Vill Emotioune beim „leschte“ Bilan vun de Stater Beruffspompjeeën
Et war dee leschte Bilan, dee gëschter vun der Buergermeeschtesch
Et war dee leschte Bilan, dee gëschter vun der Buergermeeschtesch
Et ass de Premierminister vun de Fidschi, deen d‘Welt bei
Säit dësem Méindeg huet d‘Rout Kräiz d‘Aktivitéite vun der ASBL Muselheem iwwerdroe kritt. Si këmmert sech an Zukunft ëm d‘Hëllef an d‘Soinen doheem, de Foyer de Jour, d‘begleete Wunne fir eeler Leit an de Club Senior Muselheem.
Mat dësem „Changement“ soll de Fortbestand vum Service fir d‘Clientë séchergestallt ginn. Béid Organisatioune kennen sech scho laang an schaffen enk am Reseau HELP zesummen. De Verwaltungsrot vun der ASBL Muselheem huet et begréisst, datt d‘Rout Kräiz sech entscheet huet d‘Associatioun ze iwwerhuelen.
De President vun der ASBL Muselheem, Gust Stefanetti, ass dann och iwwerzeegt, datt d‘Prise en Charge vun de Leit, déi iwwert d‘ASBL déi ugebueden Déngschtleeschtung beusprochen, séchergestallt ass, hinnen nogelauschtert gëtt an si dann ech zefridde wäerte sinn. Dat ass net vu Muttwëll, ëmmerhi geet et ëm d‘Wuel vun 300 Patienten, déi vun 104 Salariéeë betreit ginn.
De Reseau HELP, dee gutt 1.200 Mataarbechter zielt, an op 21 Plazen uechtert d‘Land Soinen doheem ubitt, schafft am Kader vun der Fleege- an der Krankeversécherung. Nieft dem medezinesche Service, ginn och aner Déngschter ugebueden. Wichteg wier et de Leit eng gutt Liewensqualitéit doheem unzebidden.
HELP geréiert dann och nach aacht Foyer de Jour, sechs Club Senior a betreit zwou Strukture vu begleetem Wunnen. Dat de Reseau HELP eng gutt Aarbecht mécht, ass den 28. Mäerz mat der Iwwerreechung vum Label „Service Plus“ ënnerstrach ginn.
D‘Offer riicht sech no de Besoine vun de Patienten: Ergotherapie, Kinesitherapie a psychosozial Ënnerstëtzung sinn hei ee puer Beispiller. Eng gutt Saach ass och déi spezifesch Begleedung vu Mënschen déi d‘Enn vum Liewe virun Aen hunn. Hei gëtt och Récksiicht op d‘Besoinen an d‘Ängschte vun der Famill geholl.
De Reseau HELP huet sech mat ville gudde Partner ëmginn huet. Dozou zielen d‘Spidol Emile Mayrisch, dat interkommunaalt Spidol vu Stengefort, déi scho genannte Servicer vum Roude Kräiz, an d‘ASBLen Muselheem, Syrdall Heem an Uelzechtdall.