En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 23. August 2020
Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge
Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge
Déi ungaresch Gesondheetsverwaltung mécht Ënnerscheeder tëscht de Risikogebidder, wat zu
De jonke Mann, selwer Awunner vu Volkmarsen, deen um Rouseméindeg an senger Heemechtsstad mat engem Mercedes-Kombi an den Ëmzuch gerannt ass, war sécher net alkoholiséiert, esou de Spriecher vum Parquet zu Frankfurt am Main. Ob de Mann méiglecherweis ënner Drogenafloss ka gestanen hunn géif nach ënnersicht. Den Täter dee selwer blesséiert gouf, kann nach net befrot ginn
Bei dësem gräissleche Virfall sinn 52 Mënsche verletzt ginn, dovunner 18 Kanner. Géint de Mann huet de Parquet eng Enquête wéinst versichtem Doudschlag opgemaach. Um Méindeg huet et awer och nach eng zweet Festnam ginn. En Dabo dee sech geduecht huet dat alles mussen ze filmen ass wéinst „Verletzung vum héchstperséinleche Liewensberäich duerch Filmopnamen“ festgeholl ginn.
Et gëtt an dësem Fall och ermëttelt, ob et e méiglechen Zesummenhang mam Täter gëtt. Nach um spéide Méindegowend hat d‘Police aus Hessen virun der Verbreedung vun angeblechen Täterfotoe gewarnt. E Bild hat besonnesch vill Opmierksamkeet erhalen, firwat d‘Police mat Nodrock versicht huet d‘Leit – mat wéineg Erfolleg – vum verbreede vu falschen Noriichten (Fake News) ofzehalen.
Dës Tragedie, bei där d‘Ëmstänn wéi d‘Motivatioun e Rätsel sinn, huet a ganz Däitschland bei de Leit an der Politik fir Bestierzung gesuergt. Esou huet de Bundespresident Frank-Walter Steinmeier sech déif erschüttert gewisen an sech solidaresch mat den Affer an hire Familljen erkläert. Hien huet och de Rettungsdéngschter, déi séier an effektiv reagéiert haten ee grousse Merci ausgedréckt.
Fir de Landrat vum Krees Waldeck-Frankenberg, Reinhard Kubat, ass et eng gräisslech Tragedie: „hei ass onfaassbares geschitt, en Fait deen d‘Leit net aschätze kënnen“. Hie bedauert datt et sech soll ëm ee bewossten Ugrëff op den Ëmzuch zu Rouseméindeg gehandelt hunn. Woubäi dat zum jëtzegen Zäitpunkt net erwisen ass an ee gutt beroden ass, d‘Resultat vun der Enquête ofzewaarden.
mat indymedia/fra
Illustratioun: Bei eisen däitschen Noperen – a leider net nëmmen do – ass den Haass déif bannen an der Gesellschaft verankert. Anescht loossen sech esou Posts an de sozialen Netzwierker net méi erklären. Ee vun de grousse Problemer heiranner: zum engen de Fakt dat d‘Medien d‘Fudder ginn, an zum aneren, datt dat ganz bewosst a mat Absicht gemaach gëtt.