Search

You may also like

Corona-Moossnamen: Jo zu méi Virsiicht am ëffentleche Raum, Nee zum Agrëff an d‘Privatsphär
Neiegkeeten

Corona-Moossnamen: Jo zu méi Virsiicht am ëffentleche Raum, Nee zum Agrëff an d‘Privatsphär

D‘ADR deelt d‘Suerge vun der Regierung ëm déi weider héich

Ungarn mat strammen Areesbeschränkungen
Neiegkeeten

Ungarn mat strammen Areesbeschränkungen

Déi ungaresch Gesondheetsverwaltung mécht Ënnerscheeder tëscht de Risikogebidder, wat zu

Krich am Golf vun Oman
Neiegkeeten

Krich am Golf vun Oman

Bei engem Militärmanöver an de Gewässer vun Dschask an Tschabahar

Ganz der Traditioun no: Eng Rous fir de Prënz Charles

Vergaangene Sonndeg hunn déi Ierfgroussherzoglech Koppel mam Prënz Charles d’Mënsbecher Schlass a seng Rouse besicht. Zu Éiere vum klenge Prënz senger Gebuert a ganz der laanger Traditioun no ass nämlech eng Rous no him benannt ginn.

D’Rous ass en natierleche Patrimoine vum Groussherzogtum. Net fir näischt ass Lëtzebuerg fréier als „Land vun de Rousen“ betitelt ginn. Am Joer 1891 ass d’Traditioun opkomm, datt verschidde Rousen den Numm vun engem Member vun der groussherzoglecher Famill kréien. A wéi et sech gehéiert sollt och den Ziichter vun der Rous genannt ginn, deen an dësem Fall d’Ann Velle – Lens Roses aus der Belsch ass.

Nodeems S.A.R. den Ierfgroussherzog Guillaume a S.A.R. d’Ierfgroussherzogin Stéphanie d’Rousen vum Conservatoire bewonnert hunn, gouf schliisslech eng Rous zur „Prince Charles de Luxembourg“ benannt.

Déi kleng Zeremonie huet zesumme mam Jean-Paul Jost, dem Buergermeeschter vun der Gemeng Schëtter, sou wéi dem Mireille Steil a Dony Calmes, President a Vize-President vun der Associatioun Lëtzebuerger Rousefrënn, an de Comitésmemberen stattfonnt.

Als kleng Informatioun niewebäi: Am Joer 1980 huet sech d’Associatioun vun de Lëtzebuerger Rousefrënn gegrënnt. Duerch eng räichhalteg a laang Geschicht stellt sech d’Visitt vum Conservatoire net nëmmen als kulturellen Highlight, mee och als Rees zeréck an d’Vergaangenheet eraus.

Enn September gouf och e Bam zu Éiere vum Prënz Charles gesat.

Billergalerie: © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Related topics Daf, Guillaume, Land vun de Rousen, Lëtzebuerger Rousefrënn, Patrimoine, Prënz Charles, Prince Charles de Luxembourg, Rous, S.A.R. den Ierfgroussherzog, Stéphanie vun Nassau
Next post Previous post