Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„En Dag vun der Solidaritéit mat eise Frënn an Tschetschenien“
Neiegkeeten

„En Dag vun der Solidaritéit mat eise Frënn an Tschetschenien“

Zesumme mat der ASTI an Amnesty International hu Militante vun

Ass IMAGO verréckt oder innovativ?
Neiegkeeten

Ass IMAGO verréckt oder innovativ?

Schwaarzen Hannergrond, iwwersiichtlechen Design, hei ass et den Inhalt op

Jonk Konscht Triennal – Opruff zur Participatioun!
Neiegkeeten

Jonk Konscht Triennal – Opruff zur Participatioun!

Als grousst Treffen a Plattform fir jonk KënschtlerInnen dréit déi

Dramatesche Réckgang vu Vullen: Déi Rout Lëscht erweidert sech

Wëll Vulleschutz och Mënscheschutz ass

Dramatesche Réckgang vu Vullen: Déi Rout Lëscht erweidert sech

Gëschter Moien huet natur&ëmwelt op seng Presentatioun zur neier Rouder Lëscht u bréiende Vullen zu Lëtzebuerg invitéiert. D’Resultat ass erschreckend an esou gesäit een, datt de Schutz vun der Natur och virun eiser Dier konsequent muss duerchgezu ginn.

Eng Millioun Planzen- an Déierenaarten si weltwäit bedreet. De Rapport vum Biodiversitéitsrot (IPBES-Rapport), deen am Mee 2019 verëffentlecht ginn ass, weist ganz kloer drop hin, datt net nëmmen de Verloscht un Diversitéit a Schéinheet op eisem Planéit, mee och d’Iwwerliewe vum Mënsch a Fro gestalt gëtt. D’Erweiderung vun der Rouder Lëscht an d’Aartestierwe kann dobäi net mat gutt gemengte Moossname gestoppt gi mee benéidegt ee systematesch Ëmdenken am Konsum a Wuesstem, baséierend op eisem Gesellschafts- a Wirtschaftsmodell.

Ass eist Haus (d’Äerd) ee Mol zerstéiert, esou gëtt et keng Upassungsstrategie méi. An och Lëtzebuerg bleift net virum Planzen- an Déierestierwe verschount. Am Géigendeel: D’Situatioun vun eisen Insekten, dem Moos, de Vullen a villem méi ass alarméierend. Aus dësem Grond hunn sech d’Association des Biologistes Luxembourgeois (ABIOL), de Mouvement Ecologique Asbl (MECO), den natur musée (MNHN), natur&ëmwelt Asbl an d’Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) zesummen zur Rouder Lëscht vun de bedreete Vullenaarten zu Lëtzebuerg geäussert.

Rout Lëscht

De Piwitsch (Vanellus vanellus) steet zënter 1992 op der Rouder Lëscht

Dramatesche Réckgang vun Allerweltsvullen

Déi Rout Lëscht vun de bedreeten Aarten huet virun allem bei deenen ee grousse Stellewäert, déi sech fir den Erhalt vun der Biodiversitéit asetzen. Fir d’Ëffentlechkeet gëllt si als Alarmsignal, als Message fir den Zoustand vun der natierlecher Ëmwelt. Zu Lëtzebuerg ass déi Rout Lëscht vu bréiende Vullen am Joer 1975 opgestallt ginn. Zënter 2005 iwwerpréift d’Centrale Ornithologique vun natur&ëmwelt Asbl systematesch all fënnef Joer de Contenu.

Fest steet: Méi wéi d’Halschent vun alle bréiende Vullen zu Lëtzebuerg si schonn ausgestuerwen (13 Aarten), vum Ausstierwe bedreet (7 Aarten), staark bedreet (8 Aarten), generell bedreet (11 Aarten) oder op der Virwarnlëscht (24 Aarten).

Ganzer 36% vun de bréiende Vullen zu Lëtzebuerg notzen de Bësch als Haaptliewensraum. Besonnesch op Fiichtwisen (91%), um Waasser (76%), op Felder (100%) an um Kulturland (52%9 sinn d’Villercher besonnesch betraff. Am Duerchschnëtt maachen hei déi bedreet Aarten, déi d’Ackerland als Liewensraum notzen zwar „just“ 7% vun de gesamte bedreete Vullenaarten am Land aus. Domat sinn awer gläichzäiteg 100% vun den Aarten, déi u Felder a Wise gebonne sinn op der Rouder Lëscht vertrueden.

Léiweck, Neimäerder, Piwitsch an Tureil: D’Symboler vun de bedreete Vullenaarten

Unhand vu véier Vullenaarte gëtt de staark bedreete Bestand an ironescher a konsequenter Aart a Weis presentéiert. Am beschten kommen nämlech déi zu Wuert, déi ënnert der Situatioun leiden.

D’Jill Feldléierchen – Fäert ëm hiren Nowuess

De Léiweck (Alauda arvensis) war bis 2005 nach op der Virwarnlëscht, gëllt awer zënter 2009 als bedreet Aart. Duerch ee konsequente Populatiounsréckgang ëm méi wéi 20% – an dat trotz relativ héijer Unzuel u bréienden Koppelen (4200 bis 5600 landeswäit) gëllt d’Jill a seng Kollegen als bedreet (VU). Bedéngt gëtt dës dramatesch Situatioun duerch ee Manktem u Fudder, ënnert anerem duerch den Asaz vu Pestiziden.

D’Intensivéierung vun der Landwirtschaft a virun allem de staarken Gebrauch vun Insektiziden vernichten déi wichteg Insekten, mat deenen jonk Vullen gefiddert ginn. Dicht Beplanzung léisst manner Sonn un de Buedem kommen, wouduerch d’Insekten och stierwen. Oppene Buedem gëtt mat Goudron zougeschott, Planzeschutzmëttel vernichten all Onkraut an domatg och wichtegt Fudder, an och am Wanter ginn et kaum nach sougenannt Stoppfelder.

Rout Lëscht

De Pit „Grousse Groen“ Neimäerder – Vum Ausstierwe bedreet

De Grousse Groen Neimäerder (Lanius excubitor) huet an de leschten 10 Joer bal 90% vu sengem nationale bréiende Bestand verluer. Och Schutzmoossname konnten dësen Zesummebroch net verhënneren, wouduerch d’Bestänn an der ganzer Groussregioun quasi ganz verschwonne sinn. Am Joer 2014 ass dës Vullenart vu „staark bedreet“ zu „vum Ausstierwe bedreet“ ëmklasséiert ginn. Mëttlerweil kënne just nach 5 bis 10 bréiend Koppelen am Land gezielt ginn.

De Pit steet, duerch seng Ofhängegkeet vu Kulturlandschafften mat Hecken, Beem, Stänn, räichhaltege Weeër a Felder, fir d’Schicksal vun 29 typeschen Aarten, déi vun dësem Liewensraum ofhängeg sinn. Och hei zielen d’Versigelung an d’Intensivéierungvun der Landwirtschaft zu den Haaptgrënn vu sengem Verloscht. D’Landschaft ass einfach net méi gemaach fir de Grousse Groen Neimäerder, an och hei mécht den Asaz vu Pestiziden d’Sich no Fudder schwéier. Donieft gëtt dës Vullenaart oft vum Mënsch gestéiert.

Rout Lëscht

De Pol Piwitsch – Säit 1992 op der Rouder Lëscht

An de 60er Joren konnt de Piwitsch (Vanellus vanellus) sech no 40 Joer Absence nees erfollegräich zu Lëtzebuerg etabléieren. Mat der Zerstéierung vu sengem Liewensraum ass de Bestand leider net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och an eisen Nopeschlänner drastesch zeréckgaangen. Zënter engem Joerzéngt steet dës Vullenaart elo op der Rouder Lëscht. De Status bestätegt sech 2019 mat 3 bis 10 iwwreg bliwwene bréiende Koppelen.

Als Vertrieder vun de Fiichtwisen lieft de Pol an engem vun de bedreetste Liewensraim. Vun den 12 Vullenaarten, déi hei bréien, sinn der 11 ausgestuerwen, dorënner och d’Brongkehlchen an d’Bekassine. Doduerch, datt de Piwitsch just ee Mol am Joer Eeër leet an d’Landwirtschaft enorm intensivéiert ginn ass, kritt dëse Vull et net einfach gemaach. Nieft dem Asaz vu Pestiziden an der dichter Vegetatioun suergt och de Wiessel vu Summer- zu Wanterweess fir Problemer. Bréiend Koppele gi leider oft vum Mënsch gestéiert an och bei der Juegd kënnt et ëmmer nees zu Verloschter vun dëser Vullenaart.

Rout Lëscht

D’Julie Schleiereil – Fënnt keng Dunne méi

Fréier huet een d’Julie a seng Aartgenossen an all Duerf op den Häff fonnt. Mëttlerweil fënnt d’Schleiereil (Tyto alba), als Vertrieder vum Siddlungsraum, allerdéngs keng Plaz méi, fir ënner ze kommen. Méi wéi 20% vun de Bestänn sinn an de leschte fënnef Joer zeréckgaangen a mat 100 bis 150 bréiende Koppele gehéiert d’Schleiereil mëttlerweil zu de bedreeten Aarten.

Schold um dramateschen Zesummebroch vun der Populatioun ass op der enger Säit d’Vergitterung vun de Kierchtierm – eigentlech wëll een esou d’Dauwen ewech halen, sou wéi op der anerer Säit déi ganz Verbarrikadéierung vun eisen Haiser. Heirënner leiden och divers Fliedermausaarten an d’Schmuewelen. Dobäi kënnt, datt d’Bongerte verbaut ginn, Gäert duerch steril Steng ersat ginn an d’Intensivéierung vun der Landwirtschaft a Kombinatioun mat neien Techniken Drock op d’Ëmwelt ausüübt.

Rout Lëscht

Et dierf eis net kal loossen!

Wann d’Halschent vun alle bréiende Vullenaarten zu Lëtzebuerg ausgestuerwe sinn, vum Ausstierwe bedreet oder generell bedreet sinn, da kann een net méi ewech kucken. De Réckgang vun den zuelräichen Aarte bedeit dobäi net nëmmen den tragesche Verloscht u Schéinheet an Diversitéit an eiser Natur mee och ee reduzéiert Wuelbefanne vum Mënsch.

D’Wëssenschaft an Naturschutzverbänn riichten sech mat dësen neien Daten un d’Gesellschaft an d’Politik. Et muss gehandelt ginn an de Verloscht vun eiser Biodiversitéit muss endlech unerkannt ginn. Wéi och den UNO-Biodiversitéitsrot, fuerderen d’Acteuren:

  • Datt de Gesellschafts- a Wirtschaftsmodell hannerfrot gëtt. Besonnesch Lëtzebuerg, als Land wat schonn Ufank Februar den Earth Overshoot Day erreecht huet, muss aktiv ginn an de kontinuéierleche Bevëlkerungswuesstem a Fro stellen.
  • Eng konsequent Reform vun der Landwirtschaftspolitik, bei där de Prinzip vu „Wuess oder Verschwann) duerch eng flächegebonnen regional Landwirtschaft, baséierend um Biolandbau, ersat gëtt. Heivir muss
    • d’Landwirtschaft generell ëmorientéiert ginn, sou datt just nach déijéineg Subventioune kréien, déi natierlech Ressourcen an d’Biodiversitéit schounen
    • nieft dem spezifesche Biodiversitéitsschutz och de Biolandbau zu 100% op de Flächen agefouert ginn
    • ee Maart fir Bioproduite bei allen Attributioune vun der ëffentlecher Hand geschaf ginn
  • Ee strikt Verbuet vu Pestiziden
  • Eng fortschrëttlech Naturschutzpolitik, beispillsweis duerch d’Widerhierstellung vun minimum 20% naturnoe Flächen, déi priotiär Ëmsetzung vum nationalen Naturschutzplang, d’Renaturéierung vu Fiichtgebidder, fléissende Gewässer an Dréchebiotoper, d’Fërderung vu villfältegen naturnoe Liewensraim oder och d’Sensibiliséierung vu Privatleit
  • Der neoliberaler Globaliséierung, déi virun allem op Käschte vun der sougenannter Drëtter Welt geet, een Enn gesat ginn a Lëtzebuerg muss sech géint Mercosur, CETA an aner Verträg stellen

Nach ass et méiglech, de kommende Generatiounen eng liewenswäert Natur an Ëmwelt, sou wéi och d’Schéinheet an de Räichtum un Aarten ze hannerloossen.

Ähnlech Sujeten ABIOL, Bedreet Vullenaarten, Biodiversitéit, Ëmwelt, Grousse Groen Neimäerder, IPBES-Rapport, Léiweck, Liewensraum, Mouvement Ecologique, Natur, natur&ëmwelt, Naturmusée, Piwitsch, Rout Lëscht, Schleiereil, SNL, Weltbiodiversitéitsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel