Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frankräich: vun 90 op 80Km/H fir manner Doudeger op de Stroossen
la grande oregon dating

Frankräich: vun 90 op 80Km/H fir manner Doudeger op de Stroossen

Onpopulär awer néideg… haut annoncéiert déi franséisch Regierung d‘Erofsetze vun

https://moien.lu/dating-tinder-reddit/
la grande oregon dating

speed dating kalamunda

Lëtzebuergesch ass net ëmmer eng einfach Sprooch. Do kann ee

E Rakéitewerfer am Reesgepäck
la grande oregon dating

E Rakéitewerfer am Reesgepäck

D‘Amerikaner si speziell an hunn en Hang zum „Aussergewéinlechen“. Zudeem

De Roy Moore scheitert a gëtt engem nei Hoffnung

E Kommentar

De Roy Moore scheitert a gëtt engem nei Hoffnung

D’Angscht, datt d’Joer 2017 grad esou schlëmm géif ginn wéi 2016, gouf gréisstendeels bestätegt. Mee heiansdo ginn et se dann dach: Déi kleng Liichtblécker, déi engem e bësschen d’Vertrauen an d’Mënschheet erëm zeréck ginn. Datt de Roy Moore an Alabama net gewielt ginn ass, gehéiert do eendeiteg dozou. Och wann d’Marge vun de Stëmme denkbar geréng war.

Vir vill war et eng laang a batter Campagne! Si krut ëmsou méi Opmierksamkeet, well de Roy Moore oppen homophob ass a well e mannerjäreg Frae soll belästegt an deels gedated hunn. Dat huet dann och dozou gefouert, datt Perséinlechkeeten aus der republikanescher Partei sech vun him distanzéiert hunn. Wat dunn zu dësem historesche Verloscht an dëser republikanescher Héichbuerg gefouert huet.

Een huet sech allerdéngs net distanzéiert: Den amerikanesche President himself, den Donald Trump. Deen huet de Roy Moore widderhuelt ënnerstëtzt. An domat ass deem säi Verloscht och zugläich eng op de Back fir de President, dee selwer wéinst sexuellem Feelverhalen ugegraff gëtt. An et ass net déi éischt, déi e verpasst krut huet.

D’Majoritéit fir d’Republikaner am Senot gëtt mat dëser Néierlag vum Roy Moore méi kleng. Ass dëst e Virzeechen fir d’Midterms 2018?

Mee et ass net nëmmen dem Trump säi Problem. Et ass och de Republikaner hiren: De Roy Moore war en héichgradeg problematesche Kandidat. An doduerch, datt e verluer huet, geet d’Majoritéit vun de Republikaner am Senot vun 52 op 51 Sëtzer vun 100 erof. Dëst wäert all weider Decisioun vum Presidenten nach méi wackeleg maachen. Well et sinn oft déi eege Leit, déi géint d’Entwërf vun der Regierung stëmmen.

Interessant ass dann och, wien eigentlech fir oder géint de Moore gestëmmt huet. Stellt sech eraus, dat schwaarz Fraen a Männer zu iwwer 90% fir den demokratesche Kandidat Doug Jones gestëmmt hunn. Deen iwwregens an der Vergaangenheet Klu Klux Klan Memberen strofverfollegt huet. Heiansdo ginn gutt Doten dann awer belount.

Foto: JOE RAEDLE / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Ähnlech Sujeten Alabama, Donald Trump, Doug Jones, Roy Moore, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel