi bei eise franséischen Noperen, wou de Glyphosat besonnesch kontroverséiert ass. Déi meescht Landwirt wëllen den Herbizid esou laang asetzen, bis eng bezuelbar a léisungsorientéiert Alternativ zum Glyphosat gëtt. Dee war 2015 scho vun der Weltgesondheetsorganisatioun als „méiglecherweis Kriibserreegend“ klasséiert ginn.

Juristesch Experten hunn duerchblécke gelooss, datt et eigentlech kaum eng Chance gëtt, datt Monsanto an dësem Fall mat engem Fräisproch rechne kann. Monsanto wier awer, wéinst de sëllechen Affären déi „en Cours“ sinn, gezwongen, de Schuedenersatz esou kleng wéi méiglech ze halen. Hei géif eendeiteg op Zäit gespillt, dem Affer eng onnéideg Belaaschtung zougemutt ginn.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Bayer, Dewayne Johnson, Ëmweltgëft, Glyphosat, Monsanto, RangerPro, RoundUp
Nächsten Artikel Virrechten Artikel