Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
Neiegkeeten Stories

Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem

Wien et nach net gemaach huet, dee sollt sech onbedéngt

Nordkorea rifft sech an Erënnerung
Neiegkeeten Stories

Nordkorea rifft sech an Erënnerung

Entspriechend de südkoreaneschen Autoritéiten, huet Pyongyang hënt nees zwou Rakéite

AHA Lëtzebuerg: Zefridde mat temporärer Mesure fir Hochzäiten
Neiegkeeten Stories

AHA Lëtzebuerg: Zefridde mat temporärer Mesure fir Hochzäiten

AHA Lëtzebuerg (Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker a.s.b.l.) begréisst,

Eng Rous géint d‘Vergiessen: Tambower Jongen

Eng Rous géint d‘Vergiessen: Tambower Jongen

Um Virowend zum nationale Commemoratiounsdag hunn d‘Associatioun Lëtzebuerger Rousefrënn an d‘Amicale vun den „Anciens de Tambow“ an der Rosraie vum Mënsbecher Schlass d‘Daf vun der Rous „Tambower Jongen“ zelebréiert. Ee Geste deen derzou bäidréit, datt d‘Leide vun dëse méi wéi dausenden deportéierte Lëtzebuerger, och den zukünftege Generatiounen an Erënnerung bleift.

An hirer Ried ass d‘Presidentin vun der Associatioun „Lëtzebuerger Rousefrënn“, Mireille Steil ass op de Sënn an Zweck agaangen, firwat een enger Rous de Numm „Tambower Jongen“ gëtt. Hei ass et wichteg sech als éischt emol an Erënnerung ze ruffen, datt d‘Geschicht vun der Rous selwer ganz enk mat därer vun eisem Land verknäppt ass. Si ass, war a bleift en Ambassadeur vu Lëtzebuerg.

RousD‘Presidentin vun der Associatioun „Lëtzebuerger Rousefrënn“, Mireille Steil: „Mat dëser Rous wierdege mir déi, wou géint hire Wëllen aus hire Famillje gerappt goufen, an droen esou och en Deel bäi, datt dëst Kapitel an der Geschicht vun eisem Land net a Vergiessenheet geréit“. © Martine de Lagardère/moien.lu

Et sinn elo geschwënn 75 Joer hir, datt déi lescht vun de Faschisten deportéiert Lëtzebuerger Jongen nees an hir Heemecht konnten zeréckkommen. Si waren déi lescht déi de Russ „goe gelooss“ huet, a vill vun deene wou den Nazi-Okkupant an d‘Lager verfracht huet, hunn d‘Leed zu Tambow leider net iwwerlieft. Wien zréck an d‘Heemecht koum, huet verständlecherweis net driwwer geschwat.

De President vun der „Amicale des Anciens de Tambow“, Paul Scholer, huet sech natierlech am Numm vu senger Associatioun dëse Gest vun de Lëtzebuerger Rousefrënn entspriechend begréisst an sengersäits drop higewisen, datt et haut nëmmen nach 8 Zäitzeie gëtt, a schléisst sech der Ausso vum Mireille Steil un, datt een dat wat geschitt ass, net dierf vergiessen. Net haut, net muer, ni.

RousDe Paul Scholer, President vun der Amicale des Anciens de Tambow, ass de Lëtzebuerger Rousefrënn immens dankbar, fir dësen immense Gest, deen och eng Unerkennung vun der Aarbecht vu senger Associatioun ass. Hien huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir drun ze erënneren, datt ab dem 23. Oktober och eng Lokomotiv vun der CFL, d‘Erënnerung un eis Zwangsrekrutéierten am Land wäert héich halen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wann déi schänterlech Dote vun deemools aus der Erënnerung sträicht, bestäerkt een net nëmmen d‘Onrecht wat Lëtzebuerger Jongen ugedoe ginn ass, mee et dréit een onweigerlech derzou bäi, datt sech esou eppes widderhuele kann. 165 vun de „Jongen“ sinn am Lager 188 zu Tambow a Kirsanov Gestuerwen. Si waren zwangsrekrutéiert an an ee Krich gezwonge ginn, deen net ze gewanne war.

Rousen si fir d‘Éiwegkeet

D‘Rous „Tambower Jongen“ déi elo ënner Gläichgesënnten an der Roseraie vum Mënsbecher Schlass hir Plaz fonnt huet, wäert och als Ambassadrice vun der Erënnerung op anere Plazen am Land a wéit iwwert eis Grenzen eraus, d‘Geschicht lieweg halen. Si gouf „erschafe“ vum George MacPhail, aus Nova Scotia (Kanada). Ee Rousenziichter dee méi wéi 35 Joer vu sengem Liewen drop verwennt huet, déi „perfekt Rous“ hinzekréien. Op dat him mat dëser Rous gelongen ass?

RousDen Hans van Hage, hat iert dës Rous hiren Numm erhalen huet, keng Anung iwwert dësen Deel vun de Lëtzebuerger Geschicht. Hien, dee gäre bei eis op Besuch kënnt huet sech dann och mat deem, wat den Tambower Jonge sengerzäit geschitt ass, ausenanergesat. © Martine de Lagardère/moien.lu

Fir den Hans van Hage, Chef vun „de Bierkreek“ enger biologescher Rousenziichterei an Holland, ass et keng Fro vu „Perfekt“, dofir éischter eng vun der Robustheet. Hien huet villes zu der Qualitéit vun der Rous „Tambower Jongen“ erzielt, woubäi dat wichtegst wat ee behale sollt, sech drop bezitt, datt wann se zu Nova Scotia an d‘bléi kënnt, da sollt et keen Eck op dësem Planéit ginn, wou si hir Schéinheet net sollt zum Ausdrock brénge kënnen. Dat ass fir d‘Vermaartung en Avantage.

RousD‘Presidentin vun der Associatioun Lëtzebuerger Rousefrënn, Mireille Steil (l) mat der „Dafgiedel“ Alexandra Giannini. Wien net esou mat Rouse verwannt ass, deem sief op dëser Plaz kuerz gesot, datt et déi beschten Zäit ass, d‘Rous „Tambower Jongen“ ze planzen. Dat sot de Hans van Hage, an dee weess Bescheed. © Martine de Lagardère/moien.lu

An dësen esou joviale wéi immens interessante Personnage, deen net ëmmer Rouse geziicht, mee sech Zäit senges Liewes fir d‘Natur engagéiert huet, war ganz houfreg drop – hien huet jo déi ganz Geschicht och eréischt am Kontext vun der Rous kennegeléiert – en Deel vun dësem, jo net nëmme fir d‘Famillje vun den Zwangsrekrutéierten an der Amicale wichtege Projet ze sinn. Si dréit elo derzou bäi, datt d‘Erënnerung un dëst Kapitel vun eiser Geschicht an der ganzer Welt bekannt gëtt.

Patrimoine ass och Erënnerung

De Mënsbecher Buergermeeschter Jean-Paul Jost, dee vu Vertrieder vum Schäffen- a Gemengerot fir d‘Zeremonie begleet gi war, ass eng grouss Éier d‘Rous a senger Gemeng ophuelen ze dierfen. Hie war ëm esou méi erfreet, datt d‘Covid19-Pandemie dës Zeremonie net verhënnert huet an huet sengersäits och nach emol drop higewisen, datt et wichteg ass, dëst däischtert Kapitel an der europäescher Geschicht ni ze vergiessen. Et misst alles ënnerholl ginn, dat et sech net widderhëlt.

RousDe Buergermeeschter Jean-Paul Jost, huet a senger Ried och un déi vill Männer aus senger Gemeng erënnert, déi den „Nazi“ sech gegraff hat, fir se als Handlaanger fir hir gräisslech Doten anzesetzen. Si hunn en héije Präis dofir bezuelt, an hinnen ze Gedenken ass eis Flicht. © Martine de Lagardère/moien.lu

Hie freet sech doriwwer eraus och drop, datt dës Rous vu ville Lëtzebuerger Stied a Gemenge wäert opgeholl ginn. Mee och a senger Gemeng soll d‘Rous „Tambower Jongen“ sech nach op anere Plazen de Bierger ubidden. Si ass de floralesche „Stolpersteen“ deen alle Faschisten a Populiste vun der Neizäit hir pickeg Däre wäert entgéintstrecken, an dat ass gutt esou. Déi aner dierfen sech un hirer Schéinheet erfreeën… A jo, si gëtt vermaart, firwat och dir se bei iech ophuele kënnt.

Si wäert opgrond hirer Geschicht fir esou munch Gespréich mam Noper suergen. D‘Rous huet awer selbstverständlech och en Dafpätter eng Dafgiedel. De Christophe Dohm, konnt leider net derbäi sinn, hien huet als Infirmier seng Flicht bei de Patiente gemaach. D‘Giedel Alexandra Giannini war awer do, an hätt et sech ëm näischt an der Welt huele gelooss, dëst wichtegt Evenement matzedroen. Si sinn allebéid déi drëtt Generatioun vun den Zwangsrekrutéierten, a wësse wéi ee Stellewäert dës Rous an der Geschicht vun der Amicale huet.

Foto: D‘Rous „Tambower Jongen“ vum kanadeschen Ziichter George MacPhail, mam schéine Mënsbecher Schlass am Hannergrond. An dëser Roseraie ass si elo ee floralen Zäitzeien a wäert, wa se elo bis kommerzialiséiert ass, d‘Erënnerung un eis Zwangsrekrutéier duerch d‘Welt droen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Amicale des Anciens de Tambow, Rous Tambower Jongen, Schlass Mënsbech, Tambower Jongen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel